São Tomé a Príncipe

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


São Tomé a Príncipe

Fändel vu São Tomé a Príncipe

Wope vu São Tomé a Príncipe

Detailer

Detailer
National Devise: Unidade - Disciplina - Trabalho
Location São Tomé and Príncipe AU Africa.svg
Offiziell Sprooch: Portugisesch
Haaptstad: São Tomé
 • Awunner: 53 300
 • Koordinaten: 0°20′N 6°44′E
Staatsform:
 • President: Manuel Pinto da Costa
 • Premierminister: Gabriel Costa
Fläch: 1 001 km²
Bevëlkerung: 206.178(1.7.2008)
 • Bevëlkerungsdicht: 187/km²
Onofhängegkeet: 12. Juli 1975 (vu Portugal)
Nationalfeierdag: 12. Juli
Nationalhymn: Independência total
Währung: Dobra (STD)
Zäitzon: UTC GMT
Internet TLD: .st
Internationalen
Telefonsprefix
:
+239

São Tomé a Príncipe, ass en Inselstaat am Golf vu Guinea an Zentralafrika. Den offiziellen Numm vum Land ass República democrática de São Tomé e Príncipe. Den Archipel läit ongeféier 200 km virun der Afrikanescher Küst westlech virun Equatorialguinea a Gabun.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vu São Tomé a Príncipe

São Tomé a Príncipe ass no de Seychellen deen zweetklengsten Afrikanesche Staat. E besteet aus deenen zwou Haaptinsele São Tomé a Príncipe, déi aus Vulkanen entstane sinn, déi haut net méi aktiv sinn. Et gehéieren nach e puer Inselcher zum Inselstaat, wéi beispillsweis d'Insel Rolas südlech vu São Tomé, déi direkt op dem Equator läit.

Iwwer 90 % vun den Awunner liewen op São Tomé. Op dëser Haaptinsel, déi 48 km laang an 32 km breet ass, läit d'Haaptstad déi dee selwechten Numm dréit: São Tomé. Den héchste Bierg ass 2.024 m héich.

Déi méi kleng Haaptinsel Príncipe läit 152 km nordwestlech vu São Tomé an ass 16 km laang a 6 km breet. Déi héchst Kopp ass 927 m héich.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Den equatoriale Klima variéiert vun extrem fiicht bis semiarid. Et gëtt zwou kloer definéiert Saisone, déi waarm Saison, vu September bis Mee, an eng kill Saison vu Juni bis August. D'Lofttemperatur huet e Joresmëttel vu maximal 29,4 °C a minimal 21,4 °C. Extremwerter kënnen no uewen 32,4 °C an no ënnen 15,4 °C erreechen. An der killer Joreszäit ass d'Wieder am agreabelsten, et bléist eng konstant erfrëschend Lëftchen.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der offizieller Sprooch Portugisesch, déi als Lingua franca benotzt gëtt, ginn zu São Tomé a Príncipe nach dräi Variante vu Kreol geschwat, déi op Portugisesch a westlech Bantu-Sproochen zréckzeféiere sinn:

  • Forro (och nach Saotomense genannt, op São Tomé)
  • Lunguye (och nach Principense genannt, op Príncipe) an
  • Angolar (mat der angolanescher Sprooch Kimbundo verwandt, op São Tomé).

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'Republik besteet zanter der Onofhängegkeet 1975. D'Verfassung datéiert vun 1990. D'Parlament (Assembléia Nacional) huet 55 Memberen, déi fir véier Joer gewielt ginn. De President gëtt all fënnef Joer direkt gewielt. Mat 18 Joer däerf ee wiele goen.

Geschicht an Economie (Resumé)[änneren | Quelltext änneren]

Den Archipel gouf vun de Portugisen am 15. Joerhonnert entdeckt an zu hirem Besëtz erkläert. D'Economie huet Joerhonnerte laang op Sklaverei a Plantage gefousst, fir d'éischt gouf Zocker produzéiert, am 19. Joerhonnert du verstäerkt Kaffi a Kakao. Obwuel d'Sklaverei offiziell ofgeschaaft war, hunn ähnlech Produktiounsweise bis an d'20. Joerhonnert eran iwwerlieft. Zanter 1908 ass den Archipel weltwäit dee gréisste Kakaosproduzent.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kathleen Becker (2008). Sao Tomé and Príncipe. 1st edition, 240 p. Bradt travel guides. Bucks, UK. ISBN 978-1-84162-216-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: São Tomé a Príncipe – Biller, Videoen oder Audiodateien
De Süde vun der Insel São Tomé mat Vue op d'Insel Rolas.
Satellittebild (NASA)