Bieren

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bieren
E Bronge Bier

E Bronge Bier
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Héijer Mamendéieren
Uerdnung: Raubdéieren
Iwwerfamill: Hondsdéieren
Famill: Bieren
Wëssenschaftlechen Numm
Ursidae
Fischer 1817
Gattungen

Ursus
Tremarctos
Ailuropoda
Melursus
Helarctos


D'Bieren oder Groussbieren (Ursidae) sinn eng Mamendéierfamill aus der Uerdnung vun de Raubdéieren (Carnivora).

Di meescht Biere sinn Allesfrësser an erniere sech vu Planzen an Déieren. Meeschtens huele si wat se kréien, wéi Planzen, Friichten, Hunneg, Insekten a Fësch. Well si schlecht Ouren an An hunn, hëllefe si sech mam Gerochsënn fir hir Nahrung ze fannen.

De Bier ass kräfteg gebaut an huet stämmeg Been. Un all Fouss huet en fënnef schaarf Krallen fir ze gruewen, ze klammen an fir säi Friessen ze zerrappen. De kräftege Kifer huet unspezialiséiert Zänn fir verschidden Zorte Friessen kënnen ze zerknaen. Biere kënnen zimlech séier lafen a sech op zwee Been oprichten.

[änneren] Kuck

[änneren] Um Spaweck

Commons: Ursidae – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen