Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Marseille huet 826 700 Awunner (2005) an ass déi zweetgréisste franséisch Stad. Et ass d'Haaptstad vum Departement Bouches-du-Rhône a vun der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. Marseille ass och de gréissten Hafen vu Frankräich. Marseille gouf schonns am Joer 600 v.Chr. duerch griichesch Matrousen, déi vu Phokäa a Klengasien komm sinn, gegrënnt. Den Numm vu Marseille war zu där Zäit Massilia.
D' Stad huet sech rondrëm den ale griicheschen Hafen entwéckelt, besonnesch am Laf vun der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert.Dësen Opschwong gouf doduerch begënstegt, datt Frankräich eng Kolonialmuecht gouf, a seng Handelsverbindunge mat Algerien an dem Orient staark gewuess sinn. Mä d'Aktivitéite vun der Mieresschëfffahrt hu sech progressiv no der Nordküst vun der Stad an duerno an de sechzeger Joren op déi nei Plaz vu Fos-sur-Mer verlagert.
Kuckeswäertes [änneren]
Fotoalbum vu Marseille [änneren]
-
Palais Longchamp: Musée des Beaux Arts
-
-
-
-