1347

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

13. Joerhonnert | 14. Joerhonnert | 15. Joerhonnert

1342 | 1343 | 1344 | 1345 | 1346 | 1347 | 1348 | 1349 | 1350 | 1351 | 1352


Dës Säit befaasst sech mam Joer 1347.

Inhaltsverzeechnes

Evenementer [änneren]

  • Den Eduard III. eruewert Calais. Englesch Truppe verdreiwen d'Awunner a sidelen hir eege Leit do un.
  • Ufank vun der éischter Peschtepidemie an Europa zënter 600 Joer. D'Epidemie koum u sech aus China (1331), mä mam Handel ass se am Oktober 1347 op Messina a Sizilien komm an huet sech du via Marseille a ganz Frankräich an an Europa bis erop an Island a Grönland ausgebreet. Iwwer de Brennerpass packt s'et eréischt no zwee Joer. Prag bleift vun dëser éischter Peschtwell ganz verschount. Vun elo un ass d'Pescht erëm d'Gäissel vun der Mënschheet an Europa.
  • Hongersnot a Frankräich duerch de gëftege Roggenpilz Antoniusfeier.
  • De Karel IV. ass definitiv däitsche Kinnek ouni Géigekinnek.

Gebuer [änneren]

Gestuerwen [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: 1347 – Biller, Videoen oder Audiodateien