Chef-lieu

Vu Wikipedia

De Chef-lieu ass eng Uertschaft oder eng Stad, déi an enger administrativer oder territorialer Ënnerdeelung eng bestëmmt Funktioun z'erfëllen huet.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg ass ënnerdeelt an 12 Kantonen an 100 Gemengen. Eng Gemeng besteet aus enger oder méi Uertschaften. All Kanton a Gemeng huet säi Chef-lieu. Dat ass déi Uertschaft, wou gemenkerhand de Verwaltungssëtz ass. Den Numm vun der Gemeng muss net identesch mam Numm vum Chef-lieu sinn.

Beispiller:

An der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

De Chef-lieu ass den Haaptuert mam Verwaltungssëtz vun den 10 belsche Provënzen. Dräi dovun hunn der Provënz och hiren Numm ginn: Antwerpen, Léck an Namouer.

A Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

De Chef-lieu vum Departement, allgemeng Prefecture genannt, ass déi Uertschaft oder Stad, wou de Prefet an d'Verwaltung vum Departement an engem Gebai, wat normalerweis och Prefecture, genannt gëtt, hire Sëtz hunn. An all franséisch Regioun huet een Departement méi eng héich Positioun wéi déi aner a säi Prefet dréit den Titel Préfet de la région X…, préfet du département Y… an d'Uertschaft, wou säi Sëtz ass, gëtt als Chef-lieu vun der Regioun oder als Préfecture de région betitelt.

De Chef-lieu vum Arrondissement, allgemeng Sous-prefecture genannt, ass déi Uertschaft oder Stad, wou de Sous-prefet an d'Verwaltung vum Arrondissement an engem Gebai, wat normalerweis och Sous-prefecture genannt gëtt, hire Sëtz hunn. Deen Arrondissement, wou d'Prefecture vum Departement doheem ass, huet kee Sous-prefet a keng Prefecture. De Secrétaire général de la préfecture vum Departement ass gewéinlech zoustänneg fir d'Verwaltung an huet d'Funktioun vum Sous-prefet vun deem Arrondissement.

De Chef-lieu vum Canton huet nëmmen den Zweck fir dem Canton en Numm ze ginn. De Canton ass eng administrativ Ënnerdeelung vum Departement. Normalerweis ass déi Gemeng, déi am meeschten Awunner huet, de Chef-lieu vum Canton, huet haut awer keng administrativ Servicer méi (ausser de Gemengeservicer). Fréier gouf et an all Chef-lieu vun engem Canton eng Gendarmerie, e Steierbüro an e Friddensgeriicht.

De Chef-lieu vun der Gemeng ass den Haaptuert vun der Gemeng a gëtt hir och gemenkerhand den Numm.

An der Schwäiz[änneren | Quelltext änneren]

Den Terme Chef-lieu gëtt gebraucht fir d'Haaptstad vun engem Schwäizer Kanton ze betitelen. A 16 vun de 26 Kantonen an Hallef-Kantonen ass den Territoire an Distrikter ënnerdeelt. All Distrikt huet e Chef-lieu an e Prefet.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Dee klengste Chef-lieu vun der Welt mat 45 Awunner ass Adamstown op der Insel Pitcairn.

Aussprooch[änneren | Quelltext änneren]

Am Wuert Chef-lieu gëtt den „f“ ausgeschwat (grad wéi am Wuert „Chef“ eleng) am Géigesaz zu Chef-d'œuvre, wou den „f“ net ausgeschwat gëtt.