Himmelsrichtung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Himmelsrichtung beschreift d'Richtung vun engem Bezuchspunkt (z. B Standplaz) zu engem anere Punkt op der Äerduewerfläch. Déi véier Haapthimmelsrichtungen (och Kardinalpunkten) sinn d'Grondrichtungen Norden, Osten, Süden a Westen. Himmelsrichtungen bezéien sech op de jeeweilegen Horizont an d'Lag vun der Äerdachs. D'Haapthimmelsrichtungen definéieren d'Richtung vun de geographesche Koordinaten, de Längekreesser (Meridiane), déi sech an de Punkten Nord- a Südpol treffen an de Breedekreesser, déi parallel zu der Äerdrotatioun ost-westlech lafen. A bestëmmte Kulturen, z. B. indianeschen oder buddhisteschen, gëtt dëst Konzept vergréissert op sechs Himmelsrichtungen duerch den Aschloss vun Zenit (uewen/himmelwäerts) an Nadir (ënnen/äerdwäerts).

Véier Haapthimmelsrichtungen[änneren | Quelltext änneren]

T-O-Kaart, aus Isidor vu Sevillas Etymologiae, Éischtdrock Günther Zainer, 1472 – uewen ass hei nach Osten

Déi véier Himmelsrichtungen gi mat «N» (Nord), «O» oder «E» (Ost, East), «S» (Süd) a «W» (West) ofgekierzt. Si déngen der Orientéierung mat der Sonn (kuckt Sonnelaf), dem Kompass oder der astronomescher Azimutmiessung souwéi der Angab vu Richtungen op der Äerduewerfläch, vonu Kursen oder vu Wandrichtungen. Als Grondrichtunge formen si och de Raster an de Landkaarten.

Norden[änneren | Quelltext änneren]

Den Norden ass, zanter ville Joerhonnerten (wann net anescht bezeechent) op de Land- a Séikaarten ëmmer uewen. Déi Festleeung riicht sech no der Äerdrotatioun; d'Äerdachs weist un hirem engen Enn no Norden. Norden oder méi genee rechtweisend Nord (rwN), Kaartenord oder geographesch Nord ass d'Richtung zum geographeschen Nordpol. D'Ausriichte vun enger Kaarte, engem Plang oder engem Loftbild um Terrain no den Himmelsrichtungen bezeechent een als Annorden.

An der Navigatioun gi weider Nord-Richtungen gebraucht, dozou gehéieren Magnéitkompassnord (MgN) oder engl. magnetic north (MN) an mëssweisend Nord (mwN), déi sech am Magnéitfeld orientéieren, souwéi Gitternord (GiN) resp. grid north (GN) als Bezuchsrichtung där an der Geodesie gebrauchten Koordinatesysteme (Gauss-Krüger, UTM, UPS).

Süden[änneren | Quelltext änneren]

Süden ass d'Géigerichtung vum Norden. Op der Nordhallefkugel vun der Äerd ass si d'Richtung vum héchste Sonnestand ëm Mëttag. Süden huet dofir fréier MeridiesMëtt vum Dag‘ geheescht, an an der Mythologie och Mesembria, Hore vum Mëtteg. Mëttelalterlech arabesch Weltkaarten waren no Süden ausgeriicht.

Osten[änneren | Quelltext änneren]

Osten ass d'Dréirichtung vun der Äerd ëm hir Achs, vun eis aus als Richtung vum Sonnenopgank gesinn (relativ genee nëmmen zu den Equinoxen). (vergl. Orient), griich. Anatole oder Anatolia, Gëttin vum Sonnenopgank (eng weider Hore), germanesch Austri. Mëttelalterlech chrëschtlech Weltkaarten (Mappae Mundi) waren no Osten a Richtung vu Jerusalem an der Standplaz vum Paradies ausgeriicht.

Westen[änneren | Quelltext änneren]

Westen ass d'Richtung vum Sonnenënnergank (genee nëmmen zu den Equinoxen). (vergl. Okzident), griich. Dysis, Gëttin vum Sonnenënnergank (och eng Hore).

Weider Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

An der Astronomie schwätzt een amplaz vun Nord a Süd och vum Meridian, well den deeglechen Héchststand vu Stären och nërdlech vum Zenit geschéie kann (kuckt iewescht Kulminatioun). Déi vertikal Ost-West-Linn iwwer den Zenit gëtt dogéint als Éischt Vertikal bezeechent.

Op mëttelalterlechen däitschen Duerstellungen ginn d'Himmelsrichtungen och no dem Stand vun der Sonn wéi uschléissend genannt:

  • Ufank fir Ost (laténgesch oriens)
  • Mëtteg fir Süd
  • Ënnergank fir West (laténgesch occidens)
  • Mëttnuecht fir Nord

Dës Bezeechnungen sinn am däitschsproochege Raum am 20. an 21. Joerhonnert net méi gebräichlech. Datselwecht gëllt fir déi fréier gebrauchte Richtungsangaben Levante (ausser fir spezifesch de Noen Osten) an Ponente (Westen). A munneche slawesche Sproochen hu sech dogéint e puer vun dëse fréiere Bezeechnungen an der wiertlecher Iwwersetzung erhalen.

Niewenhimmelsrichtungen an Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Véier Niewenhimmelsrichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Fir genee Richtungsbezeechnungen déngen d'Zwëscherichtungen Nordost, Südost, Südwest an Nordwest. Si stinn wéi déi véier Haapthimmelsrichtungen rechtwénkleg zoueneen a sinn hir Wénkelhalbéierend. Zesummen mat hinnen deelen si d'Kompass- resp. Wandrous an Aachtel zu jee 45 Grad a ginn an dëser Form an der Traditioun vum Wénkelmooss zanter der Antikitéit gebraucht.

Wandrous[änneren | Quelltext änneren]

Wandrous mat 32-Stréch-Deelung

Fir méi genee Orientéierung sinn an der Séi- a Loftfaart d'Himmelsrichtungen nach méi reng ënnerdeelt. De vollen Ëmfank vun der Wandrous gëtt an 360° am Auerzeigersënn ënnerdeelt a fänkt mat Norden un:

0° = N 90° = O oder E 180° = S 270° = W

D'Wandrous, och Kompassrous (engl.: compass rose, ass meeschtens an 32 gläichgrouss Wénkel zu jee 11,25 Grad ënnerdeelt, déi och als nautesche Stréch bezeechent ginn. Osten gëtt an der Navigatioun ëmmer mat E (englesch east) ofgekierzt, fir eng Verwiesselung mat der Null («O» ↔ «0») z'iwwergoen. Nach méi reng ënnerdeelte Kompassrousen hunn nach Markéierungen bei hallwe Stricher.

Am Vermiessungswiesen erfollegt d'Deelung vun engem Vollkrees an 400 Gon, auoch Neigrad genannt. Am Artilleriewiesen erfollegt d'Ënnerdeelung an 64 Artillerie-Stréch resp. 6400¯ oder an der Schwäiz an Artilleriepromille A‰. Dës Bezeechnungen ginn ëmmer nach zu der Orientéierung gebraucht.

Wandrous an der Heraldik[änneren | Quelltext änneren]

D'Wandrous ass an der Heraldik eng normal Figur. Si kënnt net oft vir a gëtt duerch iwwereneen geluechte Stäre duergestallt. D'Nordrichtung gëtt ganz rar ugedeit.

Systematik vun der Benennung[änneren | Quelltext änneren]

D'Himmelsrichtungen (32er-Deelung, mat Gradskala no Norden ausgeriicht)
  • Véierel hunn hir eege Bezeechnung (N, O oder E, S, W)
  • Aachtel ginn aus den Nimm vun de Véierel zesummegesat, woubäi Nord a Süd viru West an Ost (O oder E) stoen: Nordwest, Nordost, Südost, Südwest – ofgekierzt NW, NO oder NE, SO oder SE, SW.
  • Sechzéngtel setzen sech aus den Nimm vun de Véierel a vum jeeweileg benoperten Aachtel zesummen (an dëser Reiefolleg). Beispiller: WSW = Westsüdwest, SSW = Südsüdwest.
  • Zweeandrëssegstel gi geformt, andeems een dem jeeweilegen ugrenzenden Véierel oder Aachtel mat engem „zou“ den an der vergläichbarer Richtung leiende nächste Véierel-Nimm unhänkt. Beispiller: WzS = West zu Süd, SWzW = Südwest zu West.
  • hallef Strécher ginn aus dem Numm vum ganzen Stréch (riicht Strécher) an engem „en hallwen“ mat dem jeeweilegen Véierel-Numm geformt. Zum Beispill: Nord en hallwen Ost (N 1/2 E = 5,625 Grad) oder SüdOst en hallwen Ost (SE 1/2 E) = 129,375 Grad).

