Louis XV. vu Frankräich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Louis XV.
15. Februar 1710 – 10. Mee 1774
Louis XV by Maurice-Quentin de La Tour.jpg
Kinnek vu Frankräich
Amtszäit 1715–1774
Virgänger Louis XIV.
Nofolger Louis XVI.
Papp Louis, Herzog vun der Bourgogne
Mamm Marie-Adélaïde vun der Savoie

De Louis XV. (Le bien aimé), gebuer de 15. Februar 1710, a gestuerwen den 10. Mee 1774 war Kinnek vu Frankräich vu 1715 bis zu sengem Doud 1774. Hie war den Urenkel vum Louis XIV. deem säin Nofolger hien nom Doud vu sengem Grousspapp (1711) a sengem Papp (1712) ginn ass.

Seng Kandheet an d'Régence[änneren | Quelltext änneren]

De Louis XV. am Joer 1712

De Louis XV. ass de 15. Februar 1710 am Schlass vu Versailles op d'Welt komm. Hie war de Jong vum Louis, Herzog vun der Bourgogne an der Marie-Adélaïde vun der Savoie, Enkel vum Grand Dauphin, an Urenkel vum Louis XIV. Bei senger Gebuert krut hien den Titel Herzog vun Anjou. Wéi et deemools Brauch war, gouf hie bis zum Alter vu siwe Joer vun der Gouvernante vun de Kanner vu Frankräich erzunn, zanter 1704 d'Herzogin vu Ventadour.

De 14. Abrëll 1711 huet de jonke Louis säi Grousspapp verluer, dunn am Februar 1712 seng Elteren. Am Mäerz vum selwechte Joer kruten och déi zwee Bouwen déiselwecht Krankheet, eng Zort Waasserpouken. D'Dokteren hu sech immens ëm den eelste Bouf, fréieren Herzog vun der Bretagne, gekëmmert, mä dësen ass den 8. Mäerz gestuerwen. De Louis gouf duerch seng Gouvernante gerett, déi den Doktere verbueden hat, hien zur Oder ze loossen. Am Alter vun 2 Joer gouf de klengen Herzog vun Anjou den neien Dauphin.

1714 krut de Louis e Schoulmeeschter, den Abbé Perot. Deen huet him Liesen a Schreiwe bäibruecht souwéi Brochdeeler vu Geschicht, Geogprahie a Relioun. Am Joer 1715 krut de jonke Prënz och en Danzprofesser an e Meeschter fir d'Schreiwen. D'Madame de Maintenon huet all déi Leit erausgesicht an d'Educatioun vum klenge Louis iwwerwaacht. Am Februar 1715 huet de Louis u senger éischter Zeremonie deelgeholl, der Receptioun vun engem Ambassadeur aus Persien zu Versailles. Am Alter vu 5 Joer gouf hien als schéint Kand beschriwwen, vif a mat guddem Verhalt. Hien huet sech besonnesch fir Geschicht a Geographie interesséiert. Als eenzegen Iwwerliewende vun enger deziméierter Famill hat hie besonnesch seng Gouvernante d'Madame de Ventadour ganz gär, an huet si och « Maman Ventadour » genannt.

Den 1. September 1715 ass de Louis XIV. gestuerwen, awer net ouni dem klenge Prënz nach seng lescht Rotschléi ze ginn, virun allem géint de Krich, « la ruine des peuples ». Den Herzog vun Anjou gouf Kinnek am Alter vu 5 Joer, ënner dem Numm Louis XV. D'Régence huet säi Monni, den Herzog vun Orléans iwwerholl.

De Louis XV. a kinneklechem Kostüm

Den 3. a 4. September 1715 huet de Louis XV. seng éischt kinneklech Flichten erfëllt: hie war bei der Mass fir de gestuerwene Kinnek an der Kapell zu Versailles dobäi an huet duerno d'Versammlung vum Klerus empfaangen, fir seng Trounbesteigung ze feieren. Den 12. September huet hien e Justizbett gehalen. Obschonn e ganz jonk war, huet hie sech der Mechanik vum Gouvernement missen ënnerwerfen a seng Representatiounsroll spillen.

