Louis XVI. vu Frankräich

Vu Wikipedia
Louis XVI.
Titelen
Virgänger Louis XV.
Nofollger Convention nationale
(Titular: Louis XVII.)
Biographie
Gebuer 23. August 1754
Schlass vu Versailles
Gestuerwen 21. Januar 1793
Bestuet mat Marie-Antoinette vun Éisträich
Papp Louis vu Frankräich
Mamm Marie-Josèphe vu Sachsen
Geschwëster Louis XVIII. vu Frankräich, Charles X. vu Frankräich

De Louis XVI. gebuer den 23. August 1754, a gestuerwen den 21. Januar 1793, war Kinnek vu Frankräich an Navarra vu 1774 bis 1789 an duerno Kinnek vun de Fransouse bis 1792. Hie war de leschte Vetrieder vum Absolutismus a gouf zu engem Affer vun der Franséischer Revolutioun.

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. August 1754 ass de Louis XVI. (Louis Auguste de Bourbon) als Jong vum Louis vu Frankräich an der Marie-Josèphe vu Sachsen (17311767) op d'Welt komm. Hie war den Enkel vum Louis XV. an der Kinnigin Maria Leszczyńska.

Hien ass bal biergerlech opgewuess, d'Prënzekoppel hat sech perséinlech ëm d'Erzéiung vun de Kanner gekëmmert. Hien huet als Kand ënner der Zerécksetzung géintiwwer vum Eelsten, dem Grof Louis Joseph Xavier (1751-1761) a senge méi jonke Bridder Louis Stanislas Xavier (1755-1824) a Charles Ferdinand (1757-1836)gelidden. De Louis krut den Titel Herzog vum Berry. Den 20. November 1765, nom Doud vu sengem Papp, gouf de Louis Dauphin vu Frankräich - den eelste Brudder war am Joer 1761 gestuerwen.

Scho fréi huet hie sech fir d'Juegd intresséiert, an och d'Handwierk huet him gefall. Hien huet Landkaarte gezeechent an Auere reparéiert.

Déi jonk Marie-Antoinette

De 16. Mee 1770 gouf no de Fuerderunge vum Minister Étienne François de Choiseul de 15-järege Krounprënz mat der éisträichescher Prinzessin Marie-Antoinette bestuet, fir d'franséisch-éisträichesch Relatiounen ze festegen. D'Marie-Antoinette war d'Duechter vum Keeser Franz I. a senger Fra Maria-Theresia, Äerzherzogin vun Éisträich.

De Louis gouf vu sengem Grousspapp Louis XV. op d'Staatsgeschäfter virbereet.

De Louis XVI. als Kinnek[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Mee 1774 ass de Kinnek Louis XV. gestuerwen an de Louis XVI. koum am Alter vun 20 Joer op den Troun, op deem hie sech nach 18 Joer hale sollt. Et war eng Epoch tëscht dem Absolutismus vum Haff an de revolutionären Iddie vun der Opklärung. De Louis XVI. huet sech als "Papp vu senge Sujetsë" gesinn. Der Theorie no hat hien als absolutte Monarch d'exekutiv, legislativ a judikativ Muecht, an der Praxis gouf dës Muecht awer zum gréissten Deel vu senge Regierungen ausgefouert, wou sech ënner anerem d'Ministeren Turgot, Malesherbes, Necker, Vergennes, Calonne a Maurepas en Numm gemaach hunn.

Ee vun den Haaptproblemer vu Frankräich war déi héich Verscholdung vum Staat (ë. a. wéinst dem Liewen um Haff an den aussepoliteschen Operatiounen zanter dem Louis XIV.). De Staatsbudget gouf ausserdeem duerch déi erfollegräich franséisch Ënnerstëtzung vun den amerikanesche Kolonien am Onofhängegkeetskrich géint d'Metropol Groussbritannien belaascht; dobäi goufen déi franséisch Antille geschützt a Frankräich konnt eng Revanche fir d'Néierlag am Siwejärege Krich huelen.

Fir géint d'Verscholdung virzegoen, huet de Louis XVI. e grousse Reformwëlle bewisen an huet mat senge Regierunge versicht, d'Finanzwiesen nei ze reegelen, allerdéngs ouni groussen Erfolleg well si sech ëmmer un de Privileegie gestouss hunn, déi weeder den Adel nach de Klerus opgi wollt. E grousse Géigner an dëser Politik waren d'Parlamenter.

Dem Louis XVI. säi Finanzminister Turgot huet zanter 1775 d'Ekonomie liberaliséiert, an d'Steierwiese reforméiert, mä ass dobäi awer op Widderstand vum Adel gestouss. D'Liberaliséierung vum Karhandel huet nom Mielkrich nees misse réckgängeg gemaach ginn. Den Turgot gouf 1776 entlooss, nodeem hie gefuerdert hat, all ëffentlech Ämter ze reforméieren. Sou eng Reform gouf zwar grondsätzlech als noutwenneg unerkannt, mä war de Ministeren awer ze radikal. Och dem Turgot seng Nofollger Necker a Calonne konnten hir Steierreformen net géint Adel a Klerus duerchsetzen. Dëse Widderstand huet de Kinnek gezwongen, d'Generalstänn fir de 5. Mee 1789 anzeberuffen, nodeem et dës Versammlung fir d'lescht am Joer 1614 ginn hat.

D'Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Assemblée nationale huet den 10. Oktober 1789 en Dekreet erausginn, an deem den neien Titel vum Kinnek definéiert gouf: Louis, par la grâce de Dieu, & la loi constitutionnelle de l'État, Roi des Français à tous présents et à venir, salut. Fir Verschiddener war also den neien Titel vum Staatschef Kinnek vun de Fransousen zanter dësem Datum. Vum 6. November 1789 un huet hie seng offiziell Akte mat der Formule Louis, par la grâce de Dieu, & par la Loi constitutionnelle de l'État, Roi des Français ugefaangen, an huet sech domat un den Dekreet vun der Assemblée gehalen. Dat neit kinneklecht Sigel wat zanter Februar 1790 benotzt gouf hat d'Inskriptioun: Louis XVI par la grâce de Dieu et par la loy constitutionnelle de l'État roy des François.

Eng konstitutionell Monarchie[änneren | Quelltext änneren]

Fir anerer gouf hien eréischt duerch d'Konstitutioun vum 3. September 1791[1], déi vum Kinnek den 13. September 1791 "akkzeptéiert" gouf. D'Muecht vum Kinnek gouf zeréckgeschrauft a méi prezis definéiert. De Louis XVI. war net méi Kinnek par la grâce de Dieu mä Kinnek vun de Fransousen. Hie war net méi Kinnek vu gëttlechem Recht mä an enger gewëssener Hisiicht éischte Representant vum franséische Vollek. Dës Constitutioun huet och festgeluecht, datt den Titel vum Trounierwen net méi Dauphin wier, mä op Prince royal géif geännert ginn (wat de 14. August 1791 a Kraaft getrueden ass).

De 14. September 1791 huet de Louis XVI. en Eed op dës Constitutioun geschwuer.

De Kinnek ergräift d'Flucht[änneren | Quelltext änneren]

D'Episod vun der Flucht op Varennes wou de Kinnek festgeholl gouf, ass berüümt. E Plang war vun der Kinnigin um Enn vum Joer 1790 ausgeschafft ginn. Am Abrëll 1791 koum et duerch d'Evenementer zu der Realisatioun vun dësem Plang: duerch eng Manifestatioun war et fir d'kinneklech Famill onméiglech, an hiert Schlass op Saint-Cloud ze kommen. D'Revolutionär hunn de Kinnek verdächtegt, Ouschtere mat engem Paschtouer wëllen ze feieren, deen d'Zivilkonstitutioun vum Klerus net akzeptéiert huet. Ausgeschafft gouf de Plang vum Hans Axel vu Fersen, dee versicht huet, d'kinneklech Famill op Metz ze bréngen a sech do mam Marquis vu Bouillé ze treffen. De Kinnek huet beschloss, Paräis den 20. Juni mat senger Fra, senger Schwëster a sengen zwee Kanner Marie-Thérèse a Louis-Charles ze verloossen. Fir net erkannt ze ginn, goufe falsch Päss ausgestallt, déi aus dem Louis XVI. de Monsieur Durand, intendant de la barone de Korff gemaach hunn.

Jean Duplessi-Bertaux, Retour de Varennes. Arrivée de Louis Seize à Paris, le 25 juin 1791

Den Herzog vu Fersen huet seng Kutsch am Faubourg Saint-Martin geparkt an zur selwechter Zäit huet de Marquis vu Bouillé 180 Dragoner op Clermont-en-Argonne a 40 Husarden op Sainte-Ménehould geschéckt, fir de Wee ze sécheren. Den Herzog vu Fersen ass déi zwee Kanner mat hirer Gouvernant siche gaangen, wärend de Louis XVI. an d'Marie-Antoinette mam gewinnten Zeremoniel schlofe gaange sinn. An der Nuecht ass de Louis XVI., als Valet verkleet, aus den Tuilerien erausgaangen, kuerz drop ass d'Marie-Antoinette nokomm. Zu Bondy gouf matzen an der Nuecht eng Paus ageluecht, an de Fersen huet d'kinneklech Famill verlooss. Um 7 Auer moies mierkt e Valet datt de Kinnek net a sengem Bett läit. Dës Nouvelle huet sech zu Paräis séier verbreet, an et gouf decidéiert, de Kinnek festzehuelen.

