Napoléon Bonaparte

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Napoléon I. Bonaparte
15. August 1769 – 5. Mee 1821
Napoleon1.jpg
Konsul a Keeser vun de Fransousen
Amtszäit 1799–1804 (Konsul), 1804-1815 (Keeser)
Virgänger Louis XVI.
Nofolger Louis XVIII.
Papp Carlo di Buonaparte
Mamm Letizia Ramolino

Den Napoleon Bonaparte (eigentlech Napoleone Buonaparte[1], korsesch och Nabulione), 15. August 1769 - 5. Mee 1821, war ee Generol vun der Revolutioun an huet Frankräich zanter 1799 dirigéiert, fir d'éischt als Konsul a war vun 1804 bis 1815 de Keeser vun de Fransousen. Hien huet een groussen Deel vum kontinentalen Europa eruewert a war ë. a. un der brutaler Okkupatioun vu Lëtzebuerg bedeelegt. Hien huet seng Famill op d'Tréin vun enger Rëtsch vu Länner gesat.

Säi Spëtznumm war Le Petit Caporal, d'Englänner hunn en Oger genannt an zu Lëtzebuerg war de Bonaparte als Bounekamp bekannt. [Source ?]

Jugend a Carrière an der Arméi[änneren | Quelltext änneren]

Gebuertshaus vum Napoléon zu Ajaccio

Den Napoléon ass zu Ajaccio op der Insel Korsika op d'Welt komm, kuerz nodeem d'Fransousen d'Insel vu Genua ofkaaft haten. Seng Famill ass aus dem klengen Adel vu Korsika. Säi Papp arrangéiert, datt de klengen Napoléon a Frankräich studéiere kann, dat wéi hien néng Joer al war.

Ugaangs huet den Napoléon sech a Frankräich als Auslänner gesinn. No Studien a Militärschoule wéi Brienne geet hien an d'Artillerie. 1787 gëtt hie Lieutenant en second zu Valence. Wéi d'Revolutioun 1789 ausbrécht, ass hien en Offizéier an der franséischer Arméi. Den Napoléon geet zréck op Korsika wou d'Paolisten eng konstitutionell Monarchie nom Bild vun England ënnerstëtzen. 1792 gëtt den Napoléon Chef vun der Garde nationale. Mä d'Hiriichtung vum Kinnek geheit alles op d'Kopp. E Biergerkrich brécht aus an d'Famill Bonaparte muss a Frankräich fortlafen. Den Napoléon ënnerstëtzt d'Revolutioun a gëtt 1793 als Chef vun der Artillerie op Toulon geschéckt, dat sech den Englänner erginn huet. De Plang deen hien dem Dugommier virschléit, erlaabt et de Fransousen, de Royalisten an Englänner d'Stad nees ofzehuelen. Duerch seng enk Relatioune mat de Jakobiner kënnt den Napoléon no der Chute vum Robespierre (9. Thermidor Joer II) kuerzzäiteg an de Prisong.

Nodeem den Napoléon erëm op fräiem Fouss ass, kann hien duerch d'Hëllef vum Barras e royalisteschen Opstand géint d'Convention nationale am Joer 1795 néierschloen.

Duerch säi kloere Verstand a seng Kapazitéit, dat essentiellt vu militäreschem Wëssen z'absorbéieren, huet hien de stäerkeren Asaz vun der Artillerie als Hëllef fir d'Infanterie agefouert. Als Commandant en Chef vun der Italien-Arméi huet hien d'Éisträicher e puer mol geschloen. Während dëse Schluechten huet den Napoléon (wéi all Genereel vun der Revolutioun) den éischten Telekommunikatiounssystem benotzt, de Chappe-Telegraph. Éisträich huet misse kapituléieren an et kënnt zum Traité vu Campo-Formio. 1797 kann den Napoléon duerch e Staatsstreech eng Partie Royalisten aus dem Gouvernement erauskréien.

Egyptesch Campagne[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1798 mécht den Directoire sech soulues Suergen ëm d'Popularitéit vum Napoléon, an decidéiert dofir, hien an Egypten ze schécken, fir do den Englänner de Wee an Indien ze spären. E Beispill fir seng Schwäermerei fir d'Lumières war, datt hien op dës Expeditioun lauter Wëssenschaftler matgeholl huet. Zu den Decouverten zielen de Stee vu Rosetta, deen et endlech erlaabt huet, d'Hieroglyphen z'entzifferen. D'Expeditioun a Syrien gëtt vun der Pescht deziméiert. D'franséisch Flott gouf bal komplett zu Abukir vun den Englänner ënner dem Nelson zerstéiert.