Hie gouf weider vun der Madame de Ventadour erzunn. Am Joer 1717 huet sech e Gouverneur, den Herzog vu Villeroy ëm seng weider Erzéiung gekëmmert. Säi Precepteur war den André Hercule de Fleury, Bëschof vu Fréjus. Him goufe Latäin, Mathematik, Kartographie, Molerei, Astronomie mä och d'Konscht vun der Juegd bäibruecht. D'handwierklech Erzéiung gouf net vernoléissegt: 1717 huet hien Typographie geléiert a 1721 huet hie geléiert mat Holz schaffen. Zanter 1719 hat hien och Musekprofesseren. Mä am Géigesaz zum Louis XIV. hat hien dofir keen Talent an huet falsch gesongen.

Zanter 1721 gouf sech iwwerluecht, mat wiem een de klenge Louis kéint bestueden. De Philippe V., säi Monni a Kinnek vu Spuenien, huet seng Duechter virgeschloen, d'Infantin Marie Anne Victoire, déi knapps 3 Joer hat - de Louis XV selwer hat der nëmmen 11 ! De Régent war averstanen an den 9. Januar 1722 hu sech déi zwee Verlobte fir d'éischt Kéier zu Bidasoa getraff, genee wéi et deemools 1660 de Louis XIV. an d'Maria Theresia vun Éisträich gemaach haten. D'Infantin gouf op Versailles bruecht.

De Louis XV. als Kinnek[änneren | Quelltext änneren]

De Ministère vum Herzog vu Bourbon[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Oktober 1722 gouf de Louis XV. dräizéng Joer al an domat groussjäreg (zanter enger Ordonnance aus dem Joer 1347 vum Charles V.), a gouf zu Reims gekréint. Och wann d'Régence domat op en Enn gaangen ass, sou ass den Herzog vun Orléans awer de wichtegste Personnage vum Kinnekräich nom Kinnek selwer bliwwen. De Kardinol Dubois gouf a senger Funktioun als Premier Minister confirméiert, ass awer am August 1723 gestuerwen. Kuerz duerno ass och den Herzog vun Orléans gestuerwen. Sou koum de Herzog vu Bourbon un d'Muecht. Fir sech d'Zäit ze verdreiwen ass de Louis XV., wéi déi meescht aus senger Famill, vill op d'Juegd gaangen. Den 3. November 1724 ware bei der kinneklecher Juegd vun der Saint-Hubert iwwer 900 Hënn an dausend Päerd bedeelegt.

Wéi de Kinnek erwuesse gouf huet sech d'Fro vun engem Ierwe gestallt. D'Infantin hat awer eréischt sechs Joer. Sou gouf 1725 decidéiert, si zréck a Spuenien ze schécken, a sech no enger neier Fra fir de Kinnek ëmzekucken. Dëst war, zu der grousser Enttäuschung vum Haff, d'Marie Leszczynska, d'Duechter vum Stanislaw I. Leszczynski, Kinnek vu Polen ouni Troun. D'Hochzäit gouf de 5. September 1725 zu Fontainebleau gefeiert.

Soubal si op Versailles zréckkomm waren, huet de Louis XV. decidéiert, den Herzog vu Bourbon erauszegeheien, hie war immens onbeléift ginn. De Louis XV. huet de Mgr. de Fleury un den Haff geruff an den Herzog vu Bourbon an den Exil op seng Lännereien zu Chantilly geschéckt. De 16. Juni 1726 huet de Louis XV. dem Conseil matgedeelt, datt hien eleng regéiere wéilt.

De Kardinol Fleury[änneren | Quelltext änneren]

Vu 1726 bis zu sengem Doud am Joer 1743 huet de Kardinol Fleury d'Geschécker vum Kinnekräich mam Accord vum Kinnek geleet. Dëst war déi friddlechsten Zäit vun der Herrschaft vum Louis XV., och wann et zu klenge Reiwereie mam Parlament vu Paräis an de Janseniste koum. No de finanzielle Verloschter um Enn vun der Herrschaft vum Louis XIV., huet de Gouvernement vum Fleury virun allem versicht ze flécken. Et ass schwéier ze soen, wéi wäit de Kinnek Afloss um Fleury seng Entscheedungen hat, mä de Louis XV. huet säi Precepteur ëmmer ënnerstëtzt a géint d'Intrigen um Haff verdeedegt.

