Zenit (Richtung)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Diagramm weist d'Bezéiungen tëschent Zenit, Nadir an Horizonten: Nadir a Zenit si Géigepolen.

De Zenit vun engem Punkt op der Äerduewerfläch ass déi no uewe verlängert physikalesch Senkelrichtung, d'Vertikal op d'Horizontfläch. Et ass de Punkt um Himmel, dee genee iwwert dem Observateur ass. De Fousspunkt gëtt Nadir genannt.

Den Numm kënnt vum arabesche samt „Wee, Strooss, Richtung“ oder méi genee vu samt ar-ra′s „Richtung vum Kapp, Scheetpunkt“. Duerch Schreiffeeler a falscht Liese gouf a mëttelalterlechen Texten aus samt, cemt oder zemt an dat zu cenit respektiv zenit.

Op enger geduechtener kugelfërmeger Äerd wier de Zenit de Stral, dee vum Mëttelpunkt vun der Äerd aus (vertikal zu der Äerduewerfläch) no uewe verleeft. Op der Referenzellipsoid vun der Geodesie ass et d'Ellipsoidnormal.

De Wénkelofstand vun engem Himmelskierper zum Zenit ass d'Zenitdistanz an ass domatt de Komplementarwénkel vun der astronomescher Héicht. All Himmelskierper, déi am Laf vum Dag den héchste Punkt vun hirer schäinbarer Bunn um Zenit erreechen, hunn eng Deklinatioun, déi der geographescher Breet vum Observateur gläichkënnt.

[änneren] Kuckt och

Azimut, deen deselwechten Wuerturspronk huet

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen