Archipel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E bekannt Beispill: de Galápagos-Archipel (Satelittebild vun der NASA)

En Archipel [arçi'pe:l], vum laténgeschen Archipelagus, bezeechent eng inselräich Mieresgéigend. Am wëssenschaftleche Sënn ëmfaasst en Archipel d'Land- a Mieresgebitter vun enger inselräicher Regioun. De Begrëff gëtt haut meeschtens als Synonym fir Inselgrupp benotzt, enger Usammlung vun Inselen déi relativ no beieneen leien.

D'Wuert Archipel besteet aus den zwee griichesch Begrëffer αρχι- (archi- = "Haapt-") an πέλαγος (pelagos = "Mier") an huet ursprénglech nëmmen déi inselräich Géigenden an der Ägäis bezeechent. Eréischt zanter dem Ufank vum 13. Joerhonnert ginn Mieresregiounen mat gréisseren Inselgruppen – baussent der griichescher Ägäis – och als Archipel bezeechent.

Den Ënnerscheed zu enger renger Inselgrupp ass evident: eng Inselgrupp ass eben just eng Grupp vun Inselen; den Archipel ëmfaasst eng Inselgrupp zesummen mat dem Mier wat dotëscht a ronderëm läit.

Gréisser Inselgruppen an Archipelen[änneren | Quelltext änneren]

Atlanteschen Ozean[änneren | Quelltext änneren]

Pazifeschen Ozean[änneren | Quelltext änneren]

Indeschen Ozean[änneren | Quelltext änneren]

Arkteschen Ozean[änneren | Quelltext änneren]

Südlechen Ozean[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Archipelagoes – Biller, Videoen oder Audiodateien