Mat der Hëllef vun de Generalkontrollere vun de Finanze Michel Robert Le Peletier des Forts (1726-1730) a virun allem Philibert Orry (1730-1745), konnt de Fleury de franséische Frang stabiliséieren (1726) a souguer de Budjet vum Kinnekräich equilibréieren (1738). D'wirtschaftlech Expansioun stoung am Zentrum. D'Kommunikatiounsweeër goufe verbessert, virun allem nodeem de Kanal vu Saint-Quentin 1738 fäerdeggestallt gi war, deen d'Oise mat der Somme verbonnen huet a bis op d'Schelde an Holland ausgebaut gouf. Ausserdeem gouf systematesch un engem Stroosseréseau am ganze Land gebaut. D'Ingenieure vun de Ponts et Chaussées hunn eng Partie modern Stroosse gebaut, déi vu Paräis fortgaange sinn, an no deenen deelweis nach haut d'Nationalstroosse verlafen. An der Mëtt vum 17. Joerhonnert hat Frankräich ee vun de modernste Stroossesystemer vun der Welt. Den Handel gouf vum Conseil et Bureau du Commerce ugereegt. De maritimen Handel ass vun 80 op 308 Millioune Livres tëscht 1716 a 1748 geklommen. Allerdéngs konnt d'Industrie duerch d'streng Regele vum Colbert net ganz vun dësem wirtschaftlechen Opschwong profitéieren.

D'Muecht vun der absolutistescher Monarchie huet sech an der Repressioun vun der jansenistescher a gallikanescher Oppositioun bemierkbar gemaach. D'Agitatioun um Kierfecht vu Saint-Médard zu Paräis (eng Grupp Jansenisten hat behaapt, et kéim hei zu Wonner) ass 1732 op en Enn gaangen. Nodeem 139 Parlamentarier an den Exil geschéckt gi waren, huet d'Paräisser Parlament d'Bulle Unigenitus missen enregistréieren a krut verbueden, sech a reliéis Affären anzemëschen.

Wat d'Aussepolitik ugeet, do huet de Fleury ëmmer de Fridde gesicht, ënner anerem duerch eng Allianz mat England a mat Spuenien gouf sech och nees verdroen. Am September 1729 krut d'Kinnigin no enger drëtter Schwangerschaft endlech e Bouf, de Louis, deen direkt den Titel vum Dauphin krut. Dës Gebuert, déi d'Weiderbestoe vun der Dynastie bedeit huet, gouf mat immenser Freed a Frankräich mä och an Europa opgeholl. D'kinneklech Koppel war zu dëser Zäit immens verbonnen an de jonke Kinnek war immens beléift. Duerch d'Gebuert vun engem Jong war och eng eventuell Ierffollegskris aus dem Wee geraumt, déi zu Konflikter mat Spuenien gefouert hätt.

1733 huet sech de Kinnek, trotz der pazifistescher Politik vum Fleury, vu sengem Sekretär fir d'Aussepolitik, dem Germain Louis Chauvelin (1727-1737), iwwerzeege gelooss, an de Polneschen Ierffollegkrich anzegräife, fir sengem Schwéierpapp Stanislaw zréck op den Troun ze hëllefen. D'franséisch Interventioun konnt awer näischt méi um Ausgang vum Krich änneren, an de Stanislaw ass ouni Troun bliwwen. Parallel dozou hat Frankräich geplangt, d'Herzogtum Loutrengen an d'Kinnekräich ze kréien, den Herzog François III. hat geplangt d'Duechter vum däitsche Keeser Karl VI. ze bestueden an domat wieren d'Éisträicher geféierlech no un der franséischer Grenz gewiescht. D'franséisch Truppen hu séier Loutrenge besat an de Fridde war 1735 nees hiergestallt. Nom Traité vu Wien (November 1738) krut de polnesche Kinnek Stanislaw d'Herzogtum, als Kompensatioun fir de Verloscht vum polneschen Troun (no sengem Doud sollt Loutrengen dann u Frankräich falen) an den Herzog François krut d'Groussherzogtum vun der Toskana. Dëse Krich war e grousse Succès fir d'franséisch Diplomatie. Loutrengen ass 1766 nom Doud vum Stanislaw definitiv u Frankräich gaangen an et war déi lescht territorial Expansioun um Kontinent bis zu der Revolutioun.

