Erna Hennicot-Schoepges

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Erna Hennicot-Schoepges gebuer de 24. Juli 1941 zu Diddeleng, ass eng Lëtzebuerger Politikerin a Musekerin.

D'Erna Hennicot-Schoepges ass Éierendokter vun der Sacred Heart University Luxembourg an dem Miami University John E. Dolibois European Center. Si ass bestuet a Mamm vun dräi Kanner.

Inhaltsverzeechnes

Schoulen a musikalesch Carrière [änneren]

D'Erna Hennicot-Schoepges huet Musek a Kombinatioun mat Philosophie an Literatur op folgende Schoule studéiert: Conservatoire royal de musique de Bruxelles, École normale supérieure de Paris, Mozarteum zu Salzbuerg an um Centre universitaire zu Lëtzebuerg.

Si huet hir berufflech Carrière als Museksprofessesch um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen an huet sech als Pianistin eng zolidd Renommee als Begleederin geschafen. Si huet vill Pianosrezitaler ginn an ass zesumme mat dem RTL-Orchester opgetrueden.

Ënnert dem Pseudonym "Colette" war si zéng Joer laang Mataarbechterin vu Radio Lëtzebuerg, wou si Musekssendunge moderéiert huet.

Politesch Carrière [änneren]

Vun 1976 bis 1987 war si am Gemengerot vu Walfer a vun 1988 bis Januar 1995 Buergermeeschtesch vun där Gemeng.

1979 gouf si fir d'éischte Kéier op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt a bis 2009, wou se net méi kandidéiert huet, allkéiers erëmgewielt.

Tëscht Juli 1989 a Januar 1995 war si Presidentin vun der Chamber an domat déi éischt Fra an dëser Positioun.

Niewent der Chamber war si och Member vun aneren Assembléeën:

Vum Januar 1995 bis 1999 war si an der Regierung Juncker-Poos Ministesch fir Erzéiung a Berufsausbildung, Ministesch fir Kultur a Ministesch fir Kultus. No de Wale vun 1999 gouf si Ministesch fir Kultur, Héichschoulerzéiung a Fuerschung, a Ministesch fir ëffentlech Bauten an der Regierung Juncker-Polfer. An deenen zwou Regierungsperioden war si delegéiert Ministesch fir d'Francophonie.

Vun 1979 bis 1988 war d'Erna Hennicot-Schoepges Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen a vum Februar 1995 bis am Januar 2003 Presidentin vun der CSV.

Vun 2004 bis 2009 war d'Erna Hennicot-Schoepges Deputéiert vum Europäesche Parlament.

Zënter dem 10. November 2009 ass si Member am Staatsrot.

D'Erna Hennicot-Schoepges ass a Stëftungen engagéiert, déi sech mat dem interkulturellen Dialog, dem interreliéisen Dialog an den europäesche Kulturrouten. Doriwwer eraus ass si a folgenden Organisatiounen engagéiert:

Publikatiounen [änneren]

  • Hennicot-Schoepges, Erna, 1975. L'enseignement de la musique : Aspects pédagogiques. École et vie 1: 4-7. Luxembourg.
  • Hennicot-Schoepges, Erna, 2008. Feuilletons européens 2007. Groupe du PPE-DE au Parlement européen, Bruxelles. 87 p.
  • Hennicot-Schoepges, Erna, 2009. Feuilletons européens 2008. Groupe du PPE-DE au Parlement européen, Bruxelles. 91 p.
  • Hennicot-Schoepges, Erna, & Beatrice Ungar, 2011. Von Schubert bis Praid : Leseproben einer Seelenverwandschaft. Sibiu/Hermannstadt : Honterus. 90 p. ISBN 978-973-1725-70-3.

Um Spaweck [änneren]


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen