Hunneg

Vu Wikipedia
Hunneg a Bréidercher

Hunneg ass e Liewensmëttel, dat vun den Hunnegbeie gemaach gëtt, fir Iessensreserve fir iwwer de Wanter ze hunn. Si sammelen dofir Nektar vu verschiddene Bléien oder Hunnegda, déi béid virun allem aus Zocker, Mineraler a Spuerenelementer bestinn. Béides verwandele se an Hunneg, andeems se eegen Enzymer derbäiginn, an iwwerflëssegt Waasser verdonsten doen.

De Goût, de Geroch an d'Faarf vum Hunneg hänken dovun of, vu wat fir Bléien den Nektar oder vu wat fir Beem den Hunnegda dofir geholl gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hunneg – Biller, Videoen oder Audiodateien