Aminosaier
| Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Aminosaier ass eng organesch Molekül déi esouwuel e Carbaoxygrupp (-COOH) ewéi eng Aminogrupp (–NH2) huet. An der Natur sinn d'
-Aminosaier (den –NH2-grupp befënnt sech um 2. C-atom dem sougenannten C
) am wäitesten verbreet well si d'Grondbausteng vun de Proteinne sinn. Um C
ass och d'Säiteketten (R) ugebonn. Dës bestëmmt hir Aart an hir biochemesch Eegeschaften a Verwendungen.
[änneren] Virkommen
Bis haut sinn an der Natur méi wéi 200 Aminosaieren entdeckt ginn. Just 20 vun hinne sinn allerdéngs fir den Opbau vun Eewäisser wichteg.
[änneren] Aarten
Déieren a Mënschen kënnen am Géigendeel zu de Planzen, net all déi 20 Aminosaieren déi fir d´Bildung vun Eewäiss néideg sinn, selwer opbauen. Si mussen dofir een Deel mat der Ernierung zou sech huelen. Dës ginn och nach déi essenziell Aminosaieren genannt a sinn: Histidin, Isoleucin, Leucin, Lysin, Methionin, Phenylalanin, Thereonin, Tryptophan an Valin. Da ginn et nach déi hallefessenziell Aminosaieren. Hire Bedarf hänkt vum jeeweilegen Organismus selwer of. Et sinn dës: Cystein, Tyrosin an Arginin. Déi lescht Grupp sinn déi nëtessenziell Aminosaieren a kënne vum Kierper aus anere Moleküler produzéiert ginn. Zu hinnen zielen: Alanin, Asparagin, Asparaginsaier, Glutamin, Glutaminsaier, Glycin, Prolin a Serin.
[änneren] Aufgaben
Aminosaiere si liewensnoutwendig an hirer Fonktioun als Eewäissbausteng. Verschiddener vun hinne si wuesstumsfërdernd anerer spillen eng wichteg Roll am Liewerstoffwiessel, am Immun- an Nervesystem.
Lëscht vun den 20 (+ 1 (Selenocystein)) Aminosaieren déi an de Proteinne virkommen.
|
Numm |
Ofkierzung |
Symbol |
Funktiounen |
|
Ala |
A |
Energiequell |
|
|
Arg |
R |
Wuesstum, Immunofwier |
|
|
Asn |
N |
Nerven- a Gehirzellfunktiounen |
|
|
Asp |
D |
Harnstoffsynthes, geeschteg Leeschtungsfähegkeet |
|
|
Cys |
C |
Bestanddeel vun Haut, Hoer an Neel |
|
|
Glu |
E |
Bestanddeel vun der Muskulatur |
|
|
Gln |
Q |
Energie-a Kuehlenhydratstoffwiessel |
|
|
Gly |
G |
Bestandeel vun de Schanken |
|
|
His |
H |
Wuestum |
|
|
Ile |
I |
Muskelopbau, Immunofwier |
|
|
Leu |
L |
Muskelopbau, Immunofwier |
|
|
Lys |
K |
Wuestum, Fortplanzung, Immunofwier |
|
|
Met |
M |
Bestanddeel vun Haut, Hoer, Sperma, Hämoglobin |
|
|
Phe |
F |
Hormon- an Neurotransmitterproduktioun |
|
|
Pro |
P |
Bestanddeel vun der Muskulatur |
|
|
Ser |
S |
Energiequell |
|
|
Thr |
T |
Stoffwiessel |
|
|
Trp |
W |
Entspannung, Hormon-, Neurotransmitter- an Vitaminproduktioun |
|
|
Tyr |
Y |
Hormon- an Neurotransmitterproduktioun |
|
|
Val |
V |
Muskelopbau, Funktioun vum Nervesystem |
|
|
Sec |
| Commons: Amino acids – Biller, Videoen oder Audiodateien |