Austrasien

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Austrasien (och Austrien) war den Numm vum ëstlechen Deel vum Frankeräich. Dee westlechen gëtt Neustrien genannt. D'Karolinger kommen aus Austrasien.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Austrasien (deemno Land am Osten) war zënter dem Doud vum Chlodwig I. am Joer 511 bis zum Pippin dem Jéngeren meeschtens e selbstännegt Kinnekräich mat Metz als Haaptstad. Den Territore huet déi fränkesch Gebidder ëm de Rhäin, d'Meuse an d'Musel ëmfaasst, mat ë. a. de Stied Metz, Reims, Köln an Tréier. Do derbäi koumen déi Territoirë vun de germanesche Stämm, déi eruewert gi waren: ënnert dem éischten Deelkinnek Theuderich Alemannien, méi spéit och Thüringen a Bayern.

Wéi ënnert de Karolinger am 8. Joerhonnert d'Räich vereenegt gouf, sinn d'Nimm "Austrasien" an "Neustrien" aus der Geschicht verschwonnen. Ënnert den Nokomme vum Karel dem Groussen ass am 9. Joerhonnert d'Räich nei gedeelt ginn an dat, wat dann Däitschland a Frankräich gouf. Dës Andeelung war awer net deckungsgläich mat där vun Austasien an Neustrie virdrun.

Herzogen a Kinneke vun Austrasien [änneren]

Hausmeier vun Austrasien [änneren]

  •  ??? – 548 Parthemius
  •  ??? – ??? ???
  • 576 – 581 Gogo
  • 581 – ??? Wandalenus
  •  ??? – ??? ???
  • 595 – ??? Protadus
  •  ??? – 600 Claudius
  • 600 – ??? Gundulf
  •  ??? – 612 Landerich
  • 612 – 613 Warnachar
  • 613 – 616 Rado
  • 616 – 623 Hugo Chulus
  • 623 – 629 Pippin I.
  • 629 – 639 Ansegisel
  • 639 – ??? Pippin I. (2. Kéier)
  •  ??? – 642 Otto
  • 642 – 656 Grimoald den Eeleren
  •  ??? – ??? ???
  • 662 – 675 Wulfoald
  • 675 – 675 Leudesius
  • 675 – 679 Wulfoald (2. Kéier)
  • 679 – 714 Pippin II. de Mëttelsten
  •  ??? – ??? ???
  • 716 – 741 Karl Martell
  • 741 – 747 Karlmann
  • 747 – 751 Pippin III. der Jéngeren oder de Kuerzen

Am Joer 751 huet de Pippin sech zum Kinnek wiele gelooss an domatter d'Functioun vum Hausmeier ofgeschaf.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Maps of Austrasia – Biller, Videoen oder Audiodateien