Äisbier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Äisbier / Polarbier
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéier
Ënnerklass Theria
Uerdnung: Raubdéieren
Ënneruerdnung: Hondsdéieren (Caniformia)
Famill: Bieren (Ursidae)
Wëssenschaftlechen Numm
Ursus maritimus
Phipps, 1774
E Polarbier am Zoo vu Gelsenkirchen deen op sengen hënneschte Bee steet.

Den Äisbier (Ursus maritimus), och Polarbier genannt, ass e Fleeschfrësser aus der Famill vun de Bieren (Ursidae). E lieft an den nërdleche Polarregiounen an ass enk Famill mam Bronge Bier. En ass nieft de Kamtschatkabieren an de Kodiakbieren ee vun de gréisste Fleeschfrësser op der Äerd.

Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

Gréisst a Gewiicht[änneren | Quelltext änneren]

Männlech erwuesse Polarbieren erreechen an der Moyenne eng Kapp-Romp-Längt vun 2,40 bis 2,60 Meter, an Eenzelfäll souguer bis 3,40 Meter; d'Schëllerhéicht ka bis zu 1,60 m sinn. D'Gewiicht variéiert tëscht 300 an 800 (am Duerchschnëtt 420 bis 500) kg. D'Gewiicht hänkt vill vum Ernierungszoustand vum Déier of: am Summer weien auserhéngert Äisbieren däitlech manner wéi während der Robbejuegd am Wanter. Eng Roll spillen och regional Gréisstenënnerscheeder. Déi klengst Déiere liewen op Spitzbergen an déi gréisst an der Géigend vu Beringstrooss. Wéi all Bierenaarten hunn Äisbieren nëmmen e Stuppschwanz vu 7 bis 13 Zentimeter Längt.

Pelz an Haut[änneren | Quelltext änneren]

Hënnescht Patt

De gielzeg-wäisse Pelz ass am äisegen Ëmfeld e gudde Camouflage. Et ass och nach ganz dicht, ueleg- a waasserofweissend. Ënner dem Pelz bei auserwuessenen Déieren ass d'Haut schwaarz a bei de Klengdéiere rosa. Just erwuesse Polarbieren hunn eng 5 bis 10 cm déck Fettcouche ënner dem Pelz. Déi baussenzeg Pelzhoer vum Äisbier sinn huel, wat zousätzlech zu der décker Fettschicht fir eng exzellent thermesch Isolatioun suergt. Dozou erhéijen d'Hoer zesumme mat der Speckschicht den Opdriff beim Schwammen. Duerch déi minimal Wäermtofstralung ass et onméiglech Infraroutopname vun Äisbieren ze maachen. Well de Pelz d'Ultraviolettstralungen net reflektéiert, gouf d'Thes opgestallt, datt d'Hoer als Liichtleeder d'Stralungen op d'Haut leeden. Déi Thes gouf widderluecht, well de Pelz selwer d'Stralungen absorbéiert.[1]

Kierperbau a Gank[änneren | Quelltext änneren]

Beim Kierperbau ënnerscheede sech Äisbiere vun aner Bierenaarten duerch e laangen Hals an e relativ méi klenge flaache Kapp. Anescht wéi de Bronge Bier hu si kee Muskelbierg am Genéck. D'Ae si verhältnesméisseg kleng. D'Ouermuschele sinn no vir opgeriicht an ofgerënnt. Wéi déi meescht Bieren hu Polarbieren 42 Zänn, a wéi all Biere si si Suelegänger. Hir viischt Bee si laang a kräfteg; déi grouss viischt Patte si paddelfërmeg an hu Schwammhait, wat e séiert Schwammen erméiglecht. Op de muskuléisen hënneschte Bee kënne sech d'Äisbieren zu hirer maximaler Héicht hiewen (nëtzlech beim Kämpfen oder fir eng besser Vue ze hunn); d'hënnescht Patten dénge beim Schwammen als Steierrudder. D'Fousssuele sinn dicht behoert, wat dem Schutz géint Keelt déngt an och d'Ausrëtschen um Äis verhënnert. Déi véier Patten hu jeeweils fënnef Krallen, déi net eragezu kënne ginn.

Sënner[änneren | Quelltext änneren]

De Gerochsënn vu Polarbieren ass am Verglach mat deenen anere Raubdéieren ongewéinlech gutt ausgebilt. Och d'Gehéier ass ganz empfindlech. Sou ertaaschte Polarbieren d'Déckt vun den Äisflächen, andeems si op d'Äis schloen an d'Waasserreflektioune lauschteren, fir erauszefannen, wou d'Äis am beschten opgebrach ka ginn. D'Kuckkraaft entsprécht ongeféier där vum Mënsch.

An der Liewer späicheren d'Äisbiere grouss Quantitéite vu Vitamin A.[2] D'Iesse vun Äisbiereliewer kann dowéinst beim Mënsch zu enger A-Hypervitaminos féieren, enger schlëmmer Gesondheetsstéierung déi zu neurologesche Symptomer (Kappwéi, Iwwelzegkeet, Pseudotumor cerebri) an Hautschied wéi Mondwénkelrhagade féiere kann.

Liewenserwaardung[änneren | Quelltext änneren]

D'Liewenserwaardung vu Polarbieren a fräier Natur gëtt op 25 bis 30 Joer geschat, a mënschlecher Garde kënne si 45 Joer al ginn.

Verbreedungsgebitt a Liewensraum[änneren | Quelltext änneren]

Verbreedung vun Äisbieren

Äisbiere sinn ausschliisslech an der Arktis verbreet an zwar zirkumpolar, also an der Polarregioun ronderëm den Nordpol. Déi meescht héicharktesch Äisbieren hale sech d'ganzt Joer iwwer op de Küsten oder um Mieräis op, fir do Robben ze joen.

Si hunn dobäi Plaze léiwer, wou d'Äis duerch Wand a Mieresstréimungen a Bewegung bleift an ëmmer nees opgerass gëtt, wouduerch äisfräi Plazen entstinn (Polynjaen). Am Summer hale sech Polarbieren dacks op de südleche Borde vum Dreifäis op. Mam Wanterabroch wandere si südlech, Richtung äisfräi Plazen. Op der Südküst vun der Hudson Bay (Kanada) sinn d'Déiere während dem Summer allerdéngs gezwongen, an d'Land zréckzegoen. No kilometerwäite Wanderungen iwwer Land musse si sech da mat dem wéinegen ze Fridde stellen, wat hinnen d'Tundra an d'Taiga ze Friesse bidden.

Laang Zäit gouf behaapt, datt d'Polarbieren ausgesprache Wanderer wieren, déi der Bewegung vum Äis groussraimeg ronderëm den Nordpol nogoe géifen. Nei Beobachtungen hu gewisen, datt et grouss Reie vu Populatioune ginn déi ëmmer op derselwechter Plaz bleiwen. Dozou gehéieren z. B. d'Äisbiere vum Wapusk-Nationalpark a vum Ukkusiksalik-Nationalpark.

Polarbierepopulatioune komme meeschtens a folgende sechs Äerdregioune vir:

Déi nërdlechst geographesch Breet, op där Polarbiere fonnt goufen, ass 88°. Déieren déi südlech am wäitste virkommen hale sech laanscht der Hudson Bay, an der Nordwestküst dee sech eppes weider südëstlech uschleissenden James Bay, op. Regelméisseg gi vereenzelt Äisbieren och op Neufundland an Island fonnt.

Liewensweis[änneren | Quelltext änneren]

Aktivitéitszäiten[änneren | Quelltext änneren]

Äisbierin mat hire Jonken

Äisbiere sinn dagaktiv a virun allem während dem éischten Dagesdrëttel a Bewegung. Ongeféier 29 Prozent vun hirer Zäit huele Wanderen a Schwammen an Usproch an nëmme 5 Prozent sinn dem Joen a Friessen zouzerechnen. Approximativ 66 Prozent vun hirer Zäit verbrénge si allerdéngs mat Schlofen, Raschten oder Laueren op en Affer. D'Niere vun de Jonke geschitt meeschtens Mëttes (Sonnenhéichpunkt).

D'Polarbieren op der Südküst vun der Hudson Bay, déi am Grenzberäich vun Tundra an Taiga liewen, leeë sech während dem Summer heiansdo Äerdkaulen un, fir de Permafrostbuedem als Killung ze benotzen. Am Géigesaz zu anere Bierenaarten halen Äisbieren allerdéngs keng Wanterrou, well de Wanter hinnen optimal Konditioune fir d'Robbejuegd bitt. Bei extreme Wiederverhältnesser loosse si sech aschneien an trotze sou och staarke Schnéistierm a Blizzarden.

Hielechte benotze just Weibercher déi schwanger sinn. Si zéie sech vun Oktober oder November bis Mäerz an eng vun hire selwergemaachen oder fréiere Gebuertshielechten zréck. Während dem Openthalt an der Hielecht ginn d'Otemfrequenz an den Häerzschlag däitlech zréck. Well d'Kierpertemperatur awer nëmme liicht erofgeet, stellt deen Zoustand kee richtege Wanterschlof mä just eng Wanterrou duer. D'Kierpertemperatur passt sech deemno, anescht wéi bei den iwwerege Bieren, net un eng reduzéiert Offer vum Fudder un, mä soll de Klengdéieren no der Gebuert maximale Schutz bidden.

Sozialbehuelen[änneren | Quelltext änneren]

Spillkampf tëscht zwéi Polarbieren

Polarbiere si wéi all Bieren Eenzelgänger, Ausname si Mamme mat hire Jonken. D'Juegdrevéier vun engem Äisbier erstreckt sech zwar iwwer e Radius vu ronn 150 km, mä d'Déiere weise kee prononcéiert Territorialbehuelen an d'Revéieren iwwerdecke sech quasi vollstänneg. A Plaze mat vill Fudder jot dacks eng méi grouss Zuel vun Déieren a verhältnesméisseg klengem Ofstand. Souguer während dem wochelaange Waarden op d'Zoufréiere vum Mier weise souguer déi männlech ausgewuessen Äisbieren ënnereneen dacks en erstaunlech tolerant Behuelen, wéi z. B. bei ritualiséierte Kampfspiller („Sparring“).

Fortbewegung[änneren | Quelltext änneren]

E Polarbier deen daucht

Äisbiere si ganz gutt Schwëmmer, joen awer gewéinlech net am Waasser no Afferen. Si kënne méi wéi 5 Kilometer d'Stonn schwammen. Dauchgäng vun zwou Minutte si fir si einfach; d'Dauchdéift ass awer rar méi wéi zwéi Meter. U Land wanderen dacks Polarbiere stonnelaang iwwer wäit Trajeten a bréngen an der Stonn méi wéi sechs Kilometer hanner sech. Kuerz Sprinte mat 30 Kilometer pro Stonn ass fir si kee Problem. Well se sech während dem Sprinten, staark erhëtzen, si se net an der Lag sou Vitessë laang duerchzehalen.

Tëscht dem Spéitaugust a Spéitoktober 2008 ass e weiblechen ausgewuessene Polarbier, deen e Sendercollier hat, onënnerbrach eng Streck vu 687 km an néng Deeg geschwommen. Duerno ass d'Weibche geschwommen an iwwer Äisscholle gelaf, an dëst 1800 km laang. Dobäi huet et 22 % vu sengem Gewiicht verluer.[3]

Ernierung a Juegdbehuelen[änneren | Quelltext änneren]

Äisbier beim Friesse vun engem Stéck Rand am Zoo Hannover

Vun all de Bierenaarte sinn d'Äisbieren déi, déi déi am meeschten op Fleeschversuergung ugewise sinn. Si stinn op der Spëtzt vun der natierlecher arktescher Ernierungsketten, si sinn also Spëtzepredatoren. Den Haaptbestanddeel vun hirer Ernierung maache Robben aus, gréisstendeels Kréngelrobben, awer och Baartrobben a Suedelrobben, Klappmutze souwéi jonk oder geschwächt Walrossen. An Ausnamefäll kënne grouss Polarbieren och erwuesse Walrossen ufalen.[4]

Am oppene Waasser geléngt et de Polarbiere kaum, Robben ze fänken. Während dem Wanter bidde sech dogéint op Pakäisfelder an Äissplécke bescht Juegdkonditiounen. Polarbiere kënne Robbe mat hirem Gerochssënn a méi wéi engem Kilometer Distanz oder ënner engem Meter décker Äis- oder Schnéischicht opspieren. Gewéinlecherweis gräife se d'Robbe bei hiren Otemlächer. Duerch säin helle getarnte Pelz ass den Äisbier un d'Ëmgéigend ugepasst a gi vun Affer ënner dem Waasserspigel schwéier bemierkt. Un den Äislächer waarden d'Jeeër dacks stonnelaang, bis eng Robb un d'Uewwerfläch kënnt fir Loft ze huelen, an erleeën dann d'Affer duerch e séieren Zougrëff mam Gebëss oder mat de Pratzen. Dacks schnoffele se aus grousser Distanz déi klengst Loftlächer, ënner deene sougenannte Robbenhielechten ze fanne sinn. Do duerchbrieche si dann d'Äiscouche mat hirer enormer Kraaft a rappen d'Affer mat Hëllef vun hirem kräftegen Hals un d'Uewwerfläch. Awer ongeféier just ee vun zéng Fänkversich ass erfollegräich.

Gutterniert Polarbiere friesse vum frësch erluechten Déier just d'Haut an de Speck, de Rescht bleift leien. D'Reschter gi vu méi schwaache Bieren oder Polarfiiss gefriess, awer och vu Séivulle wéi d'Méiwen déi verloudert Fleesch friessen. Etlech Polarfiiss hu sech regelrecht drop spezialiséiert, Fudderreschter vu Polarbieren ze verwäerten.

Exakt Zuelen iwwer d'Quantitéit vun den Ernierungsopname vun Äisbiere loosse sech net uginn, well si ganz onregelméisseg, an un hir arktesch Liewensverhältnësser ugepasst friessen. Si verquëssen en enorme Quantum, wa si woche- oder méintlaang gehéngert hunn. Mat hirem groussvolumege Mo, deen am Verglach zu anere Raubdéier iwwerdimensionéiert ass, si s'an der Lag, och ganz vill ze friessen an dann erëm wochelaang ze héngeren.

D'Äisbiere sinn déi Raubdéiere mat de meeschte Fettreserven. Extremfäll si bekannt, bei deene sech Äisbiere bis zu 150 kg iwwer d'Duerchschnëttsgewiicht ugefriess hunn a sou am Kierper e Stock vu méi wéi engem Joer disponibel hunn. Generell stelle sech Polarbieren a Regiounen, wou se net regelméisseg Affer fanne kënnen, vum normale Stoffwiessel op Faaschten ëm an halen dës 4 bis 8, seele souguer 12 Méint duerch, an deene si da meeschtens just Séitang oder Séigras zou sech huelen, fir de Verdauungssystem aktiv ze halen.

Zur Ernierung vun Äisbieren zielen ausser Robben a jonke Walrossen och kleng Mamendéieren, wéi Äerdkaweechelcher, Lemmingen a Wullmais, souwéi Vigel, Vulleneeër a Fësch. Heiansdo erleeë se lafhandicapéiert Rendéieren an an nach méi rare Fäll och kleng Narwaler a Wäisswaler. Virun allem am Summer, wann d'Fudderauswiel begrenzt ass, friesse Polarbiere Kadaveren oder d'Fleeschreschter déi vu Jeeër zréckgelooss goufen a Planzen.

Bei männlechen ausgewuessene Polarbieren ass Kannibalismus net ongewéinlech. Jonk Äisbiere lafen ëmmer nees d'Gefor, vun engem méi ale männleche Bier gefriess ze ginn. Mammen esquivéieren dowéinst mat hire Jonken de Männchen oder verjoen dee mat Menacegesten.

Reproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Jonk Äisbieren

Déi ongeféier eng Woch Verkopplungszäit fält, jee no nërdlech Breet, an de Méint Mäerz bis Juni. D'Zäit vun der Befruchtung bis zu der Gebuert dauert ongeféier aacht Méint. Mä et kënnt eréischt Enn August, Ufank September zu der Nidatioun vum Ee an domat zu enger zwéi bis dräi Méint Drozäit. Dëst ass en natierleche Schutzvirgank; wann d'schwanger Mamm nämlech duerch Ernierungsmanktem am Summer ze vill ausgehéngert ass, gëtt d'Ee vun der Annaschtung resorbéiert an den Droprozess gëtt ofgebrach.

D'Gebuert vun de Biere passéiert tëscht November a Januar, also am Wanter. Schwanger Weibercher bezéien ongeféier ee Mount virun der Gebuert eng Gebuertshielecht, an där si Wanterrou halen. D'Hielecht gëtt aus enger Verdéiwung gemaach, déi an de wouméiglechen druffege Buedem gegruewe gëtt a mat Schnéi iwwerwëlleft gëtt. Heiduerch ergëtt sech en ee bis dräi Meter laangen, dacks géi no uewe weisenden Tunnel mat enger ovaler Kummer, déi e Volume vun ongeféier dräi Kubikmeteren huet. D'Entrée vun dëser Gebuertshielecht gëtt gewéinlech als Keeltefal equipéiert. D'Weibche verléisst d'Gebuertshielecht mat hire Jonken eréischt véier Méint méi spéit (am Mäerz oder Abrëll). D'Géigenden, an deenen d'Weibercher hir Jonken op d'Welt bréngen, ginn als „Denning Areas“ (Hielechtegebidder) bezeechent.

Dat a senger Ausdehnung gréisst Gebuertshielechtegebitt vun der Arktis läit am kanadesche Wapusk-Nationalpark, dee sech an der Südküst vun der Hudson Bay ronn 70 Kilometer südëstlech vun der Stad Churchill, tëscht dem Nelson River a Cape Churchill ausdehnt („Wapusk“ ass d'Bezeechnung vun de Cree-Indianer fir „wäisse Bier“). Grouss kanadesch Hielechtegebidder erstrecke sech ausserdeem ëm d'Mëndung vum Winisk River an der Hudson Bay (südëstlech vum Wapusk-Nationalpark), ëm d'Agu Bay op der Westküst vun der Baffin-Insel no vum westlechen Enn vun der Fury-an-Hecla-Strooss a laanscht dem Ukkusiksalik-Nationalpark gehéierende Wager Bay souwéi an den Nordwesteck vun der Hudson Bay. Bausse vu Kanada fënnt ee Gebuertshielechtegebidder an Alaska, op Grönland, op Spitzbergen an op der Wrangelinsel am Nordoste vu Sibirien.

D'Gebuert besteet aus engem bis (ganz rar) véier, iwwerweiend allerdéngs ongeféier zwee kanéngchegrouss Polarbieren, déi bei der Gebuert ganz reng behoert sinn. Viréischt si si nach blann an daf a weien tëscht 400 bis 900 Gramm. An den éischte béide Méint erreeche si e Gewiicht vun 10 bis 15 Kilogramm an hire wäisse Pelz gëtt ëmmer méi dicht. D'Jonke ginn 1½ bis 2½ Jore geniert. Während där Zäit léiere si d'Juegdbehuele vun der Mamm a gi schliisslech vun hir verlooss. Ënner den haarde Konditioune vun der Arktis iwwerlieft nëmmen d'Hallschent vun de Jonkdéieren déi éischt fënnef Joren no der Gebuert.

Polarbiere gi mat ongeféier fënnef bis sechs Joer geschlechtsräif. Ab 20 Jore geet d'Fruchtbarkeet vun de Weibercher däitlech zréck.

Äisbieren a Mënschen[änneren | Quelltext änneren]

Pelz vu gejote Bieren am Ittoqqortoormiit (NO Grönland)

Menace a Schutz[änneren | Quelltext änneren]

Scho virun dem Kontakt mat den Europäer hunn d'indigen Vëlker vun Nordasien an Nordamerika Äisbiere gejot, besonnesch wéinst dem Äisbierpelz an dem Speck. Am 20. Joerhonnert huet d'Joe vu Polarbiere sech intensivéiert opgrond vun der kommerzieller Ausnotzung vun alle Kierperdeeler, virun allem awer aus rengem Pleséier (Trophäejuegd). D'Benotze vu Fligere fir d'Lokaliséierung vun den Déieren an als Transportmëttel hunn zu drastesche Reduzéierunge vun de Populatiounen an den 1950er- an 1960er-Jore geféiert, op weltwäit geschat 5.000 bis 10.000 Déieren. 1973 hu Kanada, d'Vereenegt Staate vun Amerika, Dänemark (fir Grönland), Norwegen (fir Svalbard) an d'Sowjetunioun mat engem Ofkommes decidéiert, d'Juegd anzeschränken, den Habitat ze schützen an d'gemeinsam Fuerschung ze verstäerken. D'Juegd duerch Trophäejeeër ass weiderhin a Kanada, dem Land mat dem gréissten Äisbierbestand, souwéi zanter 2005 erëm a Grönland erlaabt a gëtt offiziell duerch Juegdquote limitéiert.[5] Hobbyjeeër bezuele fir d'Juegd op een Äisbier bis zu 30.000 Euro.[6] Kanada a Grönland ënnerschreiwen am Oktober 2009 een Ofkommes, datt d'Juegdquoten op eng nohalteg Mooss begrenze soll.[7] Doriwwer eraus gëtt et speziell Reglementatioune fir d'indigen Vëlker. Duerch sou Schutzmoossnamen huelt d'Zuel vun Äisbieren no Schätzunge vun der IUCN weltwäit am Ament op ongeféier 20.000 bis 25.000 Déieren zou.[8] Eng Aschreiwung vun USA no engem strikten Handelsverbuet baussecht de fënnef Länner mat Polarbierpopulatioun gouf am Mäerz 2010 op der Konferenz vun de Traitésstaate vum Washingtone Aarteschutzofkommes an Doha ënner anerem mat de Stëmme vun der Europäescher Unioun ofgeleent.[9]

A jonker Zäit sinn allerdéngs zwéi weider Facteure fir d'Menace vun den Äisbieren entscheedent ginn. Zum enge ginn duerch d'verstäerkt Promotioun vu Pëtrol an Äerdgas an den arktesche Regiounen hire Liewensraum ageschränkt. Besonnesch déi Gebidder, an deene sech d'Weibercher zréckzéie fir d'Wanterrou a Gebuert, ginn heiduerch och geschuet. Zum anere gëtt gefaart, datt d'Liewensraim vun de Polarbieren duerch d'global Erwiermung generell drastesch zréckginn.[10] Beim prognostizéierte Réckgang vun de Folge vun der globaler Erwiermung an der Arktis ass z'erwaarden, datt bis d'Mëtt vum Joerhonnert 2/3 d'Äisbierpopulatioun verluere geet.[11] Verschwënnt d'Mieresäis komplett, ass et onwahrscheinlech, datt d'Äisbieren als Aart iwwerliewen.[12]

Sou hu Fuerscher vun der US-Wëssenschaftsadministratioun Geological Survey am Juni 2006 an der Zäitschrëft Polar Biology gemellt, datt se zanter 2004 widderhuelt Iwwerreschter vun erwuesse weiblech Polarbiere fonnt hätten, déi vu männlechen Aartkameroden ëmbruecht goufen an deelweis och opgefriess gi waren. An engem Cas gouf ee Foussofdréck vun engem Jonkdéier nieft dem doudege Weibchen entdeckt. D'Jonkdéier konnt entkommen, well d'ugräifend Männercher hien net nogaange sinn. D'Fuerscher ëm den Teamleiter Steven Armstrup sinn der Meenung, datt dëst Behuelen en Unzeechen ass, datt d'Honger d'dreiwend Kraaft fir den Ugrëff war an net d'Ëmbrénge vun engem onbekannte Jonkdéier. All Fäll sinn a Gebidder geschitt, an deenen d'Polaräis méi a méi ewechschmëlzt. D'Déieren an dëse Regioune wieren ausserdeem opfalend dënn.[13]

Och no Observatioune vun den Inuite sinn d'Äisbiere wéinst d'Äisschmelz am Polarmier menacéiert. S'erdrénken, well d'Äis op Grond vun der Klimaerwiermung net déck genuch ass. Dobäi si se an der Moyenne 50 Kilogramm méi liicht wéi virun 20 Joren.[14]

D'IUCN féiert de Polarbier am Status menacéiert (vulnerable) a rechent mam Réckgang vun der Populatioun.

Ugrëff op Mënschen[änneren | Quelltext änneren]

Verglach mat anere Bieren neigen Äisbiere méi dozou, Mënschen als Affer ze consideréieren. Wann et och wéinst der dënner Besiidlung vun der Arktis verhältnesméisseg rar zur Konfrontatioun kënnt, gëtt trotzdeem vun Zäit zu Zäit vun déidlech Begéinunge mat Mënsche gemellt. Am heefegste geschéien Attacken duerch Jugendlecher souwéi Mammendéiere mat Kanner.[15]

Äisbieren an der Kultur[änneren | Quelltext änneren]

L'Ours Blanc vum François Pompon

An der Mythologie vun den Inuite spillt „Nanuq“ (Inuktitut-Wuert fir Äisbier) generell eng bedeitend Roll. Regional gëtt et souguer e Mythos, wouno e besonnesch ervirgehuewene Polarbier „Här vun de Polarbieren“ wier an decidéiere kéint, ob d'Jeeër d'Regele korrekt gefollegt hunn; eréischt duerno wier eng erfollegräich Äisbierejuegd méiglech. Och vun aneren arktesche Vëlker sinn ähnlech Mythe bekannt. Bis haut ass de Polarbier op d'Wope vu Grönland an och anere Wopen a Fändele vun nërdleche Länner ze fannen.

Eng vun de bekanntste kënschtlechen Duerstellunge vum Äisbier ass déi vum François Pompon 1922, wou den Artist, an engem Still dee seng Schutzmark ginn ass, e Polarbier liicht stiliséiert representéiert mat disproportionéiert Patten, dat dem Bier e saisissanten Androck vu Liewe gëtt. D'Original ass aus Marber a fënnt een haut am Musée d'Orsay zu Paräis, eng Kopie ass am Jardin Darcy zu Dijon. Et ass ënner anerem eent vun de meescht bekannte Symboler vun der Stad, no deem vun der Échel vun Notre-Dame vun Dijon.

An der Literatur an am Film, virun allem fir Kanner, kommen ëmmer nees Polarbiere vir. D'Beléiftheet vun Tëleesendungen a Fotobicher iwwer Äisbieren ass zanter Joren ongebrach. E bekannt Beispill ass d'Billerbuchserie Klengen Äisbier vun Hans de Beer, iwwersat op Lëtzebuergesch vum Georges Hausemer.

2007 an 2008 goufen zwéi jonk Äisbiere Knut a Flocke ee globale Mediephenomen.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Baussescht Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Opgrond vun den Ënnerscheeder am Kierperbau gouf den Äisbier zäitweis an enger eegener Gattung Thalarctos ageuerdnet. Méi jonk Systematiken uerdnen hien awer generell an der Gattung Ursus an, zu där ënner anerem och Brongbier an de Schwaarzbier gezielt ginn. Deen, deen am nächste Famill mam Äisbier ass, ass de Brongbier.

Aus enger DNA-Analys mat Mitochondriume gouf 2010 ofgeleet, datt sech d'Aarte viru ronn 150.000 Joren opgespléckt hunn.[16][17] Dës genetesch Ënnersichunge vu mitochondrialer DNA hat nogeluecht, datt munnech Brongbierepopulatioune méi no mam Polarbier Famill wiere wéi ënnereneen. Dohier huet hie bis viru kuerzem als Paradebeispill fir eng „paraphyletesch Aart“ gegollt, dat ugefouert gouf, fir den traditionellen Aartkonzept a Fro ze stellen. Eigentlech hätt een dann nämlech de Polarbier als Ënneraart vum Brongbier ugesi kënnen.

Nei genetesch Etüden hunn dës Kuckweis widderluecht. En ëmfaassende Vergläich vum Ierfgutt vun den Zellkäre koum zum Resultat, datt d'Ofspaltung vu Polar- a Brongbier scho virun 338.000 bis 934.000 Jore passéiert ass, also méi fréi wéi vun der mitochondrialer DNA-Analys ofgeschat gouf.[18][19] Déi Etüd gouf zanterhier duerch weider Studie confirméiert, an elo gëllt den Äisbier als eegestänneg Aart, als Gesëschteraart vun de Brongbieren.

Hybridbildung tëscht Polar- a Brongbier[änneren | Quelltext änneren]

E Grolar ass d'Kräizung tëscht engem Polarbier an e Grizzlybier

Äis- a Brongbiere kënne sech ënnerenee kräizen a kënne fruchtbar Nokommen zillen. Eng Hybridatioun zwëscht de béiden Aarte war laang nëmme vun Zoodéiere bekannt. Am 16. Abrëll 2006 huet e Sportjeeër, Jim Martell aus dem Vereenegte Staat Idaho, ganz no vu Sachs Harbour op der Banksinsel (Nordwest-Territoiren, Kanada) ee supposéierten Äisbier gejot, deen e gielzege Pelz hat. De Pelz vum Bier war éischter ganz hellbrong, wéi et bei helle Grizzlybieren de Fall ass. Eng DNA-Analys vun Experten aus dem Ëmweltministère vun den Nordwest-Territoirë koum op de Schluss, datt dat erluecht Déier iwwerraschenderweis en Hybrid aus Äisbier a Grizzlybier (eng Ënneraart vun de Brongbieren) ass. Normalerweis kënne sech béid Bierenaarten net verdroen, wa se sech iwwerhaapt an der Arktis begéinen. Ausserdeem verkoppele sech Polarbiere gewéinlecherweis um Äis a Grizzlyen um Festland, dowéinst huet bislaang eng Verkopplung tëscht béiden Aarten als onwahrscheinlech gegollt.[20][21]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Douglas P. DeMaster, Ian Stirling: Ursus maritimus. Am: Mammalian Species. Nr. 145, S. 1–7.
  • Bernhard Grzimek: Säugetiere 3. Bechtermünz, Augsburg 2001, ISBN 3-8289-1603-1 (Grzimeks Tierleben, Band 12).
  • Savva M. Uspenski: Der Eisbär. Thalarctos maritimus. 2. Oplag. Westarp-Wissenschaften, Magdeburg 1995, ISBN 3-89432-647-6 (Die Neue Brehm-Bücherei, Band 201; Nodrock vun der 1. Oplag vun 1979).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äisbier – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Äisbier – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Artikel vun Daniel W. Koon, Professer an der St.-Lawrence-Universitéit, New York
  2. H. Senoo, K. Imai, Y. Mezaki, M. Miura, M. Morii, M. Fujiwara, R. Blomhoff: Accumulation of vitamin A in the hepatic stellate cell of arctic top predators. An: Anatomical record (Hoboken, N.J. : 2007). Band 295, Nummer 10, Oktober 2012, S. 1660–1668, ISSN 1932-8494. DOI|10.1002/ar.22555. PMID 22907891.
  3. George M. Durner, John P. Whiteman, Henry J. Harlow, Steven C. Amstrup an Eric V. Regehr, et al.: Consequences of long-distance swimming and travel over deep-water pack ice for a female polar bear during a year of extreme sea ice retreat, Polar Biology, 2011, Volume 34, Nummer 7, Säiten 975-984, DOI|10.1007/s00300-010-0953-2
  4. YouTube-Video: polar bear vs walrus
  5. Polarbierejuegd a Grönland Prowildlife Pressebericht 28. Januar 2005
  6. Rapport op Prowildlife Klima, Juegd, Äisbier vum 7. September 2009
  7. Noriicht op N24 iwwer d'Ofkommes zu de Juegdquoten 31. Oktober 2009
  8. Resultat vum Rapport iwwer d'14. Reunioun vun der IUCN 2005 a Seattle; kuckt S. 33–35 (PDF, englesch)
  9. Aarteschutzkonferenz géint Handelsverbuet fir Polarbieren 19. Mäerz 2010
  10. Stirling, Ian und Claire L. Parkinson (2006): Possible Effects of Climate Warming on Selected Populations of Polar Bears (Ursus maritimus) in the Canadian Arctic, an: Arctic, Vol. 59, Nr. 3, September, S. 261–275 (PDF)
  11. Amstrup et al. (2007): Forecasting the Range-wide Status of Polar Bears at Selected Times in the 21st Century, USGS, (PDF; 2,40 MB)
  12. Derocher et al. (2004): Polar Bears in a Warming Climate, in: Integrative and Comparative Biology, Vol. 44, S. 163-176, online
  13. Spiegel-Online vum 13. Juni 2006 an d'Agentur AFP vum 15. Juni 2006
  14. Angaangaq, geeschtege Representant vun den Inuiten an engem Interview mat Publik-Forum. Nr. 6, 23. Mäerz 2007
  15. [1]
  16. Charlotte Lindqvist ë. a.: Complete mitochondrial genome of a Pleistocene jawbone unveils the origin of polar bear. An: Proceedings of the National Academy of Sciences. Band 107, Nr. 11, 2010, S. 5053–5057,
  17. Bären-Trennung vor 150.000 Jahren: Eisbär evolutionär sehr jung. An: n-tv. 7. Mäerz 2010
  18. Frank Hailer, Verena E. Kutschera, Björn M. Hallström, Denise Klassert, Steven R. Fain, Jennifer A. Leonard, Ulfur Arnason & Axel Janke: Nuclear Genomic Sequences Reveal that Polar Bears Are an Old and Distinct Bear Lineage. Am: Science. Band 336, Nr. 6079, 20. Abrëll 2012, doi:10.1126/science.1216424, S. 344–347
  19. 600.000 Jahre: Analyse enthüllt lange Geschichte der Eisbären. Am: Spiegel Online. 20. April 2012
  20. Süddeutsche Zeitung Nr. 112 vum 16. Mai 2006, S. 22
  21. Grizzly end for polar bear crossbreed