Rout Mier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Rout Mier ass e laangezunnent Bannemier tëscht Asien an Afrika.
Et ass 1800 km laang mee néierens méi breet wéi 360 km. Deen déifste Punkt lät 2604 m ënnert dem Mier; an der Moyenne ass et 558 m déif. D'Rout Mier spléckt sech am Norden an zwou Buchten: den déiwe Golf vun Akaba an de westlechen, vill manner déiwe Golf vu Suez. Am Süden geet et, via de Bab el Mandeb an de Golf vun Aden iwwer, en Ausleefer vum Indeschen Ozean. D'Rout Mier grenzt am Norden un Israel a Jordanien, am Osten u Saudi-Arabien a Jemen an am Westen un Eritrea, Sudan an Egypten.
Zu den Originne vum Numm "Rout Mier" ginn et verschidden Theorien: Entweder gëtt en op d'Algen zeréckgefouert, déi em heiansdo eng roudelzech Faarf ginn, oder op der Fait, dass am ale Perseschen d'Himmelsrichtungen no Faarwe benannt goufen, a "rout" de Süde bezeechent huet. Eng weider Theorie bezitt et op d'roudelzech Sandsteefielsen an Eritrea, deenen hir Faarf op d'Mier iwwedroe gi wier.
| Commons: Rout Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien |