Oppositioun (Astronomie)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Konjunktion.png

Als Oppositioun nennt een an der Astronomie den Aspekt, bei deem zwéin Himmelskierperen um Himmel am Wénkelofstand vun 180 Grad stinn. Am Regelfall interesséiert nëmmen d'Oppositioun vun engem Himmelskierpers zu der Sonn, well an dësem Fall ass den Himmelskierper déi ganz Nuecht iwwer ze gesinn, woubäi hien ëm Hallefnuecht am héchsten iwwer dem Horizont steet. An zäitlecher Noperschaft zu der Oppositioun gëtt ausserdeem de kierzten Äerdpfstand erreecht, wat fir äerdgebonnene Observatiounen natierlech gënschteg ass. Allerdéngs gëtt wéinst der Exzentrizitéit vun der Planéitebunnen de kierzten Äerdofstand dacks net exakt zum Oppositiounszäitpunkt erreecht, obschonn déi optriedend Differenz vun e puer Deeg am Regelfall ouni praktesch Bedeitung ass.

Stinn zwéin Himmelskierpere bal zur gläicher Zäit an Oppositioun zu der Sonn, sou kann et wéinst der visueller Schläifebunnen (Oppositiounsschläif) vun de bedeelegten Himmelskierper zu enger sougenannter dräifach Konjunktioun kommen. Dobäi begéine sech déi zwéin Himmelskierperen dräimol am zäitlechen Ofstand vu nëmmen e puer Méint.

Steet den Äerdmound an Oppositioun zu der Sonn, sou hu mer Vollmound.

Himmelskierper, déi wéi déi bannescht Planéitem Merkur a Venus d'Sonn ëmlafen, kënnen ni an Oppositioun kommen a sinn dofir nëmmen Owes oder Mueres um Himmel ze gesinn, awer net déi ganz Nuecht.