Mier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Mier ass d'Gewässer dat ronderëm d'Kontinenter fléisst. 70 % vun der Äerd si vu Mierer bedeckt.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Salzgehalt vum Mierwaasser

D'Mierwaasser ass salzeg, well et Mineraler enthällt, déi am Laf vun Joermilliounen vun de Flëss an d'Mier gefloss sinn. Dat heefegst Salz am Mier ass den Natriumchlorid. Mä et fënnt een och aner léislech Mineraler, wéi z.B. Sulfat, Calcium a Magnesium. Den normale Salzgehalt vum Mier läit bei 3,5 %.

[änneren] De Buedem vum Mier

Den Buedem vun de Mierer besteet aus Bierger, déi bei wäitem méi grouss sinn wéi déi op der Landiwwerfläch. Si gi mëttelozeanesche Réck genannt. Hei quëllt Magma aus der Äerd eraus an erstarrt. Sou entsteet neie Mieresbuedem. Duerch dës Vergréisserung vum Mieresbuedem ginn d' Vulkaner, déi iwwert den Hot Spots entstane sinn, ëmmer méi wäit ewech vun hire Magmaquellen an erläschen. Mat der Zäit gi si ofgedroen a verschwannen zréck am Mier. Déi bis ënnert de Mieresbuedem ofgedroe Vulkaner bilden Ënnerwaasserbierger, déi ee Seamounts nennt.

[änneren] Di verschidde Mierer

Et ënnerscheet een folgend Ozeaner:

an hir Niewemierer. Zu hinne gehéieren ënner anerem:

[änneren] Déi fënnef gréisst Mierer

Numm vum Mier Fläch (km²) Duerschnëttlech Déift (m)
Pazifik 166.229.000 4.028
Atlantik 86.551.000 3.926
Indeschen Ozean 73.422.000 3.963
Nordpolarmier 13.223.000 1.205
Südchinesescht Mier 2.975.000 1.652
Commons: Oceans – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen