Äerdmagnéitfeld
D' Äerdmagnéitfeld beaflosst elektresch gelueden Deelecher an der sougenannter Magnéitosphär vun der Äerd.
Duerch de Sonnewand (elektresch gelueden Deelecher vun der Sonn), gëtt d'Magnéitosphär bis zu 60.000 km wäit an de Weltall gestreckt.
D'Magnéitfeld vun der Äerd berout op Konvektiounsstréim am geschmoltenen bausseschten Äerdkär. D'Hëtzt an den Drock an der Äerd suerge fir permanent Bewegungen vum bausseschte Kär. Dës Bewegungen ruffen elektresch Stréim ervir, déi de Planéit an e risege Magnéit verwandelen. Wéi e Stabmagnéit huet d'Äerd zwee Magnéitpolen. Een an der Géigend vum geographeschen Nordpol an een an der Géigend vum geographesche Südpol.
D'Grenz vum Magnéitfeld nennt ee Magnéitopaus an de Magnéitschwanz ass wou d'Magnéitfeld vum Sonnewand ewechgezu gëtt.
| Commons: Äerdmagnéitfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien |