Olympesch Summerspiller 1988

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Spiller vun der XXIV. Olympiad
Olympesch Summerspiller
Maskottchen Hodori
Land Südkorea
Ufanksdatum 17. September 1988
Schlussdatum 2. Oktober 1988
opgemaach vum/vun der Roh Tae-woo
Olympeschen Eed Hur Jae, Son Mi-na, Lee Hak-rae
Olympesch Fakel Chung Sunman, Kim Won-tak, Sohn Kee-chung
Kompetitiounen 237 an 23 Sportaarten
Ekippen 159
Athleeten 8.397
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 1984
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 1992
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/seoul-1988

D'Olympesch Summerspiller 1988, offiziell Spiller vun der XXIV. Olympiad, goufe vum 17. September bis den 2. Oktober 1988 zu Seoul a Südkorea organiséiert.

Véier Staaten (Kuba, Ethiopien, Nicaragua an Nordkorea) hunn d'Spiller boykottéiert, well Nordkorea wéi et housch, net adequat un der Ausriichtung vun de Spiller bedeelegt wier.

Den Dëschtennis gouf als Olympesch Sportaart unerkannt an den Tennis war no 64 Joren och nees um Programm. D'Kompetitioun war och fir Profien op an déi däitsch Steffi Graf huet no hirer Grand-Slam-Tennissaison eng Goldmedail gewonnen.

De Kanadier Ben Johnson huet e Weltrekord am 100 m-Sprint opgestallt, gouf awer positiv op Steroide getest a krut doropshi seng Medail wéinst Dopping oferkannt. Hie war den éischte weltberüümten Athleet, dee wéinst Dopping disqualifizéiert gouf.

Déi däitsch Athleetin Christa Luding-Rothenburger huet am Cyclissem d'Sëlwermedail gewonnen. Nodeems si schonn am Äisschnelllaf op de Wanterspiller zu Sarajewo eng Goldmedail gewonnen hat, ass si bis haut déi eenzeg Olympionickin déi am selwechte Joer eng Medail op de Wanter- a Summerspiller gewonnen huet.

Participanten[änneren | Quelltext änneren]

Et hunn 159 Natioune mat am Ganzen 8.391 Olympioniken (2.194 Fraen a 6.197 Männer) bei 237 Kompetitiounen an 23 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg war zu Seoul mat 8 Athleete vertrueden. Se hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 17. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Fändelsdréier[änneren | Quelltext änneren]

De Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungszeremonie vum Schéisser Roland Jacoby gedroen.

Participante pro Sportaart[änneren | Quelltext änneren]

Bouschéissen[änneren | Quelltext änneren]
Liichtathleetik[änneren | Quelltext änneren]
Schéissen[änneren | Quelltext änneren]
Schwammen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olympesch Summerspiller 1988 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]