Flämesch Regioun
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der moderner Regioun Flandern. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Flandern", kuckt w.e.g. Flandern (Homonymie). |
D'Flämesch Regioun (hollännesch: Vlaams Gewest, franséisch Région flamande), dacks just nëmme Flandern (nl.: Vlaanderen, fr.:la Flandre oder les Flandres) genannt, ass eng vun den dräi Regiounen an der Belsch. Offiziell Sprooch ass d'Hollännesch, geschwat gi verschidde Flämesch Dialekter. Flandern huet eng Fläch vun 13.522 km², op där ronn 6 Mio. Awunner liewen. D'Institutioune vun der Flämescher Regioun goufe mat deene vun der der Flämescher Communautéit zesummegeluecht. D'Institutiounen an d'Communautéit hunn hire Sëtz zu Bréissel, dat awer net zu der Regioun Flandern gehéiert an eng eege Regioun ass.
Flandern besteet aus de Provënzen (Haaptstad): Antwerpen (Antwerpen), Ostflandern (Gent), Flämesch Brabant (Léiwen), Limburg (Hasselt) a Westflandern (Brugge). Aner wichteg Stied a Flandern si Mechelen, Kortrijk an Ostende.
Baussent der belscher Regioun Flandern gëtt et Séilännesch-Flandern an Holland an e Streech am Norde vu Frankräich déi och Flandern heeschen.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Déi haiteg Regioun Flandern besteet aus Deeler vun den historeschen Territoirë Grofschaft Flandern, Herzogtum Brabant an Herzogtum Limburg.
Politesch Struktur [änneren]
D'Regioun Flandern besteet aus 5 Provënzen:
|
Economie [änneren]
De BIP ausgedréckt a Kafkraaftstandarden ass a Flandern 116.9 % (bei der Moyenne vun der EU zu 25 op 100) (2003).[1]
Flämesch Kultur [änneren]
Flämesch Literatur [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Sourcen [änneren]
Communautéiten: Däitschsproocheg Communautéit · Flämesch Communautéit · Franséisch Communautéit
Regiounen
Flämesch Regioun: Antwerpen · Flämesche Brabant · Limburg · Ostflandern · Westflandern
Wallounesch Regioun : Hainaut · Léck · Lëtzebuerg · Namouer · Wallounesche Brabant
Regioun Bréissel-Haaptstad
| Commons: Flandern – Biller, Videoen oder Audiodateien |
