Eritrea

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eritrea, op Tigrinya Eritrea an op Arabesch Iritriyya, ass ee Staat an Nordostafrika.

Regierung a Parteien[änneren | Quelltext änneren]

Staats- a Regierungschef ass zanter 1993 den Isayas Afewerki. Am Parlament sëtze Leit vun der Eenheetspartei, der People's Front for Democracy and Justice, där hire Generalsekretär den Afewerki ass.

Onofhängegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Eritrea ass eng fréier Provënz vun Ethiopien, déi de 24. Mee 1993 onofhängeg gouf. Zanterhier ass tëscht béide Länner en Dauerkonflikt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eritrea – Biller, Videoen oder Audiodateien