Sender vun Diddeleng
De Sender vu Diddeleng um Ginzebierg ass eng Anlag vun RTL fir Radios- an Televisiounssendungen. E war fréier, éier et Satellite gouf, och fir Transmissioune vun europawäite Sendungen eng Relaisstatioun fir d'Eurovision.
Vun do gi Sendungen a folgende Beräicher verbreet :
- Televisoun
- 1 Sender VHF vun 100 kW PAR
- 3 Senderen UHF vun 200kW bis 1000 kW PAR
- Radio-UKW
- 3 Sendere vun 100 kW PAR
Geographesch Koordinaten:
49° 27’ 48’’ N 06° 05’ 41’’ O
D'Anlag besteet aus engem administrativen an technesche Gebai, Wunnenge fir d'Techniker, an engem Sendetuerm dernieft, a si stinn op engem klenge Plateau um Ginzebierg, eng vun den héchste Koppen ëm Diddeleng op enger Héicht vu 417, 5 m iwwer NN.
De Sendetuerm besteet aus engem Gittermast an enger Antenn, déi zesummen 299 m héich sinn.
En ass an den 1960er Joren opgeriicht gi fir eng méi kleng Anlag ze ersetzen. Am Ufank war e méi héich, mee no engem Accident, den 31. Juli 1981, wou ee belsche Militärfliger dragerannt war, a bei deem ausser dem Pilot vum Fliger ee Mataarbechter vun RTL mat senger Fra ëm d'Liewe koumen, gouf de Gittermast op d'Héicht vun 285 m nei opgeriicht. Bei där Fléckerei ass och déi iewescht Antenn e bësselchen ausser Senkel geroden.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- De Sender op der Skysrapersäit
- http://pagesperso-orange.fr/tvignaud/galerie/etranger/lu-dudelange.htm
- Säit iwwer de Sender op Structurae
|
|||
|
Sender vu Beidler - Sender vun Diddeleng - Sender vun Housen - Sender vu Jonglënster - Nuetsantenn vu Maarnech - Nuetsreflekter vu Maarnech - Dagsender vu Maarnech |