Famill (Biologie)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Famill (lat. familia) ass an der Biologie eng systematesch Kategorie, déi verschidde Gattungen zu enger Grupp zesummefaasst. All d'Gattungen, an also och d'Aarten aus enger selwechter Famill stame vun engem selwechte Virfahren of.

Iwwert der Famill steet d'Kategorie Iwwerfamill, an drënner d'Ënnerfamill.

E Beispill ass:

  • Iwwerfamill: Hominoidea
    • Famill: Mënschenafen (Hominidae)
      • Ënnerfamill: Homininae

D'Kategorie iwwert der Iwwerfamill ass d'Uerdnung.

An der Botanik halen d'Familljenimm mat -aceae an an der Zoologie mat -idae op.