Polargebitt
Ënnert Polargebidder versteet een d'Regioune vun der Äerd, déi tëschent de Polen an dem dozougehéierende Polarkrees leien. Si ginn och als éiwegt Äis bezeechent, och wann dat op déi vum Golfstroum opgewiermt Gebidder vun Nordnorwegen net zoutrëfft. Den nërdleche Polarkrees ëmfaasst d'Arktis, an där hirem Zentrum d'Nordpolarmier läit. De südleche Polarkrees ëmfaasst d'Antarktis, déi haaptsächlech de Kontinent Antarktika mat aschléisst.
Besonnesch Kennzeeche vun de Polarregioune sinn niewent dem kale Klima mat vill Schnéi an Äis, de Polardag mat der Mëtternuechtssonn, dee bis zu engem hallwe Joer dauert, respektiv d'Polarnuecht, awer och d'Polarliichter.
Och um Mars gëtt et äisbedeckt Polargebidder.
Inhaltsverzeechnes |
Klima an Ofgrenzung [änneren]
Haaptartikel: Arktis an Antarktis
Geographesch gekuckt, sinn d'Polargebidder Kugelkalotten mat engem Radius vun 23,4° oder ronn 2600 km ëm d'Polen. An Hisiicht op Klima a Vegetatioun leien se haaptsächlech vun der natierlecher Bamgrenz aus gesinn, an Direktioun Pol. Am extreme Polargebitt ka sech nach d'Tundrevegetatioun halen, an héije Breede mécht den ongaaschtfrëndlechen Äisklima e Planzewuestem praktesch onméiglech. D'Déieren déi do liewen (z. B. Äisbiere) sinn dofir reng Fleeschfrësser. Genee esou huet de Plankton als Basis vun der Ernierungsketten eng besonnesch grouss Bedeitung.
Während am Süden d'Ofgrenzung vum Polargebitt relativ einfach ass – et begräift dat antarktescht Festland an dat ugrenzend Paakäis – ass d'Ofgrenzung am Norden méi schwéier. Déi al Definitioun, no där alles zu der Arktis zielt, wat nërdlech vum Polarkrees läit, gëtt de klimatesche Bedingunge laanscht dëse Krees net gerecht, well d'Mieresstréim an de Gebidder vum Nordpolarmier en däitlechen Afloss op de Klima hunn. Sou ass d'Hudson Bay a Kanada dat halleft Joer zougefruer, während den Hafe vun Hammerfest (Norwegen), méi wéi 1000 Kilometer weider nërdlech, dat ganzt Joer äisfräi bleift. Et huet sech dofir eng aner Definitioun vum Polarklima agebiergert: Als arktesch gëllt dat Gebitt, wou Temperatur an der Moyenne am wäermste Mount (Juli op der Nordhallefkugel) net iwwer 10 °C erausgeet.
De polar oder arktesche Klima ass duerch laang, ganz kal Polarwantere markéiert, an deenen d'Sonn deeg- a wochelaang net iwwert den Horizont klëmmt an de Buedem déifgrënneg gefruer ass (Permafraschtbuedem); an duerch niwwelräich, kill Polarsummeren, an deenen d'Sonn zwar iwwert den Horizont klëmmt, awer hir Stralen d'Äerduewerfläch nëmmen an engem flaachen Afallswénkel erreechen, sou datt de Buedem nëmmen uewerflächlech entdeet. Deemno ass d'Vegetatiounsperiod ganz kuerz.
Mat dem Polarklima vergläichbar ass den héichalpine Klima, well do ähnlech Viraussetzunge bestinn.
Liewen am Extremen [änneren]
Obschonns d'Polarzonen liewensfeindlech sinn − wat d'Fuerschung vun dëse Géigenden trotz moderner Technik zu enger bis elo riskanter Aventure gi léisst − fannen sech Forme vu Liewen souwuel an de Polargebidder vun der Nordhallefkugel vun der Äerd (z. B. Äisbiren) wéi och an deenen vun der Südhallefkugel (z. B. Pinguinen, etlech Vigelarten, Insekten, am Mier Mieressäuger wéi Walen a vill Fësch), déi sech un déi schwiereg Liewensbedingungen optimal ugepasst hunn.
Nëmme relativ wéineg Planzen schaffen et, an der polarer Klimazon z'iwwerliewen. Wann d'Sonnestralung et zouléisst an d'Äisdecke schmëlzt, wat och op besonnesch geschützte Plaze vun der Antarktis virkomme kann, trieden do e puer Flechtaarten, Grieser (z. B. Bültgras) a Moosaarten op. Dat ass besonnesch op den antarkteschen Inselen an am Südweste vu Grönland de Fall.
Mënschlech Siidlunge sinn an deene Gebidder nëmme vereenzelt, déi meescht gi vun den Inuit am Norde vun Alaska an op Grönland bewunnt. Alert, Nunavut, op 82°28′ n. Br., as déi nërdlechst ëmmer besat mënschlech Siidlung op der Äerd. Den antarktesche Kontinent selwer ass, bis op wéineg Wieder- a Fuerschungsstatiounen, onbewunnt.
Literatur [änneren]
- Marco Nazarri Die Arktis. Leben im ewigen Eis. Müller, Erlangen 1998, ISBN 3-86070-745-0.
Um Spaweck [änneren]
| Wiktionnaire: Polargebitt – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen |
- Polargebidder − extrem Liewensräim op meeresakrobaten.de
- (en) Webcam und Wetterdaten von der Universität Tromsø
- (en) Freeze Frame, Scott Polar Research Institute (20.000 historesch Biller)