1988
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1983 | 1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1988.
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
Europa [änneren]
- 28. August: Zu Ramstein knuppe bei enger Fluchshow 3 Fligeren aneneen, een dervunner fält an de Public. 70 Leit, dorënner 3 Piloten, kommen dobäi oder un de Suitën dervunner ëm d'Liewen.
Lëtzebuerg [änneren]
- 18. Juni: Den Hellege-Geescht-Tunnel tëschent dem Viaduc an dem Eecher Bierg geet fir de Verkéier op.
- 1. Juli: De Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng mécht seng Dieren fir de Publik op.
- 5. Dezember: De Grand-Duc Jean an de belsche Kinnek Baudouin maachen d'Autobunn A4/A6 tëschent Lëtzebuerg a Bréissel op.
Afrika [änneren]
Amerika [änneren]
USA [änneren]
- 8. November: De George H. W. Bush gëtt zum 41. President vun den USA gewielt.
Südamerika [änneren]
- 5. Oktober: Brasilien kritt eng demokratesch Verfassung.
- 11. Dezember: Deen éischten Astra-Satellit gëtt vu Courou aus mat enger Ariane-Rakéit an de Weltall geschoss.
Asien [änneren]
- 15. Mee: D'Sowjetunioun fänkt dermatter un, hir Truppen aus dem Afghanistan zeréckzezéien.
Ozeanien & Pazifik [änneren]
Noen Osten an Arabesch Welt [änneren]
- 16. Mäerz: D'irakesch Arméi gräift mat Gëftgas Kurden an Assyrer zu Halabdscha un; et ginn eng 5.000 Doudeger an 10.000 Blesséierter.
- 20. August: Enn vum Éischte Golfkrich tëscht dem Iran an dem Irak.
- 2. Oktober: Zu Seoul (Südkorea) fänken déi 24. Olympesch Spiller un.
- 16. November: D'Benazir Bhutto gëtt Regierungschefin a Pakistan. Si ass déi éischt gewielte Fra un der Spëtzt vun engem islamesche Staat.
Konscht & Kultur [änneren]
Molerei [änneren]
Literatur [änneren]
Musek [änneren]
- 30. Abrëll: D'Céline Dion gewënnt fir d'Schwäiz mam Lidd Ne partez pas sans moi den 33. Eurovision Song Contest zu Dublin.
Wëssenschaft & Technik [änneren]
Sport [änneren]
- XV. Olympesch Wanterspiller zu Calgary.
- 27. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint Italien.[1]
- 25. Juni: Déi Hollännesch Foussballnationalequipe gewënnt mat 2:0 géint d'Sowjetunioun d'Foussball-Europameeschterschaft 1988.
- XXIV. Olympesch Summerspiller zu Seoul/Südkorea.
- 21. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:4 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss. [2]
- 18. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:2 géint Tschechoslowakei.[3]
- 16. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Porto, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:1 géint Portugal.[4]
Gebuer [änneren]
- ?: Alice Sara Ott, däitsch-japanesch Pianistin.
- 15. Januar: Sonny John Moore, US-amerikaneschen DJ a Musekproduzent.
- 27. Januar: Liu Wen, chinesescht Mannequin.
- 20. Februar: Rihanna, Popsängerin vu Barbados.
- 24. Februar: Clayton De Sousa Moreira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Februar: Chris Sagramola, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 9. Abrëll: Patrick Floener, lëtzebuergesche Museker.
- 4. Mee: Gérard Geisbusch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. August: Fleur Maxwell, lëtzebuergesch Äiskonschtleeferin.
- 11. August: Stefano Bensi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. August: Rupert Grint, britesche Schauspiller.
- 8. September: Ben Payal, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Oktober: Joël Zangerlé, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 6. Dezember: Sabrina Ouazani, franséisch Schauspillerin.
- 30. Dezember: Jasmine Braun, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
Gestuerwen [änneren]
- 3. Januar: Gaston Eyskens, belsche Politiker.
- 26. Januar: Edmond Dune, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 24. Februar: Memphis Slim, US-amerikanesche Bluessänger a -pianist.
- Februar: Cyril V. Jackson, südafrikaneschen Astronom.
- 24. Mäerz: Heinrich Aigner, däitsche Politiker.
- 30. Mäerz: Edgar Faure, franséische Politiker.
- 5. Abrëll: Joseph Kauffman, lëtzebuergesche Jurist a Banquier.
- 7. Abrëll: Lydie Schmit, lëtzebuergesch Politikerin.
- 18. Abrëll: Pierre Desproges, franséischen Humorist, Auteur an Tëlevisouns-Kabarettist.
- 21. Abrëll: I. A. L. Diamond, US-amerikaneschen Dréibuchauteur.
- 26. Abrëll: Guillermo Haro, mexikaneschen Astronom.
- 13. Mee: Chet Baker, US-amerikaneschen Jazzmuseker, Sänger a Komponist.
- 27. Juli: Brigitte Horney, däitsch Schauspillerin.
- 2. August: Raymond Carver, US-amerikaneschen Auteur vu Kuerzgeschichten a Gedichter.
- 11. August: Pauline Lafont, franséisch Filmschauspillerin.
- 14. August: Enzo Ferrari, italieneschen Auto-Pilot a Grënner vun der Autoconstructiounsfirma Ferrari.
- 17. August: Mohammed Zia ul-Haq, pakistanesche Generol a Staatspresident.
- 24. August: Joseph Roeder, lëtzebuergesche Paschtouer.
- 5. September: Gert Fröbe, däitsche Schauspiller.
- 4. September: Georges Kayser, lëtzebuergesche Paschtouer an Archeolog.
- 17. September: Hilde Güden, éisträichesch Koloratursopranistin a Kammersängerin.
- 21. September: Walter Vogt, Schwäizer Psychiater a Schrëftsteller.
- 3. Oktober: Franz Josef Strauß, däitsche Politiker.
- 11. November: Carlo Hemmer, lëtzebuergeschen Econom, Editeur an Auteur.
- 27. November: John Carradine, US-amerikanesche Schauspiller.
- 6. Dezember: Roy Orbison, US-amerikanesche Country- a Rock-Sänger.
- 18. Dezember: Joseph Maertz, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker.
- 27. Dezember: Hal Ashby, US-amerikanesche Filmregisseur.
| Commons: 1988 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 27. Abrëll 1988 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 21. September 1988 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei den 18. Oktober 1988 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg de 16. November 1988 um Site European Football