Togo

Vu Wikipedia


République Togolaise
Togolesesch Republik

Fändel vun Togo

Wope vun Togo

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Franséisch
Haaptstad: Lomé
Staatsform: Republik
 • President: Faure Gnassingbé
 • Premierministesch: Victoire Tomegah Dogbé
Fläch: 56.785 km²
Bevëlkerung: 6.587.239 (2011)
 • Bevëlkerungsdicht: 97/km²
Onofhängegkeet: 27. Abrëll 1960 vun Frankräich
Nationalhymn: Salut à toi, pays de nos aïeux
Wärung: Westafrikaneschen CFA-Frang (XUF)
Zäitzon: UTC  
Internet TLD: .tg
Internationalen
Telefonsprefix
:
+228

Togo, op Franséisch République togolaise, ass e Staat a Westafrika. D'Haaptstad vum Togo ass Lomé.

Den Numm vun der Republik kënnt aus der Ewe-Sprooch a setzt sech zesummen aus to („Waasser“) a go („Ufer“).

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Déi offiziell Sprooche si Franséisch, Kabyé an Ewe.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Togo ass e schmuelt laanggezunnt Land tëscht Ghana am Westen an dem Benin am Osten. Et ass net méi wéi 90 km breet mä zitt sech vun Norde bis Süden iwwer 700 km tëscht dem Burkina Faso an dem Golf vu Guinea. D'Land huet eng Fläch vun ongeféier 56.000 km².

Topographesch gëtt et eng grouss Diversitéit u Relieffer: et fënnt een d'Küst, Flaachland, Plateauen, Bierger an Däller. D'Vegetatioun deelt sech a Bëscher mat tropeschem a fiichtem Klima am Süden an a Savannen am Norden.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Togo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FAO: L'irrigation en Afrique en chiffres – Enquête AQUASTAT 2005 - Togo