Zellkär

Vu Wikipedia

Den Zellkär ass déi gréisst Organell an enger eukaryotescher Zell (ongeféier 10 μm Duerchmiesser). En ass vun der sougenannter Kärenvelopp ëmginn, eng duebel Biomembran. En enthält d'Kärplasma mat der Chromatin. Déi rout Bluttkierpercher vu Mamendéieren an d'Bluttplättecher hu keen Zellkär.

Kärenvelopp[änneren | Quelltext änneren]

Den Zellkär ass duerch eng duebel Membran vum Zytoplasma ofgetrennt. Well et keng einfach Membran ass wéi een se ronderëm d'Zell an aner Organelle fënnt, seet ee besser Kärenvelopp wéi Kärmembran. De Raum tëscht deenen 2 Membranen heescht perinukleare Raum. D'Kärenvelopp ass no baussen a Verbindung mam endoplasmatesche Reticulum. Bannena gëtt se vun der Nuklearlamina (eng Schicht Intermediärfilamenter) doubléiert, déi se stabiliséirt an un där sech d'DNS ka festmaachen.

Fir den Trafic tëscht dem Kärplasma an dem Zytoplasma z'erméiglechen, sinn an der Kärenvelopp Poren déi Substanzen (Moleküllen) eran an eraus loossen.

Um Ufank vun der Zelldeelung gëtt d'Nuklearlamina phosphoriléiert an d'Envelopp "zersetzt" sech, bleift awer ënner der Form vu Vesikelen erhalen. Um Enn vun der Zelldelung gett d'Lamina dephosphoriléiert an d'Envelopp setzt sech nees nei aus de Vesikelen zesummen.

Roll vum Zellkär[änneren | Quelltext änneren]

Am Zellkär gëtt d'DNS stockéiert an déi nei DNS synthetiséiert (= Replikatioun). Donieft ginn och d'RNSen am Kär hiergestallt (= Transkriptioun).

Am Kär kënnen awer keng Proteinne synthetiséiert ginn, déi mussen all aus dem Zytoplasma importéiert ginn, z. B. d'Histonen an déi verschidde Polymerasen.

Nukleol[änneren | Quelltext änneren]

De Nukleol ass eng Regioun am Kär an där verschidden ribosomal RNSen hiergestallt ginn a sech da mat de Ribosomproteinne verbannen déi importéiert goufen. Eng aner Funktioun vum Nukleol ass d'Synthes vun NAD+.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cell nucleus – Biller, Videoen oder Audiodateien