Kuerz no dësem Resultat koum et ënner franséischer Mediatioun zum Traité vu Belgrad (September 1739) tëscht dem Hellege Réimesche Räich an dem Ottomanesche Räich. De Prestige vum Louis XV. war op sengem Héichpunkt ukomm.

1740 huet den Doud vum Keeser Karl VI. an d'Nofolleg vu senger Duechter Maria Theresia den éisträicheschen Ierffollegkrich ausgeléist. Den ale Kardinol Fleury hat keng Kraaft méi fir sech deem ze widdersetzen an de Kinnek huet dem Drock vun der anti-éisträichescher Fraktioun noginn. 1741 ass Frankräich an de Krich agetrueden an huet sech mat Preisen alliéiert. De Fleury ass nach virum Enn vum Krich gestuerwen, am Januar 1743. De Louis XV. huet beschloss, ouni Premier Minister weiderzemaachen.

Éischt Unzeeche vun engem Beléiftheetsverloscht[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Fleury am Joer 1743 hat de Kinnek 33 Joer. Hien hat schéi Joer mat senger polnescher Kinnigin verbruecht, déi hien ugebiet huet. Bal all Joer huet si e Kand op d'Welt bruecht. Allerdéngs war d'Kinnigin déi dauernd Schwangerschafte leed, an och de Louis huet ëmmer méi den Interessi u senger Fra verluer. Ausserdeem ware bal all d'Kanner Meedercher, wat dem Kinnek net wierklech gefall huet. 1734 huet sech d'Kinnigin fir d'éischt Kéier bei hirem Papp beschwéiert, datt de Louis ontrei wir. De Louis hat sech an d'Madame de Mailly verkuckt, dunn an hir jonk Schwëster Madame de Vintimille, an nodeem si dout war, an eng weider Schwëster, d'Madame de Châteauroux. D'Kinnigin huet sech an d'Relioun geflücht.

Ee Joer nom Doud vum Fleury koum et zu engem Evenement wat d'Perséinlechkeet vum Kinnek staark beaflosse sollt. De Louis XV. war mat sengen Truppen an den Oste gezunn. Am August 1744 ass hien zu Metz schwéier krank ginn, an d'Dokteren hunn ëm säi Liewe gefaart. D'Vollek, wat de Kinnek immens gär hat, huet him den Numm "Bien-Aimé" ginn, an am ganze Land gouf fir hie gebiet. Och d'Kinnigin huet sech op de Wee bei hire Mann gemaach.

Ënner dem Drock vun de Frommen huet de Monseigneur de Fitz-James refuséiert, dem Kinnek d'Absolutioun ouni eng publik Beicht ze ginn, wou de Kinnek als onmoralesch Persoun eriwwerkomm ass, deen et net würdeg war, den Titel Roi Très Chrétien ze droen. Dës kinneklech Beicht huet dem Ruff vun der Monarchie vill geschuet.

D'Madame de Pompadour[änneren | Quelltext änneren]

D'Madame de Pompadour, déi de Kinnek 1745 op engem Maskeball zu Éiere vun der Hochzäit vum Dauphin kennegeléiert hat, war déi bekanntst Maîtresse vum Louis XV. Si war d'Duechter vun engem Financier, schéin, intelligent a kultivéiert, mä biergerlech, wat den Haff dem Louis XV. net verzien huet. D'Maîtresse waren ëmmer aus héijen Adelskreesser a ware sou laang gär gesinn, wéi si keen Afloss op d'Politik haten. Datt de Kinnek sech eng Biergerlech erausgesicht hat, war e Skandal. Et koum zimlech séier zu Sträitbréifer, déi "Poissonades" genannt goufen:

"Fille de sangsue et sangsue elle même
Poisson d'une arrogance extrême
Etale en ce château sans crainte et sans effroi
La substance du peuple et la honte du Roi"

Trotz dëse Kritiken hat d'Madame de Pompadour e groussen Afloss op d'Konscht ënner dem Louis XV. Si hat eng grouss Sammlung vu Miwwelen a klenge Konschtwierker. Si war responsabel fir den Developpement vun der Parzeläinmanufaktur vu Sèvres, an hir Kommanden hu villen Artisten a Kënschtler d'Iwwerliewe geséchert. Si huet och eng grouss Roll an der Architektur gespillt, d'Place Louis XV, haut Place de la Concorde, an d'École militaire zu Paräis, realiséiert vum Ange-Jacques Gabriel, ginn op hir Käschten. Si huet sech och fir d'Encyclopédie agesat. Och wa si de Kinnek net ganz vun hiren Usiichten iwwerzeege konnt, sou war si dach representativ fir d'Bewegung vun de Lumières. Hire grousse Räichtum huet zu ville Kritike gefouert, och wann hir Famill méi wéi eng Kéier de Gouvernement ënnerstëtzt huet.

Offiziell huet d'Madame de Pompadour um drëtte Stack zu Versailles gewunnt, iwwer den Appartementer vum Kinnek. Eng reng kierperlech Bezéiung mam Kinnek hat si awer nëmme bis 1750 a gouf duerno eng vu sengen engste Vertrauten a Frënn.

No 1750 hat de Louis XV. eng Rei vu sentimentale Geschichten déi ëmmer vu kuerzer Dauer waren, am bekanntsten ass d'Relatioun mat der Marie-Louise O'Murphy. D'populär Legend huet déi Evenementer staark iwwerbewäert an huet zu engem schlechte Ruff vum Kinnek bäigedroen. D'Bild vun engem Kinnek deen de Fraen nogelaf ass, huet de Louis XV. net méi lassgelooss och wann hie vun deem Standpunkt aus net vill anescht wéi seng Virgänger François I. oder Henri IV. war.

Éischt Reformversich[änneren | Quelltext änneren]

All déi Affären hunn de Louis XV. awer net dovun ofgehalen ze schaffen, och wann hien net déiselwecht Energie wéi säin Urgrousspapp opweises hat. An de 17 Joer vum Gouvernement vum Fleury hat hien zwar eng Meenung, mä kee kloere Wëllen. Hien hat sech entschloss eleng ze regéieren, an domat et sengem Virgänger gläich ze maachen:

« Écoutez, consultez votre Conseil, mais décidez. »

Allerdéngs hat hien net genuch Selbstvertrauen, fir sech dorun ze halen. Seng politesch Korrespondenz weist awer e grousst Wësse vun den Affären. De Louis XV. hat awer säi Liewe laang de Problem Decisiounen ze treffen, a wann e gezwonge war, séier ze reagéieren, ass dat dacks op eng brutal Aart a Weis gewiescht.

De Louis XV. a Kréinungskleeder

Frëndlech a verständnisvoll konnt sech seng Meenung och séier änneren, wann hien d'Gefill hat, net gutt zerwéiert ze ginn. Seng Ministeren haten e grousse Fräiraum, mä et war net einfach ze wëssen op de Kinnek mat hiren Decisiounen averstane war. De gréissten Deel vun der Aarbecht vum Gouvernement ass iwwer Comitée gelaf, un deenen de Kinnek net deelgeholl huet. Hie souz am Conseil d'en haut, dee vum Louis XIV. an d'Liewe geruff gi war, a sech ëm Relioun, Diplomatie a Krich bekëmmert huet. Et gouf zu där Zäit verschidde "Parteien" um Haff, déi Fromm ënner dem D'Argenson, Staatssekretär fir de Krich, déi sech géint d'Philosophen ënner dem Jean-Baptiste de Machault d'Arnouville, Generalkontroller vun de Finanzen, an ënnerstëtzt vun der Pompadour gestallt hunn. Duerch de Milieu vun der Finanz ënnerstëtzt, huet d'Pompadour Carrière gemaach (Bernis) an zerstéiert (Orry ; Maurepas). Op hire Rot hin huet de Kinnek dem Machault d'Arnouville senger Steierpolitik fir méi Gläichheet zougestëmmt. Fir den Deficit (100 Millioune Livres 1745) vum Kinnekräich erofzeschrauwen, hat de Machault d'Arnouville de Vingtième an d'Liewe geruff, deen och d'privilegéiert Stänn, Adel a Klerus betraff huet (Edikt vu Marly, 1749). Déi nei Steier gouf awer net akzeptéiert a 1751 huet de Louis XV. opginn. Schlussendlech gouf einfach d'Taille erhéicht.

