Organesch Chimie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chem template.svg Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Organesch Chimie ass deen Deelberäich vun der Chimie, dee sech mam Opbau an dem Verhale vu Molekülen op Basis vu Kuelestoff-Verbindunge beschäftegt, déi och d'Bausteng vun dem bekannte Liewe sinn. Géigestéck ass historesch gesinn déi Anorganesch Chimie. Modern organesch Chimie këmmert sech drëm fir z. B. Medikamenter ze entwéckelen, dat gëtt als Totalsynthese bezeechent, a benotzt alles wat Chimie ka bidde vun Technike fir dat Medikament hierzestellen. Dat heescht, datt hei souwuel Entwécklungen aus der katalystecher Chimie wei och aus den anere Chimien.

Meeschtens gi folgend Atome gebraucht: C, H, O, N awer och : Cl, Br, I, S, P, As a Metaller: Na, Li, Mg, Zn, Cd, Pt, Ru, Sn

Bedeitung vun der Organescher Chimie [änneren]

Organesch Chimie beschäftegt sech mat dem Liewegen, si analyséiert a probéiert Origine vum Liewen ze fannen. Si hëlt d'Natur als Inspiratioun fir nei Molekülen ze schafen an domadder de Wee zu neie Medikamenter opzemaachen. D'Origine vun dem Liewe wéi mir et kenne läit an der Chiralitéit an och déi probéiert organesch Chimie ze verstoen an z'imitéieren.

Grondelementer vum Liewen sinn d'Aminosaieren, d'Fetter an d'Zockeren. Déi Moleküle probéiert d'organesch Chimie net nëmmen nozebauen, mä och als Grondsteen fir Medikamenter an aner Substanzen ze benotzen wéi z. B. Seef. Ganz wichteg als Molekülen, déi d'organesch Chimie beschäftegt, ass déi ganz genetesch Apparatur mam ADN an et gëtt probéiert se besser ze verstoe an dodrops hin verbessert Methoden an Technike fir Biologen ze proposéieren.

Een aneren Deel vun den Aufgabe vun der organescher Chimie si Polymeren, Optoélectronique, mat den Entwécklungen am LCD an TFT-Bereich, molékular Netzwirker an Nanotechnoligie mat den Fullèrene an Nanotuben.

Aner Chimië fannen och hir Ufänk an der organescher Chimie

Heiansdo gëtt awer och méi theoretesch geschafft an dëser Chimie, andeems Molekülen ouni direkt Applicatiounen entwéckelt ginn, sou wei am Joer 2004 déi éischt Si-Si Trippelbindung. Dës kennen awer spéider zu wichtegen Néientdeckunge féieren.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Organesch Chimie – Biller, Videoen oder Audiodateien