Diddeleng

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Diddeleng
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Esch-Uelzecht
Gemeng: Blason ville lu Dudelange (EschAlzette).svg Diddeleng
Buergermeeschter: Alex Bodry (LSAP)
Awunner Uertschaft: 18.448
(31.12 2007)
Koordinaten: 49° 28' 56" N
06° 05' 04" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Diddeleng ass eng lëtzebuergesch Stad. Et ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Diddeleng.

Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg. Dofir krut d'Stad nach den Numm Forge du Sud.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographesches

Diddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaséng um Rand vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.

De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden a Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander an der Uelzecht.

[änneren] Topographesches

Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op dem Iwwerreschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.

Den héchste Punkt ass op der Grenz vun Téiteng um Kalebierg op 435 m.

Eng besser bekannten héich Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m iwwer NN huet, an ëner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTL's-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.

Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.

[änneren] Nopeschuertschaften

Zu Lëtzebuerg: Helleng, Beetebuerg, Näerzeng, Keel an Téiteng

A Frankräich: Wuelmereng, Kanfen, Zoufftgen an Hoen

[änneren] Geschichtleches

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Diddeleng den Titel "Stad". Mat deem Gesetz ginn déi zwee fréier Dierfer Bireng a Butschebuerg an d'Stad mat iwwerholl a sinn haut Quartiere vun Diddeleng.

D'Geschicht vun Diddeleng ass staark markéiert vun der industrieller Entwécklung am Minett. Gläich an der zweeter Halschent vum 19. Jorhonnert war Diddeleng eng Héichbuerg vun der Stolfabrikatioun. Et war eng grouss Schmelz mat Héichiewen, engem Stolwierk an engem Walzwierk opgeriicht ginn, mat spéider niewendrunn enger Galvaniséierungsanlag, enger Sauerstoffanlag, a mat der Gare Diddeleng-Schmelz fir déi fäerdeg Produkter op Zich ze verlueden. De Schinnequai ass haut nach ee Begrëff fir all Diddelenger.

Ëm 1882 hunn d'Patrone vun der Diddelenger Schmelz den Opdrag ginn fir eng Zillebäckerei opzeriichten, wëll si Zille gebraucht hu fir hir Hangaren, Atelieren a Kamäiner ze bauen, an awer och fir d'Aarbechterhaiser an de Kolonie wéi am Brill an der Hondsgaass (rue du Travail), an an der Lachegaass (rue de Zoufftgen). Déi Fabréck gouf vun engem belschen Industriellen dem Victor Tassin opgeriicht op der Plaz déi haut de Quartier Wolkeschdall ass.

No der Restrukturéierung vun der ARBED an den 1980er Joren ass nëmme méi ee kaalt Walzwierk iwweregbliwwen an eng Beschichtungsanlag. Dat kaalt Walzwierk gouf, nodeems et zougemaach gouf, am Joer 2007 un d'ALZ vu Genk verkaaft.

Duerno hu sech zu Diddeleng a ronderem kleng, mëttel an och e puer méi grouss Industrien niddergelooss sou wéi Husky, Luxguard, Galvalange a Giebel. Galvalange s.à r.l. ass 2002 eng 100% Duechter vun Arcelor ginn a gëtt 2006 an Arcelor Dudelange s.à r.l. ëmbenannt. 2006 iwwerhëlt déi deemoleg Arcelor dann och Ewald Giebel Luxemburg s.à r.l. déi lo Ewald Giebel s.a. genannt gëtt. 2007 fusionéieren déi zwou Firmen dann zur ArcelorMittal Dudelange s.a. [1]

[änneren] Kuckeswäertes

Gehaansbierg

[änneren] Bekannt Diddelenger

D'Schoul an der Rue Ribbeschpont mat der Turnhal.
Vue iwwer Butschebuerg op den RTL-Antennepotto
RTL-Antennepotto

[änneren] Partnerschafte mat auslännesche Stied

[änneren] Literatur zum Thema

  • 100 Joer Diddeleng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.
  • Dudelange, l'usine centenaire; Lëtzebuerg, Arbed s.a., 1982, 219 S.
  • Krantz, Robert, Koerperich, Léon: Düdelinger Chronik, Band I, Aus dem Mittelalter in die Neuzeit (798-1907); Esch-Uelzecht, Imprimerie coopérative luxembourgeoise, 1980
  • Krantz, Robert, Koerperich, Léon, Conrardy, Jean-Pierre: Düdelinger Chronik, Band II, 75 Jahre Stadt Düdelingen (1907-1982) & 100 Jahre Düdelinger Hütte (1882-1982); Esch-Uelzecht, Éditpress, 1982

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Historesch Biller

[änneren] Referenzen

  1. ArcelorMittal Diddeleng
  2. cf. Antoinette Lorang: Die märchenhafte Villa des Dr Urbany; in La maison d'en face. Das Haus gegenüber. Säit 149-152, Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 1995, 202 S. ISBN 2-87964-031-8
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen