Batavesch Republik

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geschicht vun de Benelux-Länner
Austrasien Frisescht Kinnekräich
Karolingerräich
ca 800–843
  Blason Nord-Pas-De-Calais.svg
Grofsch't
Flandern

9.Jh.–1384
Lotharingien,
dunn
Nidderloutrengen 855–954–977
Wappen Bistum Lüttich.png
Prënzbistum Léck
+

Räichs-
abtei
Stavelot- Malmedy

+
Gules a fess argent.svg
Herzogtum Bouillon

10. Jh.
– 1795
Aner feudal Staaten Luxembourg New Arms.svg
Grofschaft Lëtzebuerg
963–1353
10.–14. Jh.
Blason fr Bourgogne.svg
Burgundesch Nidderld.
Herzogtum Lëtzebuerg
1353–1443
1384–1482
 

Flag - Low Countries - XVth Century.png
Habsburger Nidderlanden
1482–1795
(Siwwenzéng Provënzen, Burgundesche Krees)

(Südlech) Spuenesch Nidderlanden
1549–1713
  Prinsenvlag.svg
Republik vun de
Siwe Vereenegte
Provënzen

1581–1795
Flag of Austrian Low Countries.svg
Éisträichesch Nidderlanden
1713–1795
Lécker Revolut.
1789–92
Flag of the Brabantine Revolution.svg
Vereenegt
nidderlännesch
Staaten

1790
   

Flag of France.svg
Éischt Franséisch Republik
1795–1804
Flag of the Batavian Republic.gif
Batavesch Republik
1795–1806
Premier Empire
1804–15
Flag of the Netherlands.svg
Kinnekräich Holland
1806–10
 
Flag of the Netherlands.svg
Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830
Flag of Luxembourg.svg
Groussherzogtum Lëtzebuerg
zanter 1815

(1815 - 1866 am Däitsche Bond)
(1815 - 1890 Personalunioun)
Flag of the Netherlands.svg
Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830
   
Flag of Belgium.svg
Kinnekräich Belsch
zanter 1830
Flag of the Netherlands.svg
Kinnekräich vun den
Nidderlanden
("Holland")
zanter 1830

D'Batavesch Republik (nl.: Bataafse Republiek) war eng sou genannte Schwësterrepublik, déi no der Franséischer Revolutioun entstanen ass. Si ass aus der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen ervirgaangen a gouf den 19. Januar 1795 ausgeruff. De 5. Juni 1806 gouf se an d'Kinnekräich Holland ëmgewandelt. Den Numm "Batavesch" bezitt sech op d'antikt Vollek vun de Bataver.

Am Ufank vun den éischte Koalitiounskricher (1792–1797) war d'Republik vun de Siwe Vereente Provënzen neutral. Well si awer Groussbritannien, den Haaptfeind vun der Franséischer Revolutioun, finanziell ënnerstëtzt huet, ass se séier an de Konflikt verwéckelt ginn. Den 1. Februar 1793 huet Frankräich de Vereenegten Nidderlanden de Krich erkläert. Am Wanter 1794/1795 sinn déi franséisch Truppen ënner dem Generol Jean-Charles Pichegru an d'Nidderlanden ageréckelt; Amsterdam gouf den 20. Januar 1795 ageholl. Nach virum Enn vun de Kämpf gouf d'Batavesch Republik ausgeruff. Den 28. Januar gouf bei der Insel Texel déi hollännesch Flott u Frankräich iwwerginn.

Kaart mat den Departementer vun der Batavescher Republik 1798, blo markéiert: déi Gebidder, déi 1795 u Frankräich ofgetruede goufen.

De 16. Mee 1795 hunn déi Franséisch an déi Batavesch Republik zu Den Haag e Friddensvertrag ënnerschriwwen, no deem d'Exklave Maastricht, Venlo, Staats-Limburg a Staats-Flandern an déi Éisträichesch Nidderlanden integréiert goufen, déi dunn zu Frankräich gehéiert hunn. Ausserdeem huet d'Batavesch Republik missen eng franséisch Arméi vun 30.000 Mann op hirem Gebitt ënnerhalen. Militäresch bestoung eng Defensiv- an eng Offensivallianz tëscht deenen zwee Länner géint d'Koalitioun (virun allem Éisträich a Groussbritannien).

Am Verglach zu virdru war d'Batavesch Republik, staatspolitesch gekuckt, eng Zesur: Si war en Eenheetsstaat mat enger Zentralregierung. D'Republik krut eng 1795 Verfassung nom Virbild vum Directoire.

1801 gouf et e Staatsstreech, dee vum Napoléon an d'Weeër geleet gi war, fir déi demokratesch Reformen nees réckgängeg ze maachen. 1805 huet den Napoléon de Rutger Jan Schimmelpenninck zum „Conseilspensionär“ ernannt, d. h. zum Staatspresident mat bal absoluter Muecht. 1806 war et eriwwer mat der Batavescher Republik, wéi den Napoleon d'Monarchie agefouert huet a säi Brudder Louis zum Kinnek vum Kinnekräich Holland gemaach huet.

Rév-fran0.jpg Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.