De Bonaparte gëtt d'Kommando vun der Egypten-Arméi un de Kléber of, deem seng Arméi den 31. August 1801 kapituléiert, nodeem 13.500 Fransouse gefall sinn, a geet zréck a Frankräich.

An Europa kënnt et dee Moment zu enger neier Koalitioun géint Frankräich, an d'Royaliste starten erëm op en Neits en Opstand. De Bonaparte räisst de Pouvoir u sech mam Staatsstreech vum 18. a 19. Brumaire, wat zu engem neie Regime féiert, dem Consulat.

De Bonaparte setzt eng Rei vu Reformen an der Educatioun, der Justiz, de Finanzen an der Administratioun duerch. Seng gesammelt zivil Gesetzer, déi vum Cambacérès verfaasst goufen, ginn als Code Napoléon 1804 an d'Geschicht an. Dëse Code civil ass trotzdeem zu engen groussen Deel vun Traditioune vum Ancien Régime inspiréiert.

Den Napoléon um Keesertroun

Vum Konsul zum Keeser[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1800 huet de Bonaparte Éisträich op en Neits ugegraff a geschloen. Kuerz drop hunn d'Englänner de Fridde vu Lunéville ënnerschriwwen.

Hien huet eng 70.000 Mann staark Arméi ënner dem Generol Leclerc op Saint-Domingue geschéckt, fir déi franséisch Uerdnung oprecht z'erhalen. No e puer Succèsen, sou wéi d'Gefangenhuele vum Toussaint Louverture († 7. Abrëll 1803 am Fort de Joux) gëtt seng Arméi duerch d'Gielféiwer deziméiert. Doropshi verkeeft den Napoléon Louisiana un d'USA.

De 24. Dezember 1800 waart eng "machine infernale", eng Bomm, an der rue Nicaise op de Bonaparte,mä dës Bomm geet ze spéit lass, an nëmmen d'Fënstere vun der Kutsch vum Éischte Konsul gi futti, well si séier genuch laanscht fiert. Op der Plaz selwer ginn allerdéngs eng 10 Doudeger gezielt. De Fouché, zu där Zäit Minister vun der Police, fënnt déi néideg Beweiser fir de Royalisten d'Attentat unzehänken, obwuel den Napoléon selwer iwwerzeegt ass, datt et e Wierk vun de Jakobiner ass. Duerch d'royalistesch Oppositioun gesäit den Napoléon sech gezwongen, en eendeitegt Beispill ze ginn. Hie léisst den Duc d'Enghien fänken an hiriichten, wat him den europäeschen Adel ni verzeie wäert.

1802 féiert hien nom Rot vu senger Fra Joséphine de Beauharnais d'Sklaverei an de franséische Kolonien nees an. Eréischt 1848 gëtt d'Sklaverei definitiv ofgeschaf.

Nodeem den Napoléon säin Afloss op d'Schwäiz an Däitschland ausgebreet huet, benotzen d'Englänner e Sträit ëm Malta als neie Pretext fir Frankräich 1803 nees de Krich z'erklären. Den 2. Dezember 1804 kréint den Napoléon sech selwer zum Keeser.

Den Napoléon ass iwwerzeegt, datt e laangfristege Fridden nëmme kann erreecht ginn, wa Groussbritannien neutraliséiert ass, a sou schafft hie mam Admiral Latouche-Tréville un engem Plang fir eng Invasioun an England. Dës Initiativ geet awer séier op en Enn, nodeem den Admiral Nelson an der Schluecht vun Trafalgar déi franséisch-spuenesch Flott ënner dem Villeneuve schléit. Doraus zitt England eng Dominanz iwwer d'Mierer déi d'ganzt 19. Joerhonnert undauere wäert.

1805 kënnt et zu enger drëtter Koalitioun géint Frankräich. Den Napoléon decidéiert z'attackéieren, a schléit d'Éisträicher an d'Russen an der Schluecht vun Austerlitz den 2. Dezember 1805. 1806 schléit en d'Preisen an der Schluecht vu Jena. Den Napoléon marschéiert duerch Polen an ënnerschreift mam Zar Alexander en Traité, deen Europa tëscht hinnen zwee opdeelt.

Campagnë vu Spuenien, Éisträich a Russland[änneren | Quelltext änneren]

Napoléon

Nodeem den Napoléon gesinn huet, wéi d'Englänner mat de franséischen Handelsschëffer emgin, probéiert hien e Kontinentalblocus géint d'Briten op d'Been ze stellen, fir d'britesch Industrie ze schiedegen. Hien hëlt Spuenien an, a setzt do säi Brudder Joseph Bonaparte op den Troun. Eng Partie vun der spuenescher Bevëlkerung, opgehetzt duerch Paschtéier, wiert sech géint d'Fransousen. D'Briten, déi iwwer Portugal kommen, huele Spuenien 1808 an, a verdreiwen d'franséisch Besetzer. Während déi bescht franséisch Truppen a Spuenien hänken, profitéiert Éisträich fir d'Fransousen an Däitschland unzegräifen. D'Éisträicher ginn awer an der Schluecht vu Wagram definitiv geschloen.

Den Zar Alexander, dee vum pro-britesche russeschen Adel ënner Drock gesat gëtt, refuséiert mam Napoléon ze kooperéieren, wéi et drëms geet, den Englänner den Doudesstouss ze versetzen. Also marschéiert den Napoléon 1812 a Russland an. D'Russen ënner dem Kutusow kämpfen no der Taktik vum verbrannte Land an zéie sech un engem Stéck virun der Grande Armée zréck. D'Schluecht vu Borodino den 12. September 1812 huet kee kloere Gewënner. Och wann d'Russen de Fransousen d'Feld iwwerloossen, sou hunn dach béid Säite grouss Verloschter missen astiechen.

Een Dag nodeem datt déi franséisch Truppe sech zu Moskau néiergelooss hunn, fänken d'Russen d'Stad un, an den Napoléon muss sech zréckzéien. Et gëtt e schwéiere Réckzuch zréck an Däitschland, matzen am russesche Wanter. Vun de 500.000 Männer déi un der Campagne deelgeholl hunn, marschéieren nëmmen e puer Zéngdausend iwwer d'Beresina. Dës Defaite huet villen aneren europäesche Kinneksheiser Mutt gemaach, a si gräifen nees zu de Waffe géint den Napoléon, deen 1813 d'Schluecht vu Leipzig, och Vëlkerschluecht genannt, verléiert.

D'franséisch Campagne[änneren | Quelltext änneren]

D'Villa dei Muline zu Portoferraio op Elba, wou den Napoléon a senger Verbannung residéiert huet. Haut e Musée

1814 kënnt et op en Neits zu enger Koalitioun tëscht Groussbritannien, Russland, Preisen an Éisträich. Obwuel den Napoléon nach eng Rei Victoire dovundroe konnt, huet et sech terribel negativ ausgewierkt, datt hien elo un der Spëtzt vun enger jonker Arméi ass, där et un Erfarung feelt. Paräis fält den 31. Mäerz 1814 an d'Maréchaux d'Empire zwéngen den Napoléon ofzedanken.

An der Nuecht vum 12. op den 13. Abrëll hëlt den Napoléon Gëft fir sech ëmzebréngen,mä entweder huet säi Mo rebelléiert, oder d'Gëft huet net gewierkt, op alle Fall iwwerlieft de Bonaparte.

Am Traité vu Fontainebleau gëtt d'Insel Elba als säin Exil designéiert. Hien däerf de Keesertitel behalen,mä regéiert awer nëmmen iwwer dës kleng Insel.

D'Cent-Jours[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich klëmmt de Louis XVIII. op den Troun an ecartéiert dem Napoléon säi Bouf, den Napoléon II.. Den Napoléon ass besuergt ëm d'Ergoe vu senger Fra a sengem Bouf, déi sech an engem Konvoi op Wien rette konnten. Déi royalistesch Regierung refuséiert no enger kuerzer Zäit him seng versprache Pensioun ze bezuelen a Rumeure schwätze vun engem definitiven Exil am Südatlantik. Am Mäerz 1815 ass den Napoléon dunn erëm zréck um Kontinent. D'Arméien, déi vum Louis XVIII. geschéckt goufe fir hien ze bremsen, schléisse sech him un, an den Napoléon installéiert sech nees zu Paräis. Dës kuerzfristeg Period ass ënner dem Numm Cent-Jours an d'Geschicht agaangen. Seng Arméi gëtt awer schlussendlech an der Schluecht vu Waterloo den 18. Juni 1815 geschloen an dëst ass dat definitiivt Enn vum Premier Empire.

Sankt-Helena an den Napoleon-Mythos[änneren | Quelltext änneren]

D'Longwood House zu Sankt Helena, wou hien a senger zweeter Verbannung residéiert huet a gestuerwen ass
Graf vum Napoléon (Invalides)

Den Napoléon gëtt vun de Brite gefaange geholl, an op d'Insel Sankt-Helena bruecht. Mat enger klenger Grupp vun him trei gebliwwene Leit huet hie sech drugesat, fir seng Memoiren opzeschreiwen. An der zweeter Hallschent vum Abrëll 1821 huet hie säi leschte Wëllen opgeschriwwen. Den Napoléon stierft den am 5. Mee 1821. Seng lescht Wierder waren entweder « France, armée, Joséphine » oder, de Memoire vu Sankt-Helena no « ...tête...armée...Mon Dieu !' ».