De Louis XVI. gouf den 21. Juni zu Varennes festgeholl. Eng Deklaratioun un d'Fransousen, déi hien zu Paräis gelooss hat, gouf vun der Assemblée blockéiert, an ni komplett erausginn.

Wéi de Kinnek nees bei den Tuilerien ukomm ass, huet eng Mënschemass d'Famill empfaangen, a si waren net grad glécklech. D'Flucht op Varennes huet an hiren An dem Kinnek seng Schold a säi Verrot bewisen, a sollt hie schlussendlech de Kapp kaschten.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Flucht op Varennes.

No Varennes[änneren | Quelltext änneren]

No der Flucht op Varennes hu verschidde Revolutionär gefuerdert, datt de Kinnek misst verschwannen. D'Cordeliers hu verschidde Petitioune géint de Louis XVI. ugefaangen, déi vun Zeitunge wéi dem Le Républicain ënnerstëtzt goufen. D'Jakobiner hu sech un d'Cordeliers gehalen, an et ass an dësem Kontext wou d'Constitutioun vum 13. September 1791 proklaméiert ginn ass.

D'Politik vum Joer drop ass zimmlech komplizéiert. Am Land gouf et staark Spannungen: um Land sinn d'Recolten zwar gutt, mä d'liberal Politik vun der Assemblée huet zu Opstänn gefouert, obschonn genuch Kar do war. De Krich war och e wichtege Faktor vun der Monarchie. D'Néierlage vun der franséischer Arméi hunn zu radikalen Dekreter gefouert, déi de Kinnek net akzeptéiere konnt, a vu sengem Vetorecht Gebrauch gemaach huet. D'Debatten an d'Opstänn vun de Revolutionären hunn d'Assemblée dozou beweegt, de Kinnek ze suspendéieren, wat den 10. August 1792 geschitt ass.

No engem Dekreet vun der Convention nationale vum 21. September « la royauté est abolie en France » an den 21. September 1792 géif « l'An I de la République française » ugoen.

De Prozess[änneren | Quelltext änneren]

A sengem Prozess gouf de Louis XVI. vun der Convention nationale schëlleg gesprach wéinst « conspiration contre la liberté publique et la sûreté générale de l'État » a mat enger ganz knappser Majoritéit no der « séance permanente du mercredi 16 et du jeudi 17 janvier 1793 » an engem Scrutin vum 18. Januar[2] zum Doud verurteelt.

Hie gouf « Louis le dernier » genannt[3].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Prozess vum Louis XVI. vu Frankräich.

Hiriichtung vum 21. Januar 1793: « Je pardonne aux auteurs de ma mort... »[änneren | Quelltext änneren]

Hiriichtung vum Louis XVI. no engem englesche Kofferstéch aus dem Joer 1798

D'Henker wollten dem Louis XVI, seng Kleeder ausdoen. Stolz huet hie si zeréckgestouss, a sech selwer ausgedoen. Duerno sollten him d'Hänn gefesselt ginn, wat hien net akzeptéiere wollt:

« Que prétendez-vous ? », huet hie gefrot.

« Vous lier », gouf him geäntwert.

De Louis XVI. huet zeréckgesot:

« Me lier ? Non je n'y consentirai jamais. Faites ce qui vous est commandé, mais vous ne me lierez pas ; renoncez à ce projet. »

« Avec un mouchoir, Sire » huet den Henker Sanson mat Respekt gefrot, an e Stéck Seid gewisen.

De Louis XVI., dee scho laang net méi "Sire" genannt gouf huet gezweifelt, a sech zu sengem Konfesser gedréint. Den Abt Henri Edgeworth vu Firmont sot zu him:

« Sire, dans ce nouvel outrage je ne vois qu'un dernier trait de ressemblance entre Votre Majesté et le Dieu qui va être votre récompense. »

De Louis XVI. huet seng An Richtung Himmel gedréint:

« Assurément, dit-il, il ne faut rien de moins que son exemple pour que je me soumette à un tel affront. »

Zu sengen Henker sot en:

« Faites ce que vous voudrez ; je boirai le calice jusqu'à la lie. »

Hien huet sech d'Hänn fessele gelooss, an d'Hoer schneide gelooss. En huet sech op den Abt gestäipt, an ass ganz roueg bis bei d'Guillotine gaangen. Den Abt hat Angscht datt säi Mutt hie géif verloossen, an huet gejaut:

« Fils de Saint Louis, montez au Ciel! »

Wéi de Louis XIV. bei der Guillotine ukomm war, huet e sech gefrot, op d'Tromme géifen ophalen. Hien ass e Schratt no vir gaangen an huet gesot:

« Je meurs innocent des crimes qu'on m'impute. Je pardonne aux auteurs de ma mort, et je prie Dieu que le sang que vous allez verser ne retombera pas sur la France ».

Hie wollt nach weiderschwätzen, mä d'Trommen hunn dat ënnerdréckt, an den Henker gouf zougeruff, si sollen hir Aarbecht maachen. De Kinnek ass roueg ginn, an huet kee Widderstand méi geleescht.

De Louis XVI. gouf den 21. Januar 1793 zu Paräis op der Place de la Révolution (haut Place de la Concorde) guillotinéiert.

Hie gouf um Kierfecht vun der Madeleine, Rue d'Anjou-Saint-Honoré begruewen. Den 18. an 19. Januar 1815 huet de Louis XVIII. d'Reschter vum Louis XVI. a vun der Marie-Antoinette exhuméiere gelooss, fir si den 21. Januar an der Basilika Saint-Denis ze begruewen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hiriichtung vum Louis XVI. vu Frankräich.

D'Bild vum Louis XVI.[änneren | Quelltext änneren]

De Louis XVI.

De Louis XVI. gëtt dacks als Affer vun den Ëmstänn amplaz als absolutten Herrscher wéi seng Virgänger Louis XIV. a Louis XV. gesinn. Hie wier schwaach gewiescht, onfäeg a wuel net fuerchtbar intelligent. Ausserdeem wier hie léiwer op d'Juegd gaange, wéi sech ëm d'Regierungsgeschäfter ze këmmeren. Zum Bild vum schwaache Kinnek huet natierlech och d'Rumeur gutt gepasst, datt d'kinneklech Koppel laang keen Nowuess hat, well de Louis wuel och do "ze schwaach" gewiescht wier.

Et gëtt och Historiker wéi de Bernhard Fay an de Vincent Cronin, déi en anert Bild vum Louis XVI. weisen. An hire Biographië setzen si de Schwéierpunkt op de Fait, datt selen e Personnage zu Liefzäite scho sou verkannt a kritiséiert gi wier, wéi de Louis XVI. Hien hätt bei der Mass u Geléierten a Gläichgültegen ni Frënn fonnt; well e Kinnek ouni Affären, Intrigen a Skandaler huet d'Imaginatioun net gereizt. Vill wieren him och ofgeneigt gewiescht, well et net einfach ass, sech e gudde Mann virzestellen, deen zu Onrecht higeriicht ginn ass.

Dës Historiker vertrieden d'Opfaassung, datt sech de Louis XVI. sengen Aufgabe gestallt huet, an an enger moralesch korrupter Gesellschaft e gutt chrëschtlecht Liewe gefouert huet, wat vu vill Aarbecht an déiwer Relioun erfëllt war. De Louis XVI. wier charakterfest a beim Vollek beléift gewiescht, am Géigesaz zu senger Fra Marie-Antoinette. Si stoung op der Säit vum Choiseul an et ass hir net gelongen, sech an de Geschäfter vun hirem Mann duerchzesetzen.

Dem Adel huet et net gefall, datt hien de Kurtisane keng fad komplimenter gemaach huet, an och d'Suen net "kinneklech" ausginn huet. Ausserdeem huet hien d'Staatsgeheimnisser fir sech behalen. Vill Pamphleter géint hie koumen dann och vun Adelegen, déi keng Roll méi an der Gesellschaft gesinn hunn, wa si sech net um Haff presentéiere konnten.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Joël Félix, Louis XVI et Marie-Antoinette: un couple en politique, Payot & Rivages, Paräis, 2006. (ISBN 2-228-90107-5)
  • Jean-Christian Petitfils, Louis XVI, Perrin, Paräis, 2005. (ISBN 2-262-01484-1)
  • Évelyne Lever, Louis XVI, Fayard, Paräis, 1985. (ISBN 2-213-01545-7)
  • Mona Ozouf, Varennes: la mort de la royauté (21 juin 1791), Gallimard, Paräis, 2005. (ISBN 2-07-077169-5)
  • Timothy Tackett, Le roi s'enfuit. Varennes et l'origine de la Terreur, La Découverte, Paräis, 2004. (ISBN 2-7071-4238-7)
  • Étienne Taillemite, Louis XVI ou le navigateur immobile, Payot, Paräis, 2002. (ISBN 2-228-89562-8) ;
  • « Faut-il réhabiliter Louis XVI ? », in L'Histoire n°303, November 2005.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis XVI. vu Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Louis XV.
Kinnek vu Frankräich
1774 - 1792
Nofollger:
Convention nationale
Titulär: Louis XVII.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Kapitel II, Artikel 2: « le seul titre du roi est Roi des Français »
  2. Dëse Scrutin war a Wierklechkeet manipuléiert ginn, well no engem seriöen Noziele keng Majoritéit fir den Doud vum Kinnek war.
  3. Zum Beispill vum Jacques Roux a sengem Discours sur le jugement de Louis le dernier, sur la poursuite des agioteurs, des accapareurs et des traîtres (1. Dezember 1792)