Ethiopien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Africa stub icon.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Demokratesch Bundesrepublik Ethiopien
የኢትዮጵያ ፌዴራላዊ ዲሞክራሲያዊ ሪፐብሊክ
yä-Ityop̣p̣əya Federalawi Dimokrasiyawi Ripäblik

Fändel vun Ethiopien

Wope vun Ethiopien

Detailer

Detailer
Ethiopia (Africa orthographic projection).svg
Offiziell Sprooch: Amharesch
Haaptstad: Addis Abeba
 • Awunner: 3.230.000 (2009)
 • Koordinaten: Gnome-globe.svg9° 1’ 0’’ N
     38° 45’ 0’’ O
Staatsform: Parlamentaresch Bundesrepublik
 • President: Mulatu Teschome
Fläch: 1.104.300 km² (27.)
 • Dovu Waasser: 0,7 %
Bevëlkerung: 87.952.991 (2014) (14.)
Nationalhymn: የዜግነት ክብር (Wädäfit Gäsgeshi Wudd Ennate Ityop’ya - Marschéier virun, léif Mamm Ethiopien)
Währung: Ethiopesche Birr (ETB)
Zäitzon: UTC +3
Internet TLD: .et
Internationalen
Telefonsprefix
:
+251

Ethiopien (op Amharesch: ኢትዮጵያ) ass e Staat am Oste vun Afrika.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Déi gréisste Stied an Ethiopien

Ethiopien grenzt un Eritrea am Norden an am Nordosten, und Dschibuti a Somalia am Osten, un de Sudan an de Südsudan am Westen an u Kenia am Süden.

Mat iwwer 87 Milliounen Awunner ass Ethiopien dat Land op der Welt mat de meeschten Awunner, dat keen Accès zum Mier huet, an no Nigeria dat afrikanescht Land mat der gréisster Bevëlkerung.

Déi gréisste Stad ass d'Haaptstad Addis Abeba.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vun Ethiopien geet bis an d'9. Joerhonnert zréck. Mat Ausnam vun enger kuerzer Besetzung virun a während dem zweete Weltkrich duerch Italien war dat deemolegt Keeserräich Abessinien den eenzege Staat an Afrika, deen ni ënner europäesch Kolonialherrschaft gefall ass. Nom zweete Weltkrich huet de Keeser Haile Selassie d'Land deelweis moderniséiert. 1974 gouf d'Monarchie gestierzt an duerch e kommunistesche Regime ersat. D'Militärdiktatur, déi vum Ostblock ënnerstëtzt gouf, ass 1991 an engem Biergerkrich gefall. D'Rebellegrupp EPRDF huet sech zënterhier als Regierungspartei etabléiert a regéiert d'Land an engem federale System op eng autoritär Manéier.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ethiopien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Gnome-globe.svg Wikimedia-Atlas: Ethiopien (en)
Wikitravel.png WikiTravel: Ethiopien (en)