Meuse (Floss)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Meuse
D'Meuse zu Monthermé (Ardennen)
D'Meuse zu Monthermé
Längt 950 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
409 m
Duerchschnëttsdebit 230 m³/s
Fläch vum Baseng 36.000 km²
Leeft an: Nordmier
Floss - Hydrologie
Loftbild vun der Meuse tëscht Bogny-sur-Meuse ënne riets am Bild, a Revin uewe lénks
Den ale Laf vun der Meuse bei Maseik

D'Meuse, Maas op Däitsch an Hollännesch, ass en 950 km laange Floss, deen a Frankräich bei Pouilly-en-Bassigny an der Gemeng Le Châtelet-sur-Meuse, um Plateau vu Langres entspréngt. Bei enger [1] vun hire Quellen (Source N°1) steet e Monument dat vun der Gemeng, op Initiativ vun engem Lécker Geeschtlechen, dem Abbé Justin Evrard, opgeriicht gouf. D'Monument ass aus wäissen Hasteng gebaut an am ieweschten Deel ass eng bronze Plack agelooss, déi vum Justin Evrard kreéiert gouf, an op där de Laf vum Floss ze gesinn ass. Op der Plack drënner stinn zwéi Versen aus dem Charles Péguy senger Jeanne d'Arc, ze liesen: Meuse endormeuse et douce à mon enfance, qui demeures aux prés où tu coules tout bas.

Vun der Quell un leeft d'Meuse am Ufank no Westen. Dat éischt klengt Duerf Meuse, duerch dat se leeft, gëtt hir den Numm. Duerno orientéiert se hire Laf no Nordweste bis op d'Héicht vun Neufchâteau wou se ufänkt grouss Meanderen ze maachen, besonnesch am Süde vu Pagny-la-Blanche-Côte, tëscht Ugny an Ourches an tëscht Troussey a Sorcy, wou eng isoléiert Kopp d'Côte Saint-Jean, se forcéiert e groussen Ëmwee ze maachen. No Sorcy ass Orientatioun no Norwesten am stäerksten, a se bilt nach en etlech grouss Schleefen, besonnesch éier se op Saint-Mihiel kënnt, duerno no hirem Passage zu Verdun, tëscht Inor a Mouzon.

Kuerz nodeem se duerch Sedan gelaf ass stéisst se, net wäit vu Vrigne-aux-Bois, un déi südlech Hänk vum Plateau vun den Ardennen. Do gëtt se op enger kuerzer Streck forcéiert fir zréck no Süden ze lafen. Bei Iges, wou se praktesch eng Hallefinsel bilt, ännert se hire Laf no Westen. Op der Héicht vu Flize dréint se dann no Norde fir kuerz duerno no Westen duerch Mézières bis op Warcq ze lafen. Do dréint se dann erëm no Oste fir zréck op Mézières ze kommen an dann an engem groussen S ëm Charleville, Montcy-Saint-Pierre a Montcy-Notre-Dame ze fléissen, wou se sech hire Wee duerch de Massiv vun den Ardenne grieft. Tëscht Hastière an Dinant ännert se nach e puer Mol hir Direktioun, bal no Süden a bal no Westen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Haute-Meuse Nuvola apps xmag.png

Zu Namouer ass se dann, an der Loftlinn gekuckt, knapps 150 km vum Haringvliet, der Plaz wou se an d'Mier leeft, ewech. Mä amplaz de kuerze Wee ze sichen, mécht se e ronn 450 km laange Bou duerch Wallounien, de belsche Limburg, den holännesche Limburg, an den Nordbrabant.

Vun Namouer aus leeft se dofir no Nordosten, duerch Andenne, Huy, Léck, Visé, Maastricht, Maaseik, Roermond a Venlo. Eng ronn 11 Kilometer no Venlo huet se zu Arcen, hiren ëstlechste Punkt, erreecht. Vu do u leeft se no Nordosten, gréisstendeels kanaliséiert, bis op Heerewaarden. Op Loftbilller sinn hir fréier Meanderen nach gutt z'erkennen. Deelweis gëtt et op deenen Deeler nach grouss Weieren, déi Reschter vum fréiere Laf sinn. Zu Heerewaarden stéisst se op de Waal, den Haaptaarm vum Rhäin an Holland. Eng Landzong, déi knapps e Kilometer breet ass, an duerch en Däich verstäerkt ass, trennt déi zwéi Waasserleef vuneneen. Vun do leeft se no Westen an distanzéiert sech vum Waal, leeft am Norde laanscht Hertogenbosch, a leeft dann an engem vum hollännesche Wasserdéngscht, dem Waterstaat, kënschtlech ugeluechte Bett, der Bergse Maas, bis op Geertruidenberg. Vun do un, vermëscht sech hiert Waasser mat deem vum kanaliséierte Floss Amer an deem vun der Nieuwe Meerwede, eng Derivatioun vum Waal, fir den Hollands Diep ze bilden. Dee leeft dann duerch e fréieren Estuaire, den Haringvliet, bis bei d'Schleise vum Haringvlietdam, fir dann do an d'Nordmier ze lafen.

Den hydrographesche Baseng vun der Meuse huet ronn sechsandrëssegdausend km², dat ass knapps een Drëttel vun deem vum Rhône, obschonn se eng 140 km méi laang ass. Op zwou Plaze reecht e bis a Lëtzebuerg eran, an zwar am Südweste vum Land duerch den Dall vun der Kuer an am Norden duerch den Dall vun der Fooschtbaach.

Hire Profil ass méi oder wéineger regelméisseg, a vun der Quell bis bei d'Mier leeft se 409 Meter biergaf. Op der ganzer Streck huet se nëmmen e puer Plazen opweises bei deen d'Pente iwwer 50 Zentimeter um Kilometer ass.

Vun der Quell un huet se op enger kuerzer Streck de Regime vun enger Biergbaach, dee sech awer normaliséiert soubal wéi se um Fouss vum Plateau vu Langres ukomm ass, an den Dall gëtt dann och ganz breet. De Waasserdebit ass ganz onregelméisseg, wat sech haaptsächlech duerch déi wéineg Nieweflëss am ieweschte Laf, an deen hir kleng Anzuchsgebidder erkläre léisst, an duerch plazeweis eege Versickerungen, wéi z. B. tëscht Bazoilles an Noncourt, wou een am Summer ëmsoss no Waasser an der Baach sicht. Se gëtt am Fong eréischt e grousse Floss, wa se iwwer d'Hallschent vun der Längt vun hirem Laf eraus ass. D'Onregelméissegkeet vun hirem Debit huet mat sech bruecht, datt se éier se kanaliséiert war, am Summer op ville Plazen net konnt mat Schëffer befuer ginn. Souguer nach am mëttelste Laf tëscht Léck a Maastricht, gouf et do fir d'Schëfffaart ëmmer Problemer, well do hiert Gefäll staark variéiert huet, a se plazeweis souzesoen eidel gelaf ass. Beim Projet fir de Bau vu méi enger grousser Schleis zu Lanaye, stellt sech och de Problem vun hirem niddregen Debit am Summer. Am grousse ganzen ass hire Baseng ni ganz breet. Bis op Héicht vu Charleville huet eng eng Fläch vu siwendausendsechshonnertzweenachtzeg Quadratkilometer, wat enger Breet vu knapps 20 km entsprécht. Et ass och eréischt tëscht Stenay a Charleville-Mézières wou déi éischt nennenswäert gréisser Baachen a Flëss dralafen. Dat ass zu Stenay d'Wiseppe, zu Bazeilles d'Kuer, an no Sedan d'Bar an d'Sormonne.

Richteg gefiddert gëtt se eréischt wa se d'Ardennen hanneru sech huet. Op enger Streck vu ronn 180 km, tëscht Givet a Maastricht, wat knapps 20 % vun hirer Längt entstsprécht, huet se do en Anzuchsgebitt, vun iwwer dräizéngdausendfënnefhonnert km², dat si 37,5 % vun hirem ganze Baseng, deen op där Streck an der Moyenneder 60 km breet ass, an op Héicht vun Namouer méi wéi 100 km breet ass. D'Nieweflëss gi méi laang, an déi selwer hu vill Niewebaachen, déi hir Quellen um Plateau vun den Ardennen, an an dem Deel deen Entre-Sambre-et-Meuse genannt gëtt, hunn. Déi zwéi gréisst dovu sinn zu Namouer d'Sambre a bei Léck d'Ourthe.

Anner gréisser Nieweflëss aus deenen zwou grousse Géigende sinn:

Lénks: Viroin, Hermeton, Molignée, a Mehaigne.

Riets: Semois, Houille, Lesse, Bocq, Samson, Hoyoux, a Berwinne a Julienne.

Tëscht Namouer a Léck, gëtt hire Baseng erëm ganz schmuel, knapps 10 km an der Moyenne.

Soubal wéi se Léck passéiert huet, gëtt hiren Dall méi breet, an an Holland huet se dann nach e puer Nieweflëss wéi de Jeker, d'Geul, Geleen, d'Roer, d'Niers an d'Dommel. De gréissten Offlosswäert dovun huet d'Roer.

D'Dommel an hir Nieweflëss drainéieren e groussen Deel vun den hollännesche Provënze Limburg an Norbrabant, wat en Anzuchsgebitt vu ronn eelefdausend km² ausmécht. Hiren Debit ass zwar net ganz grouss, dofir awer regelméisseg.

E Verglach vum Debit, gemooss zu Visé huet erginn, datt deen zanter 1930 ëm 15 % zréckgaangen ass. Ursaachen dofir ass de Verbauch vum Meusewaasser bei der Schleisen um Albertkanal, versigelt Flächen, an d'Faasse vu Quelle fir Waasser fir Stéid oder Industrien, vun deenen eng Partie aus dem Meusebaseng exportéiert gëtt, an als als Ofwaasser an aneren Anzuchsgebidder ofgeleet gëtt, wéi z. B. d'Quell beim Schlass vu Modave, där hiert Waasser zu Bréissel gebraucht gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Aroffe - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse


Schëffskanäl a kanaliséiert Flëss an der Belsch

ABC-Kanal · Albertkanal · Bergues · Bocholt-Heerentals · Boudewijnkanaal · Bréissel-Charleroi · Briedgen-Neerharen · Centre · Damse Vaart · Escaut · Gent-Ostende · Lanaye · Leie · Louvain-Dijle · Meuse · Meuse-Musel-Kanal · Nimy-Blaton-Péronnes· Pommerœul-Condé · Pommerœul-Antoing· Rupel · Sambre · Visé · Kanal vu Willebroek

Commons: Meuse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. D'Meuse huet zwou Quellen d'Source N°1 südlech vu Pouilly an d'Source N°2 nërdlech vu Pouilly. Déi zwou lafen am Weste vun Dammartin-sur-Meuse zesummen. Op Landkaarte fënnt ee meeschtens den Numm Meuse bei deem Waasserlaf dee vun der südlecher Quell kënnt.