Horizont
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Horizont (griich. ορίζοντας „de Gesiichtskrees“) ass d'Grenzlinn tëschent der visueller Äerd an dem Himmel. Déi vum Horizont opgespaante Fläch ass d'Horizontfläch, si steet rechtwénkleg zu der Zenitrichtung.
Inhaltsverzeechnes |
Prezis Definitiounen [änneren]
Genee gekuckt gëtt et e puer Bedeitungen, déi sech all duerch ënnerschiddlech Siichtwäiten a schäinbar Distanzen zum Horizont ënnerscheeden:
- Geometreschen Horizont,
- Opteschen Horizont: Duerch d'Liichtbriechung erschéngt den Horizont méi wäit ewech an d'Äerd méi grouss.
- Radiohorizont: Radiowellen verhalen sech ähnlech wéi d'Liicht. Och héi gëtt d'Briechung duerch ee gréisseren schäinbaren Äerdduerchmiesser berücksichtegt.
- Nauteschen Horizont, Kimmung, Kimmlinn: dee natierlechen Horizont um Mier.
- Natierlechen oder Landschaftshorizont: d'Grenzlinn tëschent Himmel an Äerd, wéi si vun de lokale Bedingungen (vun der Landschaft) ofhänkt.
Horizontfläch ass d'Fläch vum geometreschen Horizont. D'Vertikal op dëser Fläch schneit d'Himmelssphär an Zenit an Nadir.
Horizont an der Nautik, Kimmlinn [änneren]
D'Kimm ass déi op oppenem Mier visuell Grenzlinn tëschent Waasser an Himmel. Op si bezéien sech d'Miessunge vun Héichtewénkelen z. B. mat engem Sextant.
Horizont an der Mathematik, Astronomie a Geodesie [änneren]
Bléck op den Äerdhorizont (Space Shuttle Endeavour, 2002)
Den Horizont am mathematesche Sënn ass e Grousskrees, deen d'Sphär oder Himmelskugel an zwou gläich Halschenten deelt.
- Geometreschen Horizont
- ee Grousskrees deen an der Astronomie zwéi Bezugspunkte kennt:
- Geozentreschen (richtegen) Horizont: d'horizontal Fläch geet duerch den Äerdmëttelpunkt
- Topozentreschen (schäinbaren) Horizont: duerch eng Plaz un der Äerduewerfläch, respektiv duerch d'Plaz Observateur. Den Ënnerscheed am Héichtewénkel vun engem Himmelskierper entsprécht der Parallax, während den Azimut deeselwechten ass.
Kuckt och [änneren]
- Dämmerung, Sonnenopgang, Sonnenënnergang
- Kënschtlechen Horizont – Miessinstrument