Olympesch Summerspiller 1976

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Spiller vun der XXI. Olympiad
Olympesch Summerspiller
Maskottchen Amik
Land Kanada
Stad Montréal
Ufanksdatum 17. Juli 1976
Schlussdatum 1. August 1976
opgemaach vum/vun der Elizabeth II.
Olympeschen Eed Pierre Saint-Jean, Maurice Fauget
Olympesch Fakel Stéphane Préfontaine
Kompetitiounen 198 an 21 Sportaarten
Ekippen 92
Athleeten 6.084
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 1972
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 1980
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/montreal-1976

D'Olympesch Summerspiller 1976, offiziell Spiller vun der XXI. Olympiad, goufe vum 17. Juli bis den 1. August 1976 zu Montréal a Kanada organiséiert.

No chaotesche Virbereedungen zu Montréal goufen d'Spiller deels a provisoreschen Areenaen organiséiert. 30 Staaten aus Afrika, Asien a Südamerika waren net bei de Spiller derbäi; se hu géint d'Participatioun vun Neiséiland protestéiert, well déi neiséilännesch Rugbyekipp (All Blacks) eng Tournée duerch Südafrika gemaach hat, obwuel dat Land zënter e puer Joer wéinst senger Apartheid-Politik vum internationale Sport veruecht gouf. Dem Team aus Taiwan gouf d'Arees a Kanada refuséiert, wëll d'Gaaschtland just ee „China“, deemno d'Volleksrepublik China zougelooss hat.

De Miklos Németh aus Ungarn huet am Speerwerfe gewonnen a war domat den éischte Bouf vun engem Liichtathletik-Goldmedailgewënner, dee selwer Gold gewonnen huet.

Participanten[änneren | Quelltext änneren]

Et hunn 92 Natioune mat am Ganze 6.084 Olympioniken (1.260 Fraen a 4.824 Männer) bei 198 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg war zu Montréal mat 8 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 14. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Participante pro Sportaart[änneren | Quelltext änneren]

Fechten[änneren | Quelltext änneren]
Liichtathleetik[änneren | Quelltext änneren]
Cyclissem[änneren | Quelltext änneren]
Schéissen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Olympesch Summerspiller 1976 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]