Antwerpen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag of Antwerp (City).svg Antwerpen
Wapenantwerpen.jpg
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Flanders.svg Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Flag of Antwerp.svg Antwerpen
Arrondissement Antwerpen
Telefonszon 03
Postcode 2000, 2018, 2020,
2030, 2050, 2060
Koordinaten 51° 13' 00" N
04° 24' 00" O
Fläch  20.451 ha
Bevëlkerung  482.505 (1. Januar2010)
Lag vun der Gemeng
Lag vun der Gemeng
Grouss Plaz zu Anwerpen mat der Statu vum Ris, deem seng Hand an d'Schelde geworf gouf

Antwerpen, Anvers op Franséisch, ass eng Stad an der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Antwerpen. Opgrond vu senge ronn 480.000 Awunner, ass Antwerpen, no Bréissel (wann een d'Regioun kuckt), déi zweetgréisste Stad an der Belsch an déi gréisst a Flandern.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Et gëtt behaapt, den Numm Antwerpen kéim vum Flämeschen "hand werpen", wat bedeit d'"Hand werfen". No enger Seeche soll de Brabo dem Ris Antigoon, deen d'Schëffsleit terroriséiert a vun hinnen Taxen fir de Passage gefuerdert huet, eng Hand ofgeschnidden hunn a se an d'Schelde geworf hunn. Eng Statu op der Plaz beim Stadhaus erënnert dorun.

Antwerpen war bis zum 16. Joerhonnert eng vun de bedeitensten a räichste Stied an Europa. Dat erkläert och fir wat Antwerpen d'Stad vun der Konscht ginn ass an datt de Moler Pieter Paul Rubens an den Buchdrécker Christophe Plantin do geschafft a gelieft hunn.

Economie an Infrastrukturen [änneren]

Antwerpen ass ee vun de bedeitesten Hafe vun Europa. Hie läit um Floss Schelde (fr.: Escaut). Zu Antwerpen liewen a schaffe vill Judden, déi meescht am Diamantenhandel.

Politik [änneren]

Um politeschen Niveau ass Antwerpen bei de Kommunalwalen vun 2001 doduerch opgefall, datt eng rechtsextreem, separatistesch-nationalistesch Partei, de Vlaams Blok, méi wéi 30% vu de Stëmme kritt huet.

Kuckeswäertes [änneren]

Literatur [änneren]

  • Scribanii, C.: Origines Antwerpiensium
  • Gens: Histoire de la ville d'Anvers
  • Genard: Anvers a travers les âges

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Grouss Plaz, wou de grousse Maart ofgehal gëtt
Vue op d'Lotsenhaus


Commons: Antwerp – Biller, Videoen oder Audiodateien