Jean Asselborn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Jean Asselborn

De Jean Asselborn (*27. Abrëll 1949 zu Stengefort) ass e lëtzebuergesche Politiker.

1967 huet de Jean Asselborn mat der Schoul opgehal a goung an de Laboratoire vum Pneuëproduzent Uniroyal schaffen. Hien huet sech fréi an der Gewerkschaftsbewegung engagéiert a gouf Représentant vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Aarbechterverband.

1968 gouf de Jean Asselborn Gemengebeamte vun der Stad Lëtzebuerg, an 1969 vun der Gemeng Stengefort.

1976 huet hie seng Première am Kolléisch an der Stad gemaach, op déi e sech an Owescoursën preparéiert hat. Hien huet dunnan der Verwaltung vum Stengeforter Spidol geschafft. Dono huet hie sech op der Universitéit Nanzeg ageschriwwen an do 1981 eng Maîtrise a Privatrecht gemaach.

Tëschent 1982 an 2004 war hie Buergermeeschter vu Stengefort.

1984 gouf hien op der Lëscht vun der LSAP an d’Chamber gewielt an zënterhir erëmgewielt. 1989 gouf hie Fraktiounspresident vun der LSAP an der Chamber, an 1997 Parteipresident.

Tëschent 1999 an 2004 war de Jean Asselborn Vizepresident vun der Chamber. Hie war och Member vum Comité vun de Regiounen a Vizepresident vun der Europäescher Sozialistescher Partei.

Vun 2004 bis 2009 war de Jean Asselborn Vize-Premierminister, Ausseminister a Minister fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn I. Och an der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, ass hien zënterhir nees Vize-Premier an Ausseminister.

De Jean Asselborn ass bestuet an huet 2 Kanner.


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean-Pierre Foehr - Jacques Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen

Perséinlech Tools