Idaho

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Idaho
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: The Gem State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Boise
Gréisst Stad: Boise
Gouverneur: Brad Little
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 14. Plaz
216.446 km²
0,98 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 38. Plaz
1.839.106 (2020)
8,33/km²
Opgeholl als Memberstaat: 3. Juli 1890 (43ten)
Zäitzon: UTC-8 bis -6


Den Idaho ass e Bundesstaat am Nordweste vun den USA. Den Idaho ass zanter dem 3. Juli 1890 den 43. Bundesstaat vun den USA. Virdru war den Idaho haaptsächlech vun Indianer bevëlkert. Den Numm soll vun Ee-dah-how kommen, e Wuert aus der Sprooch vum Indianerstamm vun de Schoschonen an dat Liicht op de Bierger bedeite soll. Dat ass awer nëmmen eng Theorie an déi richteg Bedeitung ass bis haut net ganz kloer.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Idaho grenzt am Norden u Kanada, am Osten un de Montana an de Wyoming, am Westen un de Bundesstaat Washington an den Oregon an am Süden un den Nevada a Utah. Den Idaho huet 44 Counties.

D'Landschaft vum Idaho besteet haaptsächlech aus Bierger an aus wäiten onberéierte Landschaften. Am Oste vum Staat verlafen d'Rocky Mountains.

Gréisst Stied[änneren | Quelltext änneren]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Idaho – Biller, Videoen oder Audiodateien