Polarkrees

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Polarkreesser
Polar- a Wendekreesser

Polarkreesser nennt een Breedekreesser déi op 66° 34′ nërdlecher souwéi südlecher Breet leien an op deenen d'Sonn op den Deeg vun der Sonnenwend grad net méi op- resp. ënnergeet. Si hunn zum Nord- respektiv Südpol deselwechten Ofstand wéi d'Wendekreesser zum Equator.

Lag[änneren | Quelltext änneren]

D'Polarkreesser begrenzen d'Polargebidder. Hir Lag ergëtt sech aus der Schréiegt vun der Äerdachs géintiwwer der Ekliptik, déi am Ament 23,44° huet. De Polofstand vun de Polarkreesser ass 2.602 km an den Equatorofstand 7.383 km.

Well sech d'Schréiegt vun der Äerdachs lues ännert, verlagere sech och d'Polarkreesser. Am Ament komme si de Polen ëm ronn eng Bouminutt an 128 Joer oder 14,4 Meter pro Joer méi no.

Am Joer 2011 louchen d'Polarkreesser op ronn 66° 33′ 44′′ nërdlecher resp. südlecher Breet.[1]

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Um Polarkrees geet d'Sonn um TDag vun der Summersonnewend net ënner. Dat Erreegnes gëtt d'Mëtternuechtssonn genannt, a fält op der Nordhallefkugel meeschtens op den 21. Juni an op der Südhallefkugel op den 21. oder 22. Dezember. De 24. Juni Gehaansdag ass och mat Fester vun der Summersonnewend verbonnen.

Polarkrees a Finnland 1975
Polarkrees an Norwegen 1975
Polarkrees an Norwegen tëscht Mo i Rana a Fauske
Polarkrees op der Äerzbunn a Schweden
Polarkrees bei Jokkmokk, Schweden
Polarkrees zu Juoksenki, Finnland, op der E 8

Um Dag vun der Wantersonnewend geet d'Sonn um Polarkrees net op. Si fält op den Dag, an deem op der anerer Äerdhallefkugel d'Summersonnewend ass.

Wéinst der Liichtbriechung an der Äerdatmosphär (kuckt astronomesch Refraktioun) kënnt et net nëmme genee um Polarkrees, mä och eppes vum Pol ewech (vun ongeféier ± 65,96° Breet) zum Erreegnes datt d'Sonn op engem Dag am Joer net ënnergeet.

Datselwecht gëllt bei der Wantersonnewend. Wéinst der astronomescher Refraktioun muss een hei awer nach e bësselche méi no beim Pol sinn, fir kee Sonnenopgank méi ze gesinn: vun ± 67,16° Breet un kënnt nëmmen nach déi hallef Sonnescheif iwwer den Horizont, vun ± 67,41° net emol méi den ieweschte Sonnerand. Zu deem Zäitpunkt ass et allerdéngs hell-dämmreg wéi kuerz viru Sonnenop- oder -Ënnergank, well d'Sonn steet nëmme knapps ënner dem Horizont. Vun 73,2° Breet ass et stänneg ze däischter fir d'Zeitung ze liesen, well net emol méi d'biergerlech Dämmerung erreecht gëtt. Vun der 79,2° Breet sinn déi hellst Stären ze gesinn, a vun 85,2° kënnt keen Dämmerschäin vun der Sonn op d'Standplaz.

Polarnuecht a Polardag[änneren | Quelltext änneren]

Gebidder bannenzeg vum Polarkrees iwwerschreiden net all Dag d'Dag-Nuecht-Grenz. A Gebidder, déi bannenzeg vun de Polarkreesser leien, kënnt et dofir zu der Polarnuecht an en halleft Joer méi spéit zum Polardag: Am Wanter geet dofir op d'mannst een Dag (mat zouhuelender Breet méi) d'Sonn net op, am Summer dogéint schéngt fir déiselwecht Zuel vun Deeg d'Mëtternuetssonn, dat heescht, d'Sonn geet net méi ënner den Horizont.

An der Polarnuecht bleift et bannenzeg vun de Polarkreeser awer net onbedéngt däischter, well och weider Faktere matspillen:

  • Wéinst der Refraktioun (Liichtbriechung an der Äerdatmosphär) schéngt d'Sonn um Horizont däitlech méi héich ze stoe wéi a Wierklechkeet, kann domat also trotz „theoretescher“ Polarnuecht vollstänneg opgoen.
  • D'Sonnescheif kann deelweis opgoen, si klëmmt nëmmen net vollstänneg iwwer den Horizont.
  • Wann d'Sonn nëmme wéineg ënner dem Horizont bleift, ass Dämmerung. Op dem europäesche Festland ass d'Polarnuecht dofir néierens sou däischter, datt d'Stären ëmmer ze gesi sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Polarkreis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]