Damse Vaart
D'Damse Vaart ass e Kanal am Norde vun der belscher Provënz Westflandern. De Kanal verbënnt Brugge (Bruges) mat der hollännescher Grenzstad Sluis. E gouf 1810 op Uerder vum Napoleon ugeluecht, dofir och säin aneren Numm Napoleonvaart.
De Kanal hätt solle Brugge mat der Westerschelde verbanne fir esou en Deel vum Kanalsystem a Flandern ze ginn, iwwert dee franséisch Truppe kéinten hin- an hir transportéiert ginn ouni Gefor ze lafen, vun englesche Schëffer op dem Nordmier gepëtzt ze ginn. Mä dem Napoleon seng Néierlag huet dem Bau vum Kanal e provisorescht Enn gesat. Dat Stéck tëscht Hoeke a Sluis gouf eréischt 1856 gegruewen. De Kanal gouf queesch duerch d'Stad Damme gezunn, sou datt eng Rëtsch Biergerhaiser hu missen ofgerappt ginn.
Tëscht Damme an Oostkerke kräizt en de Leopoldkanal an de Schipdonkkanal, déi an der Halschecht vum 19. Joerhonnert ugeluecht goufen. Dofir goufe Kanalbrécken gebaut.
| Commons: Damse Vaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
|
|
||
|
ABC-Kanal · Albertkanal · Bergues · Bocholt-Heerentals · Boudewijnkanaal · Bréissel-Charleroi · Briedgen-Neerharen · Centre · Damse Vaart · Escaut · Gent-Ostende · Lanaye · Leie · Louvain-Dijle · Meuse · Meuse-Musel-Kanal · Nimy-Blaton-Péronnes· Pommerœul-Condé · Pommerœul-Antoing· Rupel · Sambre · Visé |
||