Indeschen Ozean
Den Indeschen Ozean (kuerz: Indik, op indonesesche Kaarten och Indoneseschen Ozean genannt) ass mat 74,9 Millioune km² (ca. 14,7% vun der Uerwerfläch vun der Äerd) deen drëttgréissten Ozean op der Äerd. Seng déifste Plaz ass 8047 Meter ënnert dem Niveau vum Mier. E grenzt un d'Antarktis, den afrikaneschen, asiateschen an den australesche Kontinent a faasst e Volume vun ca. 291,9 Mio km³.
Inhaltsverzeechnes |
Niewemierer[änneren]
Zu den Niewemierer gehéiereren d'Andamanemier, d'Arabescht Mier, de Golf vu Bengalen, d'Grouss Australesch Bucht, de Golf vun Aden, de Golf vun Oman, de Kanal vu Mosambik, de Persesche Golf, d'Rout Mier an d'Strooss vu Malakka.
Inselen[änneren]
Am Indeschen Ozean leien d'Inselstaaten Indonesien, Madagaskar a Sri Lanka. Eegestänneg Inselgruppe sinn d'Komoren (mam franséischen Departement vun déisäit dem Mier Mayotte), d'Seychellen, Sansibar (mat der Insel Pemba) an d'Malediven. D'Inselgrupp vun de Maskarenen setzt sech zesummen aus Mauritius mat der Insel Rodrigues an dem franséischen Iwwerséidepartement La Réunion.
D'Inselgrupp Sokotra gehéiert zu derr Republik Jemen. Den indeschen Uniounsterritoire Andamanen an Nikobaren besteet aus den Inselgruppen Andamanen an Nikobaren. D'Inselgruppe Lakkadiven an Amindiven an och d'Insel Minicoy bilden bilden zesummen den indeschen Uniounsterritoire Lakshadweep.
De Chagos-Archipel mat der Haaptinsel Diego Garcia ass dee leschte Briteschen Territoire am Indeschen Ozean. D'Insel Phuket gehéiert zu Thailand.
Zu Australien gehéieren d'Chrëschtdagsinsel, d'Kokosinselen, d'Heard- a McDonald-Inselen, d'Ashmore- a Cartier-Inselen.
Zum Indeschen Ozean gehéiere weiderhin d'Franséisch Süd- an Antarktisterritoiren Kerguelen.
Hafestied um Indeschen Ozean[änneren]
- Chennai (Indien)
- Colombo (Sri Lanka)
- Dar es Salaam (Tansania)
- Durban (Südafrika)
- East London (Südafrika)
- Jakarta (Indonesien)
- Kolkata (Indien)
- Melbourne (Australien)
- Mombasa (Kenia)
- Mumbai (Indien)
- Perth (Australien)
- Port Elizabeth (Südafrika)
- Richards Bay (Südafrika)
Kuckt och[änneren]
| Commons: Indeschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Literatur[änneren]
- Peter Lehr: Region Indischer Ozean - Illusion oder Realität? Heidelberg, 2004
- Stephan Conermann (Hg.): Der Indische Ozean in historischer Perspektive, EB-Verlag, Hamburg 1998 (= Asien und Afrika 1), ISBN 3-930826-44-5