Aussepolitik[änneren | Quelltext änneren]

D'Aussepolitik vum Louis XV. war net immens koherent. D'Period war duerch den Éisträicheschen Ierffollegkrich dominéiert (1740-1748), deen nach ënner dem Fleury ugefaangen hat. An dësem Krich stounge sech Frankräich mat Preisen an Éisträich mat England an Holland géintiwwer. Déi lescht Jore vum Krich hu virun allem grouss franséisch Victoire gewisen, virun allem d'Schluecht vu Fontenoy (1745). No dëser Victoire iwwer d'Englänner hat Frankräich quasi déi ganz haiteg Belsch besat, an de Louis XV. war kuerz virdrun, de grousse franséischen Dram vun der Grenz laanscht de Rhäin ze realiséieren.

Beim Fridde vun Oochen huet Frankräich awer, zu der Iwwerraschung vun alle Bedeelegten, op all seng Eruewerunge verzicht. De Louis XV. hat net datselwecht Temperament wéi säi Virgänger, a war mat engem hexagonale Kinnekräich voll a ganz zefridden. Obscho säi Geste a ganz Europa begréisst gouf, sou huet et him a Frankräich selwer awer geschued. D'Vollek konnt dem Kinnek seng Steieren, seng Maîtressen a seng Ausgabe verzeien, soulaang hien um Schluechtfeld gewonnen huet. No 1748 ass et mat der Beléiftheet ëmmer weider biergof gaangen.

De Wiessel vun den Allianzen[änneren | Quelltext änneren]

1756 huet de Louis XV. d'Säite gewiesselt, obschonn Preisen en traditionellen Alliéierte war. En neien europäesche Konflikt gouf preparéiert. D'Englänner an d'Fransousen hu sech schonn an Nordamerika geschloen, ouni awer kloer de Krich ze deklaréieren. 1755 haten d'Briten 300 franséisch Handelsschëffer a Besëtz geholl, wat eng Violatioun vun internationalen Traitéë bedeit huet. E puer Méint méi spéit, de 16. Januar 1756 hunn England a Preisen en Neutralitéitstraité ënnerschriwwen. Zu Versailles waren d'Philosophe vun dësem Verrot vum Friedrich II. enttäuscht. D'Madame de Pompadour war net immens frou mam Friedrich II., deen och si net immens gebrauche konnt, a souguer ee vu sengen Hënn "Pompadour" gedeeft hat. Während derselwechter Period hunn d'Fransousen e Réckgang vun der éisträichescher Muecht festgestallt. Preise war bei wäitem méi geféierlech. Mam Traité vu Versailles, deen den 1. Abrëll 1756 ënnerschriwwe gouf, huet sech de Kinnek géint seng Ministeren duerchgesat, an ass eng Allianz mat Éisträich agaangen.

Enn August 1756 huet de Friedrich II. Sachsen iwwerfall. D'Preise waren immens brutal, virun allem am Ëmgank mat der Kurfürstefamill, wat ganz Europa schockéiert huet. De Louis XV. huet sech gezwonge gesinn, an de Krich anzegräifen. Den 18. Mee 1756 huet England Frankräich de Krich erkläert. Dëst war de Siwejärege Krich (1756-1763) mat wichtege Konsequenze fir England a Frankräich.

En Attentat op de Kinnek[änneren | Quelltext änneren]

Am Kinnekräich goufen d'Stëmme vun deenen déi sech beschwéiert hunn ëmmer méi haart. Virun allem gouf d'Liewen um Haff an dem Kinnek seng Onfäegkeet ze gouvernéieren ugeprangert. Dëst muss een allerdéngs nuancéieren. Inkompetent war de Louis XV. mat Sécherheet net, bleift awer de Fait datt hie Problemer hat, Decisiounen ze treffen, an et him dacks um Wëlle gefeelt huet. D'Ausgabe vum Haff waren och net méi héich wéi déi vu senge Virgänger oder déi vun aneren europäeschen Häff. Et war allerdéngs d'Meenung a Frankräich zu dëser Zäit.

