Norden

Vu Wikipedia
Eng Wandrous

Norden oder Nord ass eng Haapthimmelsrichtung. Norden resp. d'Nordrichtung gëtt fir d'Navigatioun gebraucht a fir Koordinaten unzeginn.

Urspronk vum Wuert an aner Nimm[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezeechnung leet sech vum Alhéichdäitschen nord an der Indogermaneschen Eenheet -ner fir lénks oder ënner of, wat méiglecherweis op lénks vun der Sonn déi opgeet zeréckzeféieren ass.

Norden heescht och:

Definitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Ëmgankssproochlech an an der Navigatioun gi mat Nord oder Norde verschidde Saache bezeechent:

  • Nord, Norden
Meeschtens eng graff Richtungsangab am nërdleche Beräich tëscht Nordwest an Nordost.
  • den Norden, am Norden
D'Bezeechnung fir déi nërdlech Hallschent vun engem Gebitt, z. B. vun engem Staat, enger Insel oder och vun der ganzer Welt.
  • Nord weisend (rwN), true north (TN), geographesch Nord
D'Richtung laanscht de Meridian zum geographeschen Nordpol. Nord weisend ass déi wichtegst Bezuchgréisst an der Navigatioun.
  • Mëssweisend Nord (mwN), magnetic north (MN)
an der Nord-Richtung vun de Feldlinne vum Äerdmagnéitfeld.
A Mëtteleuropa ass déi Ofwäichung vu rechtweisend- zu mëssweisend-Nord sou kleng, datt déi mëssweisend-Nordrichtung trotzdeem problemlos fir d'Orientéierung an d'Navigatioun gebraucht ka ginn. D'Ofwäichung tëscht der geographescher an der magnéitescher Nordrichtung gëtt als Deklinatioun bezeechent an ass z. B. aus Isogonekaarten oder der Wandrous op Séikaarten ofzeliesen.
Kuckt och: Deklinatioun (Geographie)
  • Magnéitkompass Nord (MgN), Kompass Nord (KN), compass north (CN)
Richtung, an déi e Magnéitkompass weist, dat heescht laanscht d'magnéitesch Feldlinne vun der direkter Ëmgéigend, déi sech aus dem Äerdmagnéitfeld (Mëssweisend Nord) a lokale Magnéitfeldstéierungen duerch elektresche Stroum a magnéitesch aktiv Materialien (Deviatioun) zesummesetzen.
Kuckt och: Deviatioun
  • Gitter Nord (GiN), grid north (GN)
Bezuchsrichtung vun de Koordinatesystemer déi an der Satellittennavigatioun gebraucht ginn (Gauß-Krüger, UTM, UPS). Si wäicht vum geographeschen Norden ëm e variablen, Meridiankonvergenz genannte Wénkel, of.

Landkaarte ginn als Rummkaarten a mat der Ausnam vu Kaarte vun de Polargebidder sou gemaach, datt d'Nordrichtung ëmmer no uewe weist. Wann eng Kaart vun där Konventioun ofwäicht, dann ass d'Nordrichtung an der Reegel mat enger Wandrous uginn.

Och op den anere Planéite vun eisem Sonnesystem gëtt et d'Himmelsrichtung Norden, och do weist si den Nordpol un, dat heescht zum Pol a Richtung vun der Dréiachs vum Planéit.

Bestëmmung vun der Nordrichtung[änneren | Quelltext änneren]

T-O-Kaart, aus dem Isidor vu Sevilla senger Etymologiae, Éischtdrock Günther Zainer, 1472 – uewen ass hei nach Osten, Septentrio lénks
Bestëmmung vun der Nordrichtung iwwer de Polarstär mat engem Senkel

Fir d'Bestëmmung vun der Nordrichtung existéiere verschidde Methoden.

  • D'Richtung Nord léisst sech mat Hëllef vun engem Gyrokompass ermëttelen, mat Hëllef vun engem Magnéitkompass ënner Beuechtung vun Deklinatioun an Deviatioun oder duerch Peilung mat enger Land- oder Séikaart.
  • Magnéitkompass Nord a Magnetesch Nord ginn am einfachste mat engem (Peil-)Magnéitkompass ermëttelt. Wa seng Distanz zu magnéiteschem Material grouss genuch ass, dann ass d'Deviatioun op de meeschte Punkte vun der Äerd däitlech méi kleng wéi den Ofliesfeeler a sou ze vernoléissegen.
  • Mat Hëllef vun enger Analogauer an dem Sonnestand kann d'Nordrichtung mat enger Genauegkeet vun ongeféier 15° bestëmmt ginn, wann een nërdlech vum nërdleche Wendekrees ass. D'Bissectrice tëscht deem op d'Sonn ausgeriichte klengen Zär an der 12-Auer Markéierung weist no Süden. Viraussetzung ass, datt d'Sonn um 12 Uhr hiren héchsten Dagesstand erreecht an d'Auer en 12-Stonnen-Zifferblad huet. Wärend der Summerzäit muss d'Auer also (op d'mannst a Gedanken) eng Stonn zeréckgestallt ginn, geneesou muss d'Auerzäit op de geographesche Ränner vun enger Zäitzon ugepasst ginn. Jee no Zäitzon kann déi Upassung bis zu zwou Stonne sinn (z. B. Kanada oder Grönland).
  • Um Terrain gëtt et verschidden Zeechen, déi eng graff Orientéierung zouloossen. A Mëtteleuropa sinn z. B. déi meescht Satellitteschosselen op Astra-Satellitten ausgeriicht (19.2° no Ost verdréit) a weisen domat eppes entgéint d'Nordrichtung. Och de Moosbewues vu Beem oder Diech kann e graffen Hiwäis ginn, well en an der Haaptwiederrichtung am stäerksten ass. D'Haaptwiederrichtung a Mëtteleuropa ass Nordwest.
  • Nuets bei klorem Himmel duerch Upeile vum Polarstär. Wann een eng geduecht Linn vum Polarstär aus, vertikal no ënne bis op den Horizont zitt, da läit virun engem d'Nordrichtung. Dës kann een z. B. mat engem Lout, also engem Fuedem mat engem Gewiicht u sengem Enn, duerchféieren. Dat lassent Enn vum Lout gëtt mat ausgestrecktem Aarm mat de Fangere gehalen an de Fuedem genee iwwer de Polarstär bruecht. D'Gewiicht zitt de Fuedem vertikal no ënnen an do, wou de Fuedem den Horizont visuell schneit, ass den Norden. Déi Method funktionéiert awer net an der Géigend vum Nordpol, well do de Polarstär bal vertikal iwwer dem Observateur steet, dee sou d'Lout iwwer säi Kapp hale misst. Domat wier e Peilen iwwer de Fuedem onméiglech. Wat ee méi no bei den Equator kënnt, ëmsou méi kuerz gëtt d'Distanz tëscht Polarstär an Horizont an d'Method gëtt ëmmer méi genee.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie