Grizzly

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Grizzlybieren. Fir d'Motoen, kuckt wgl. Grizzly (Motoen).
Grizzly
E Grizzly am Yellowstone Nationalpark.

E Grizzly am Yellowstone Nationalpark.
E Grizzly am Yellowstone Nationalpark.
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Uerdnung: Raubdéieren
Iwwerfamill: Hondsdéieren
Famill: Bieren
Gattung: 'Ursus'
Aart: Bronge Bier (Ursus arctos)
Ënneraart: Grizzlybier
Wëssenschaftlechen Numm
'Ursus arctos horribilis'
George Ord
Verbreedung vum Grizzly. Hell: fréier, donkel: hautdesdaags.

E Grizzly oder Grizzlybier (Ursus arctos horribilis) ass eng Ënneraart vum Bronge Bier, déi an Nordamerika virkënnt.

Et gëtt haut nach eng 50.000 Déieren, déi virun allem an a ronderëm de Rocky Mountains an an Alaska liewen, do besonnesch an den Naturreservaten an Nationalparken, wéi de Yellowstone Nationalpark.

D'Faarf vum Pelz variéiert jee no Kascht a geographescher Lag tëscht gielbrong a gro ("grizzly" heescht op Englesch "groelzeg") bis bal schwaarz. Och hiert Gewiicht hëlt, wat ee méi no Süde geet, of. Männercher si bal duebel sou schwéier wéi d'Frächen. Vum Kapp bis un den Hënner kënne Grizzlyen 1,5 bis 2,5 m laang ginn, a vum Buedem bis un d'Schëller sinn et och gutt 1,5 m.

D'Grizzlye sinn, wéi déi meescht Bieren, Allesfrësser. Si friesse Planzen, wéi Grieser, Kraider, Schëss, Bléie, Wuerzelen, Nëss a Pilzen, am Summer zemools gär Bieren. U Fleeschkascht stinn Insekten an deenen hir Larven, Vigel an hir Eeër, Knabberdéiere wéi Wullmais, Kaweechelcher, asw. um Menü. Si joen awer och méi grouss Déieren, wéi Elchen, Rendéieren, Wapitien, Bisonen, Hirschen a Gafelbéck. Un der Pazifikcôte ass de Saumon, wann deen d'Flëss op schwëmmt, fir sech ze reproduzéieren, e wichtegen Deel vum Kascht.

D'Weibercher bréngen ongeféier all zweet Joer ëm déi zwee (heiansdo bis zu véier) Jonker op d'Welt. Déi Jonk komme wärend der Wanterrou, am Januar-Februar, blann an daf op d'Welt a si bei der Gebuert 30 cm grouss a just 350 g schwéier. Si bleiwen 2-3 Joer bei hirer Mamm.

Grizzlye sinn an der Reegel schei a ginn de Mënschen aus dem Wee. Zu vereenzelten Attacke kënnt et nëmmen, wa Mënsche Grizzlye mat Jonken oder beim Friesse vun engem Déierkadaver iwwerrascht oder se soss provozéiert hunn. Gräift e Grizzly un, soll een net probéiere, fortzelafen (si si méi séier), mä sech zesummendruddelen a wéi dout op de Buedem leeën.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • M.A. Cronin, S.C. Amstrup, G.W. Garner, E.R. Vyse: Interspecific and specific mitochondrial DNA variation in North American bears (Ursus). Canadian Journal of Zoology, 1991, 69: 2985–2992, ISSN 0008-4301.
  • L.P. Waits, S.L. Talbot, R.H. Ward, G.F. Shields: Mitochondrial DNA phylogeography of the North American brown bear and implications for conservation. Conservation Biology, 1998, 12: 408–417, ISSN 0888-8892.
  • Bernd Brunner: Eine kurze Geschichte der Bären. Claassen-Verlag, 2005, ISBN 3-546-00395-0.
  • Charlie Russel, Maureen Enns: Die Seele des Bären. Unser Leben mit den Grizzlys von Kamtschatka. Goldmann-Verlag, 2002, ISBN 3-442-30993-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grizzlybieren – Biller, Videoen oder Audiodateien
Grizzlybieren