Robert François Damiens

Vläicht war et dëse Kontext deen de Robert François Damiens dozou beweegt huet, de Kinnek wëllen ëmzebréngen. De 5. Januar 1757, ass den Damiens an d'Schlass vu Versailles erakomm, als eng vu ville Persounen déi seng eng Audienz beim Kinnek erhofft haten. Géint 6 Auer owes koum de Kinnek vu senger Duechter zréck, a wollt a seng Kaross klammen, fir zréck bei den Trianon ze fueren. Den Damien ass iwwer d'Heck gespronge komm, an huet op de Kinnek agestach. De Louis XV hat awer déck Wanterkleeder un, a sou war de Schnatt net déif. Allerdéngs gouf eng Vergëftung gefaart. Den Damiens gouf e puermol gefoltert, fir erauszefannen, op hie Komplizen hätt, mä allen Uschäin no war hien eleng, an hat ze vill de kriteschen Diskussioune vun de Parlamentarier nogelauschtert.

De Louis XV. wollt him verzeien, mä et war den éischte Versuch vun engem Regizid zanter dem François Ravaillac (Henri IV., 1610), a sou koum et zu engem Prozess. Den Damien gouf den 28. Mäerz 1757 op der Place de Grève ënner schlëmme Konditiounen higeriicht. D'Hand mat där hien d'Messer gehalen hat, gouf mat Schwiefel verbrannt, flëssegen Zënn gouf a seng Äerm a Bee geschott, hie gouf gevéierdeelt a säin Torso schliisslech verbrannt.

De Kinnek war schonn därmoossen onbeléift, datt all Sympathie spéitstens bei der grauseger Hiriichtung vum Damiens fleete war. De Louis XV. selwer hat allerdéngs wéineg domat ze dinn, d'Parlament hat d'Strof festgeluecht. Virun allem huet d'Vollek dem Kinnek net verzien, datt hie sech net vun der Pompadour getrennt huet. Den éisträicheschen Ambassadeur huet op Wien geschriwwen:

"Le mécontentement public est général. Toutes les conversations tournent autour du poison et de la mort. Le long de la galerie des glaces apparaissent des affiches menaçant la vie du roi".

D'Enn vum Krich[änneren | Quelltext änneren]

Den Opstig vum Choiseul, ënner der Influenz vun der Madame de Pompadour, markéiert eng gewësse Victoire vun de Philosophen. Nodeem hien den Titel vum Pair de France krut, huet de Choiseul d'Publikatioun vun der Encyclopédie erlaabt, an zu der Opléisung vun de Jesuite bäigedroen. Hien huet d'Struktur vun der Marin a vun der Arméi reforméiert, a versicht d'franséisch Kolonien an den Antillen auszebauen.

No dem Desaster vu Rossbach a villen Defaiten an de Kolonien huet de Choiseul versicht, dem Krich sou séier wéi méiglech en Enn ze setzen. Den Traité vu Paräis war eng schwéier Néierlag fir d'Fransousen, si hunn de Kanada an Indien un d'Englänner verluer.

Opléisung vun de Jesuiten[änneren | Quelltext änneren]

D'Oppositioun zu de Jesuite koum souwuel vun de Janseniste wéi och vun de Gallikaner, de Philosophen an den Encyclopédisten. No der Faillite vum jesuiteschen Etablissement vun der Martinique, wat vum Papp Antoine La Valette geleet gi war, huet d'Parlament den 8. Mee 1761 eng Ordonnance confirméiert, déi besot huet, datt d'Scholde missten ofbezuelt ginn, oder de Besëtz vun de Jesuite ging konfiszéiert ginn.

Et koum zu enger Rei vun Aktiounen, déi all nëmmen drop ausgeluecht waren, den Uerden ze zerstéieren. Ënner der Direktioun vum Abt Chauvin gouf d'Konstitutioun vum Uerden de 17. Abrëll 1762 vum Parlament ausenanergeholl, a Schrëfte vu jesuiteschen Theologe goufen als falsch an onmoralesch duergestallt. De 6. August huet een Arrêt d'Opléisung vum Uerde festgehalen, en Delai vun 8 Méint gouf hinne vum Louis XV. akkordéiert. Nodeem d'Jesuite kee Kompromiss wollten agoen, hu si den 1. Abrëll 1763 missen hir Collègen zoumaachen an den 9. Mäerz 1764 duerfte si keng Jesuite méi sinn, am anere Fall goufe si verbannt. Enn November 1764 huet de Louis XV. en Akt ënnerschriwwen, deen d'Opléisung vum Uerden am ganze Kinnekräich zur Folleg hat.

Enn vun der Herrschaft[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Jore vum Louis XV. senger Herrschaft ware markéiert duerch d'Madame du Barry, déi nei Favoritin déi dem Haff offiziell am Joer 1769 firgestallt gi war. De Minister Choiseul huet kee Geheimnis aus senger Ofneigung fir dës Fra gemaach. De Kinnek huet de Choiseul 1770 erausgeheit, nodeem hien iwwerzeegt war, datt de Choiseul d'Parlamenter net méi am Grëff hat. Hie gouf duerch de René Nicolas de Maupeou ersat, deen am Joer 1768 Garde des sceaux de France gi war, an dee versicht huet, d'Autoritéit vum Kinnek nees hierzestellen. Nodeem d'Membere vum Parlament an de Streik gaange waren, huet de Maupeou si festhuele gelooss. Wéi si nach ëmmer refuséiert hunn, de Streik opzehalen, goufe si exiléiert. Et koum zu enger fundamentaler struktureller Reform. D'Justiz, déi bis dohi vun de Magistraten administréiert gi war gouf eng publik Institutioun mat Fonctionnairen, déi vum Staat bezuelt goufen.

De 26. Abrëll 1774 hu sech éischt Unzeeche vu Waasserpouke beim Louis XV. gewisen.

D'Paräisser Parlament huet de Sonden, 1. Mee 1774, den Nicolas Félix Vandive, Greffier am Grand Conseil, un den Haff geschéckt, fir Neiegkeete vun der Gesondheet vum Kinnek gewuer ze ginn. De Paräisser Libraire Siméon-Prosper Hardy erzielt eis:

"La nouvelle cour du Parlement n'avoit pas manqué, suivant l'usage ordinaire, de députer le nommé Vandive, l'un des premiers principaux commis au greffe de la Grand Chambre et de ses notaires secrétaires, pour aller à Versailles savoir des nouvelles de la santé du Roi. Mais ce secrétaire ne pouvoit rendre compte de sa mission à l'inamovible compagnie que le mardi suivant, attendue la vacance accoutumée du lundi 2 mai".

De Louis XV. ass un de Folgen (Sepsis mat Komplikatiounen un der Long) den 10. Mee 1774, um hallwer véier Nomëttes am Schlass vu Versailles gestuerwen. Hien huet den Troun sengem Enkel hannerlooss, dem Louis XVI.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Legitim Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Maria Leszczyńska hat de Louis XV. 10 Kanner, wouvun der 3 awer schonn am jonken Alter gestuerwe sinn:

Illegitim Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Antoine, Louis XV, Fayard, Paräis, 1985. (ISBN 2-01-279313-4)
  • Michel Antoine, Le gouvernement et l'administration sous Louis XV, CNRS, Paräis, 1978.
  • François Bluche, Louis XV, Perrin, Paräis, 2003. (ISBN 2-262-02021-3)
  • Pierre Gaxotte, Le siècle de Louis XV, Fayard, Paräis, 1972.
  • Pierre Gaxotte, Louis XV, Fayard, Paräis, 1980.
  • Bernard Hours, Louis XV et sa cour, PUF, Paräis, 2002.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louis XV. – Biller, Videoen oder Audiodateien


Virgänger:
Louis XIV.
Kinnek vu Frankräich
1715 - 1774
Nofolger:
Louis XVI.