1955 koum de Journal vum Louis Marchand, dem Valet vum Napoléon eraus. Hie beschreift doran déi lescht Méint vum Napoléon bis zu sengem Doud. Vill Leit hunn no där Lecture hir eege Schlëss gezunn a gemengt ze wëssen, datt de Keeser mat Arsen vergëft gouf. 2001 huet de Pascal Kintz vum Institut Légal de Strasbourg dës Thes ënnerstëtzt, wéi e bei enger Ënnersichung vun den Hoer vum Napoléon erausfonnt huet, datt den Niveau un Arsen bis zu 38-mol méi héich ass, wéi am Normalfall. Analyse vum Magazin Science et Vie besoen, datt dësen Niveau och an Echantillonë fonnt gouf, déi an de Joren 1805, 1814 an 1821 geholl gi sinn. Et muss een dozou bemierken, datt et zu där Zäit Gewunnecht war, gepuddert Parécken unzedoen, wat ebenfalls erkläre kéint, wéi den Arsen an d'Hoer koum. Offiziell ass den Napoléon u Mokriibs gestuerwen, grad wéi scho säi Papp a säi Bopa virun him.

Den Napoléon war mat der Joséphine de Beauharnais bestuet an duerno mat der Marie-Louise vun Éisträich. Aus sengem éischte Bestietnes gounge keng Kanner ervir (wat de Grond fir d'Scheedung war),mä en hat ee Jong mat der Marie-Louise: de Napoléon François Joseph Charles Bonaparte (1812-1832), de roi de Rome. Den Napoléon ass ausserdeem de Papp vun op d'mannst zwee illegitime Kanner gewiescht: vum Charles Léon ((1806-1881), Jong vun der Catherine Éléonore Denuelle de la Plaigne (1787-1868)) a vum Alexander Joseph Colonna-Walewski (1810-1817), Jong vun der Maria Walewska (1789-1817)).

Den Napoléon hat gefrot fir um Ufer vun der Seine begruewen ze ginn,mä wéi hien 1821 stierft, gëtt hien zu Sankt-Helena begruewen. 1840 gëtt seng Läich triomphal rapatriéiert a läit bis haut an den Invalides zu Paräis.

Accueil vum Napoleon I. virun der Festung Lëtzebuerg den 9. Oktober 1804. Postkaart vum Louis Kuschmann.

Openthalt vum Napoléon zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den Napoléon Bonaparte war vum 9. bis den 10. Oktober 1804 zu Lëtzebuerg. Den 9. Oktober koum hie vun Tréier iwwer Waasserbëlleg an Nidderaanwen an d'Stad Lëtzebuerg. Bei sengem Ëmfank virun der Festung krut hien d'Schlëssele vun der Stad offréiert, déi hien awer net ugeholl huet, wéi e gesot huet: si sinn a gudden Hänn, déi vun der Muttergottes (Notre-Dame de Luxembourg).[2] D'Nuecht huet de Napoleon am haitege groussherzogleche Palais verbruecht huet. Den Dag drop ass hie vu Lëtzebuerg iwwer Lonkech op Paräis gezunn.[3]

Aner Bonaparten[änneren | Quelltext änneren]

Geschwëster[änneren | Quelltext änneren]

Neveuen an Niessen[änneren | Quelltext änneren]

Berühmte Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Didier Le Gall, 2003. Napoléon et le Mémorial de Sainte-Hélène, Analyse d'un discours, Préface de Jean-Paul Bertaud. Editions Kimé.
  • Jacques Dollar, 1979. Napoléon et le Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 415 S.
  • Thierry Lentz, 2002. Autour de l'empoisonnement de Napoléon. Éd. Nouveau Monde.
  • Thierry Lentz, 2003. Le Sacre de Napoléon. Éd. Nouveau Monde.
  • Thierry Lentz, 2003. Napoléon. Presses universitaires de France, coll. « Que sais-je ? ».
  • Adolphe Thiers, Histoire du Consulat et de l'Empire.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Napoléon Bonaparte – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Seit 1796 nannte sich Napoleone Buonaparte selbst französisch Napoléon Bonaparte. Ullrich, S. 35.
  2. Gilbert Trausch, 1995. La ville de Luxembourg à l'heure républicaine. L'octave en 1798. In: Un passé resté vivant. Mélanges d'histoire luxembourgeoise. Lions Club Luxembourg Doyen. S. 48.
  3. J. Dollar, 1979