Biomembran

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Déi biologesch Membrane wéi z. B. d'Zellmembran bestinn aus Lipiden, Proteinen a Kuelenhydrater a verschiddene Proportiounen. Déi Molekülle bilden e sougenannte flëssege Mosaik (fluid mosaic) nom Modell vu Singer an Nicholson (1972).

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Lipiden[änneren | Quelltext änneren]

Phospholipid
  • De gréissten Deel vun de Lipiden an enger Biomembran si Phospholipiden, déi amphipathesch sinn, d. h. gläichzäiteg hydrophil (duerch e polare "Kapp") an hydrophob (duerch zwéin apolar "Schwänz"). Si sinn an enger duebeler Schicht uguerdnet, an där déi hydrophob Deeler no banne gedréint sinn an déi polar Käpp op béide Säite mat dem Milieu ronderëm a Kontakt sinn.
  • Donieft fënnt een och nach Cholesterol an de Biomembranen. Deen hëlleft d'Fluiditéit vum Ensembel ze reguléieren. Wann den Taux vu Cholesterol an enger Membran zouhëlt gëtt se manner fluid.
Lipidmembran

Proteinen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Proteinen an de Membrane kënnen intrinsek sinn d. h. een oder méi transmembranéis Domäner hu Stécker déi duerch d'Membran ginn. Déi Domäner bestinn aus hydrophoben Aminosaieren an hunn eng \alpha-Helix-Sekundärstruktur.
  • Se kënnen och duerch e Lipid aus der Membran un där fixéiert sinn.
  • Eng weider Méiglechkeet ass datt se duerch schwaach Bindungen (net-kovalent Bindungen) mat engem intrinseke Protein verbonne sinn, dat sinn déi peripher Proteinen.

Kuelenhydrater[änneren | Quelltext änneren]

D'Kuelenhydrater déi zu enger Membran gehéieren, sinn entweder u Lipiden (Glykolipiden) oder u Proteinen (Glykoproteinen) festgemaach.

Fluiditéit[änneren | Quelltext änneren]

D'Fluiditéit vun de Biomembranen entsteet doderduerger datt hir Bestanddeeler säitlech kënnen diffuséieren, d. h. d'Membran net verloossen an net d'Säit (banne-baussen) wiesselen. Wat d'Phospholipide méi gesiedegt Fettsaieren enthalen, wat d'Membran méi steif ass. cis-ongesiedegt Fettsaieren dogéint erhéijen d'Fluiditéit. Wann d'Temperatur ofhëlt, geet d'Produktioun vun ongesiedegte Fettsaieren an d'Luucht well d'Keelt d'Fluiditéit verklengert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Singer, S.J. an GL Nicholson, 1972. The fluid mosaic model of the structure of cell membranes. Science 175: 720-731.
  • Jacobson, Sheets, & Simpson, 1995. Revisiting the fluid mosaic model of membranes. Science 268: 1441-1442. Eng Iwwersiicht, iwwer dat, wat vun 1972 bis 1995 mam Singer/Nicholson "flëssege Mosaik-Modell" geschitt ass.
  • Singer S.J., 1971. The molecular organization of biological membranes. In: Structure and function of biological membranes. New York: Academic Press, S. 145-222.