Joseph Bech
De Joseph Bech gebuer de 17. Februar 1887 zu Dikrech a gestuerwen den 8. Mäerz 1975 an der Stad war e lëtzebuergesche Politiker.
De Joseph Bech wiisst an enger politesch aktiver Famill op. Nom Kolléisch zu Iechternach studéiert hien Droit zu Fribourg an zu Paräis an etabléiert sech 1914 als Affekot zu Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
Politesch Carrière [änneren]
Am Juni 1914 gëtt hien, als Vertrieder vun der Musel, Deputéierte fir d'Rietspartei an der Chamber. 1921 gëtt hien Innen- a Bildungsminister an der Regierung Reuter an 1923 zousätzlech och nach Justizminister. No engem kuerzen Intermezzo an der Oppositioun gëtt de Bech 1926 Premierminister, Ausseminister, Bildungs- a Wäibauminister. D'Poste vun Aussen- a vu Wäibauminister sollt hien ouni Ënnerbriechung bis 1954 behalen, Premier ass hie bis 1937, wou seng Regierung beim Referendum iwwert d'Maulkuerfgesetz eng Néierlag huet missen astiechen. Zäitweileg ass hien och fir d'Ressorte Landwirtschaft, Konscht a Wëssenschaft, an Intérieur zoustänneg.
Am Zweete Weltkrich ass de Joseph Bech Ausseminister an der Exilregierung zu London. Hien huet do 1944 d' Benelux-Traitéen ënnerschriwwen.
Och den NATO - Vertrag (Ënnerschrëft: de 4. Abrëll 1949 zu Washington DC) an den Traité vun der CECA (Ënnerschrëft: den 18. Abrëll 1951 zu Paräis) droe seng Ënnerschrëft.
Vun 1953 (nom Doud vum Pierre Dupong) bis 1958 ass de Joseph Bech Premierminister. Hien ass bis 1959 Regierungsmember, an duerno bis 1964 Deputéierten a Chamberspresident.
Gielercher [änneren]
- Grand-Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1932)[1]
Literatur [änneren]
- Haag, Emile: Joseph Bech *1887 †1975: au service du pays des années 1920 aux années 1950, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 444-455); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
Kuckt och [änneren]
- Cercle Joseph-Bech
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Regierungen
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Joseph Bech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- Lëtzebuergesch Chamberpresidenten
- Lëtzebuergesch Premierministeren
- Ausseministere vu Lëtzebuerg
- Educatiounsministere vu Lëtzebuerg
- Inneministere vu Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Gebuer 1887
- Gestuerwen 1975
- Karlspräis
- Justizministere vu Lëtzebuerg
- Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne