Maastricht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bréck iwwer d'Meuse

Maastricht huet 121.050 (2011) Awunner an ass d'Haaptstad vun der Provënz Limburg, am Süde vun Holland. Maastricht ass déi eelst Stad vun Holland, a si ass op der Plaz entstane, wou e Kiem en Iwwergank iwwer d'Meuse hat. Vun de Réimer gouf déi Plaz Mosae Trajectum genannt. D'Bréck vu Maastricht war e wichtege Punkt um Wee vu Gallien a Germanien. Déi al Réimerbréck war am 13. Joerhonnert baufälleg ginn, an dofir gouf e pur honnert Meter dovu géint 1280 eng nei Bréck gebaut, déi haut nach do steet, d'Sint Servaasbréck. Maastricht huet eng Universitéit, déi 1976 gegrënnt gouf an déi déi jëngste vun Holland ass.

Bekannt gouf Maastricht an de leschte Joren duerch de Maastrichter Vertrag vum 7. Februar 1992.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Maastricht läit un der Meuse an um Jeker

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

De Maart zu Maastricht

Economie an Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Maastrichter Gare gëtt vun Zich vun der hollännescher NS, der Veolia an der belscher NMBS/SNCB ugefuer. Zich fueren op Amsterdam, Kerkrade a Léck.

Duerch Maastricht leeft d'Autobunn A 2 déi vun der belscher Grenz bei Visé bis op Amsterdam féiert. Den Deel duerch Maastricht war ëmmer d'Ursaach vu Verkéiersstëpp well se do net kräizungsfräi war. Zanter 2006 sinn do Aarbechten am Kader vun engem neien Infrastrukturplang am Gaang. Et goufen en etlech Foussgänger- a Vëlosbrécken ersat oder neigebaut, an am Laf vum Fréijoer 2012 hunn d'Aarbechte vun der Tunneléierung vun der A2 ugefaangen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Maastricht Bréck.JPG


 
Gemengen an der hollännescher Provënz Limburg
NL-LimburgVlag.svg

Beek | Beesel | Bergen | Brunssum | Echt-Susteren | Eijsden-Margraten | Gennep | Gulpen-Wittem | Heerlen | Horst aan de Maas | Kerkrade | Landgraaf | Leudal | Maasgouw | Maastricht | Meerssen | Mook en Middelaar | Nederweert | Nuth | Onderbanken | Peel en Maas | Roerdalen | Roermond | Schinnen | Simpelveld | Sittard-Geleen | Stein | Vaals | Valkenburg aan de Geul | Venlo | Venray | Voerendaal | Weert

Commons: Maastricht – Biller, Videoen oder Audiodateien