Westindesch Inselen

Vu Wikipedia
Westindesch Inselen

Iwwersiichtskaart vun de Westindeschen Inselen
Geographie
Land
Läit an/am Atlanteschen Ozean
Karibescht Mier
Koordinaten: 17° 59’ 0’’ N 63° 53’ 0’’ W
Fläch 244.890 km²
Verwaltung
Demographie
center}}}

D'Westindesch Inselen (deels och Westindien genannt) bestinn aus enger Rei vun Inselen an Inselgruppen déi viru Mëttel- a Südamerika am Atlanteschen Ozean leien. De grousse Bou vun den Antille bilt d'Limitt am Norden an am Oste vum Karibesche Mier. Méi nërdlech leien d'Bahamas an d'Turks a Caicosinselen (déi zesummen och vereelzt Lucayen genannt ginn).

Andeelung vun den Inselgruppen[änneren | Quelltext änneren]

Déi Westindesch Inselen an der Karibik bestinn aus:

Grouss Antillen Kuba, Jamaika, Hispaniola a Puerto Rico
Kleng Antillen Inselen iwwer dem Wand (vun de Joffereninselen bis Grenada (Nord - Süd))

an
Inselen ënner dem Wand (vu Los Monjes bis Los Testigos (West-Ost))

grad ewéi Barbados an Trinidad an Tobago

déi heiansdo zu de Inselen iwwer dem Wand gezielt ginn

Bahamas nordëstlech vu Kuba
Turks- a Caicosinselen nërdlech vun Hispaniola

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Bei der historescher Bezeechnung vu Westindien ass den Nummdeel ...indien dovun ofgeleet, well de Christoph Kolumbus am Fong de westleche Waasserwee vun Europa an „Indien“ (d. h. an Ostasien) fanne wollt an hie sech op senge véier Reesen ni bewosst war, en neie Kontinent entdeckt ze hunn.

D'Bezeechnung féiert awer ier: „westindesch“ heescht gemenkerhand „am Weste vun Indien“, wat awer an dësem Fall net zoutrëfft. Villméi geet den Numm dorop zeréck, well d'Inselen um westleche Wee a Richtung Indien entdeckt goufen – am Géigesaz zum deem bis dohi bekannten Indien, dat ëmmer mat der Virstellung vum Wee no Oste verbonne war („Ostindien“). Datt et e westleche Mierwee vu Spuenien aus bis an Indien géif, war eng Suppositioun, déi och vum englesche Philosoph Roger Bacon ënnerstëtzt gouf, andeems dee sech op de Seneca, Plinius an Aristoteles beruff huet.

Den anglophonen Deel vun de Westindeschen Inselen ass als British West Indies bekannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Westindesch Inselen – Biller, Videoen oder Audiodateien