Prënzbistum Léck
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Prënzbistum Léck war ursprénglech e Bistum, iwwer dat de Bëschof Notger 980 vum Keeser Otto II. vum Hellege Réimeche Räich och déi weltlech Herrschaftsrechter krut. De "weltlechen" Territoire war awer net deckungsgläich mam kierchlechen (kuckt weider ënnen).
Dëst Prënzbistum huet eng gewëssen Imunitéit genoss a stoung ënner dem Schutz vum Keeser. Et war de facto en halleft onofhängegt Land, dat bis zu der Lécker Revolutioun, 1789-1793, bestanen huet.
Vum 16. Joerhonnert u bis zu sengem Enn war d'Prënzbistum Léck Deel vum Nidderrhäin-Westfälesche Krees.
Dono gouf et nees en 'normaalt' Bistum.
Inhaltsverzeechnes |
Bistum vs. Prënzbistum [änneren]
D'Fürstentum (Principautéit) selwer war ëmmer nëmmen een Deel vum Bistum. An anere Wierder: de Bëschof war iwwerall Bëschof a sengem Bistum, mä "Prënzbëschof" war hien nëmmen a senger Principautéit. Baaschtnech z. B. war am Bistum Léck, awer am Herzogtum Lëtzebuerg. Datselwecht gëllt fir La Roche, Saint-Hubert, Houffalize, Sankt Väit... Bouillon, dat an engem eegenen Herzogtum louch, war och Deel vum Bistum Léck, mä eben net vum Prënzbistum.[1]
Literatur [änneren]
- Jean Lejeune, La principauté de Liège ; Léck (Eugène Wahle éditeur), 3. Oplo, 1980; 232 Säiten (ill., Kaarte, Bibliogr.). ISBN 2-87011-058-8 . Déi 2 éischt Oploën datéiere vun 1948 an 1949.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Bëscheef a Prënzbëscheef vu Léck
- Bistum Léck
- Bonnes villes liégeoises
- Lécker Revolutioun
- Guerre de la vache
| Commons: Prënzbistum Léck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Vgl. z. B.: Jean Lejeune, La principauté de Liège ; Eug. Wahle éditeur, Léck, 1980 (3. Oplo); ISBN 2-87011-058-8 : S. 18 (Kaart vum Bistum) a S. 63 (Kaart vun der Principautéit 1789).