Zanter laanger Zäit zitt een awer d'Bezeechnung vu Gradzuele vir.

Fein Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

A ville Fachgebidder – ë. a. Astronomie, Geodesie, Kartographie an Navigatioun – ass eng méi fein Ënnerdeelung vun den Himmelsrichtungen noutwendeg. Meeschtens gëtt dofir d'Gradmooss (0° bis 360°) gebraucht, woubäi d'Nordrichtung dem Azimut (oder Kurs) 0° entsprëcht. Deemgeméiss ass Osten = 90°, Süden 180° a Westen 270°.

Bei der Arméi a spezielle Vermiessungen sinn och sougenannt Stréchdeelungen am Gebrauch (360° = 64 Stréch, am engl. Sproochraum och 6400 mil).

China[änneren | Quelltext änneren]

Bannenzegte Krees: Äerdzwäige
baussegte Krees: Déi 24 Himmelsrichtungen
Norden ass ënnen, Westen läit riets)

Vun de chinesesche Séifuerer an Astronomen goufen amplaz vun de véier Haapthimmelsrichtungen déi 12 Himmelsrichtungen vun den Äerdzwäige virgezunn. Entgéint den aacht Himmelsrichtungen europäescher Opstellung hunn dës amplaz vun enger 45°- eng 30°-Andeelung. Fir Séifuerer hunn dës 12 Himmelsrichtungen zwar net ausgereecht, woufir een dës Zuel verduebelt huet a soumat eng Staffelung an 15°-Ofstänn kritt huet. Dobäi goufen fir d'Himmelsrichtungen tëscht den Äerdkreesser nei Bezeechnungen mat ënnerscheedlechem Urspronk agefouert. Erfuere Séifuerer wéi den Zhèng Hé haten souguer en 48-gliddrege Kompass.

Bestëmmung vum Süden unhand vun der Sonn an enger Analogauer[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonn steet op der Nordhallefkugel mëttes am Süden an Analogaueren hu meeschtens eng 12-Stonneskala. Wann een de Stonnenzär zu der Sonn ausriicht, läit Süden op der Wénkelhalschant tëscht der 12-Auer-Markéierung an dem Stonnenzär. An der Summerzäit läit Süden op der Wénkelhalschent tëscht der 1-Auer-Markéierung an dem Stonnenzär.[1]

Mierksätz[änneren | Quelltext änneren]

  • Ni Ouni Seef Wäschen
  • Net Ouni Stiwwele Wanderen
  • Néng Ochsen Saufen Waasser
  • Am Osten geet d'Sonn op - am Süden hëllt si hire Laf - am Westen geet si ënner - am Norden ass si ni ze gesinn (gëllt fir déi nërdlech Hemisphär tëscht dem Nërdleche Wendekrees an dem nërdleche Polarkrees).
  • Fir déi griichesch/réimesch Horen gouf et d'Kennwuert ADAM: Anatole, Dysis, Arktus, Mesembria (O–W–N–S), déi véier ‚Weltgéigenden‘ – dëst Akronym spillt mat Bezuch op Adam och nach an der fréichrëschtlecher Kräizsymbolik eng Roll (Missiounsgedanken), a fënnt sech sou als Beschrëftung vun de véier Balken.

Laténgesch Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Virun allem am Mëttelalter an an der fréier Neizäit goufen d'Himmelsrichtungen an neilaténgescher Sprooch bezeechent:

SE = septentriones (septentrio oder septemtriones sin), Norden
OR = oriens, Osten
ME = meridies, Süden
OC = occidens, Westen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]