Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich. Fir en allgemengen Artikel iwwer de Krich, kuckt w.e.g. Zweete Weltkrich.
Een Naziopmarsch an der Stad Lëtzebuerg Um Gruef
Couverture vum Dokumentarfilm:"Heim ins Reich"

Wéi dat Däitscht Räich den 1. September 1939, nom Uschloss vun Éisträich, no der Annexioun vum Sudeteland a vu Béimen a Mähren, och nach Polen ugegraff huet, ass d'Faass iwwergelaf a Groussbritannien a Frankräich hunn dem Nazidäitschland de Krich erkläert; domat huet den Zweete Weltkrich ugefaangen.

D'militäresch Okkupatioun[änneren | Quelltext änneren]

Am Lëtzebuerger Raum ass am Ufank net vill geschitt. Während der drôle de guerre, déi den 1. September 1939 ugoung, ass et zwar am Dräilännereck, südlech vu Schengen, zu vereenzelten Zesummestéiss vu franséischen an däitsche Patrulle koum, mä dobäi blouf et. Lëtzebuerg huet seng Neutralitéit zum Ausdrock bruecht an d'Pilote vun engem franséische Fliger, dee bei Feelen noutgelant war, wéinst der Lëtzebuerger Neutralitéit an d'Klinik op Ettelbréck ageliwwert an do bewaacht a festgehalen. Gläichzäiteg gouf laanscht d'Lëtzebuerger Grenzen déi sougenannt Schuster-Linn, genannt no hirem Ustëfter, dem Baukondukter Joseph Schuster, gebaut. Dat ware Spären aus Bëtongsbléck mat eise Paarten, déi am Noutfall am Buedem verankert konnte ginn. Si haten den Zweck, e Virmarsch vun der däitscher Wehrmacht ze verhënneren oder wéinstens ze behënneren, allerdéngs hu se net vill genotzt. Den 10. Mee 1940, um 4:35 Auer, fänkt déi däitsch Offensiv op Lëtzebuerg an op d'Belsch un. Kuerz virum Ugrëff hunn däitsch Sonderkommandoen an Zivil probéiert fir déi Spären ze sabotéieren (wat hinnen allerdéngs zum groussen Deel net gelongen ass) a fir d'Sprenge vun de Brécken ze verhënneren. D'Wehrmacht begéint net vill Widderstand op Lëtzebuerger Säit. Dat läit zum Deel och dorun, datt d'Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an hirer Kasär um Hellege Geescht bliwwen ass. Militäresch gesinn hätte si souwisou keng Chance gehat.

Den Himmler am September 1940 zu Lëtzebuerg

De Géigeschlag vun de Fransouse kënnt um 8 Auer. Elementer vun der 3. liichter franséischer Kavalleriedivisioun (3 DLC), ënnerstëtzt vun der 1. Spahibrigade an der 2. Kompanie vum 5. Panzerbattalioun (5 BCC) kommen duerch de Minett an d'Land a stelle sech den däitschen Truppen entgéint. No e puer klenge Gefechter zéie se sech awer nees hanner d'Maginotlinn zréck.

Géint den Owend vum 10. Mee ass ganz Lëtzebuerg besat.

Déi ganz Lëtzebuerger Regierung, mat Ausnam vum Minister Nicolas Margue, konnt sech nach an der Nuecht zum 10. Mee no Frankräich an duerno, iwwer Spuenien a Portugal, no England duerchschloen. Och der Groussherzogin Charlotte an hirer Famill ass et an allerleschter Minutt gelongen d'Grenz no Frankräich hin ze passéieren. Wéinst de Kampfhandlungen am Süde vum Land huet de ganze Minett missen evakuéiert ginn, een Deel an d'Frankräich an deen aneren Deel, ronn 47 000 Persounen, an den Zenter an an den Norde vu Lëtzebuerg. No Päischten, wéi alles sech berouegt hat an d'franséisch Truppe sech hanner d'Maginotlinn zréckgezunn haten, konnte si eréischt an den zerstéierte Minett zréckgoen. Vum 10. Mee 1940 u war Lëtzebuerg also besat a stoung ënner däitscher Militärverwaltung. Si huet sech op Requisitioune vu Gefierer a Wunnengen an op Moossnamen am Interessi vun der Sécherheet vun den däitschen Truppe beschränkt, mä keng politesch Decisioune geholl.

Ënnerjachung duerch déi däitsch Zivilverwaltung[änneren | Quelltext änneren]

Plakat vum Standgeriicht nom Generalstreik vun 1942
Heiminsreich.jpg

Dat huet sech nom Feldzuch géint Frankräich geännert, wéi de Gauleiter Gustav Simon den 21. Juli 1940 vum Hitler, deem hien direkt ënnerstoung, op Lëtzebuerg als Chef vun der Zivilverwaltung geschéckt gouf. D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg sollt agedäitscht an zum Nationalsozialismus bekéiert ginn. Eng sougenannt Volksdeutsche Bewegung (VDB) gouf vun däitscher Säit ënner dem Motto Heim ins Reich an d'Liewe geruff. Un hirer Spëtzt stoung den Damian Kratzenberg, deen no der Liberatioun vu Lëtzebuerg als Verréider higeriicht gouf. Groussen Drock a Chantage ass op d'Awunner ausgeübt ginn, fir där Bewegung bäizetrieden. Vun der däitscher Zivilverwaltung sinn eng Rei vu Mesurë geholl ginn, déi aussergewéinlech schlëmm Konsequenzen haten an zu Lëtzebuerg an traureger a schmäerzhafter Erënnerung bliwwe sinn, wéi:

  • D'Opléisung vun de politesche Parteien an d'Verhaftung vum Albert Wehrer, deen als Generalsekretär vun der Regierung beoptragt war, an der sougenannter Verwaltungskommissioun hir Interessen ze vertrieden, soulaang si fort war.
  • D'Personenstandsaufnahme vum. 10 Oktober 1941,
  • D'Applikatioun vun den Nürnberger Gesetzer op d'Lëtzebuerger Judden an hir Verschleefung an Internéierungs- a Konzentratiounslageren,
  • D'Aféierung vum Aarbechtsdéngscht fir Jongen a Meedercher,
  • D'Aféierung vun der Wehrpflicht, den 30. August 1942,
  • D'Ëmsiidlung vu Persounen, déi net als volleksdäitsch betruecht goufen,
  • D'Eliminatioun vu Studenten, déi net an d'Hitlerjugend gaange sinn, aus de Kolléischer,
  • D'Eliminatioun aus dem Staatsdéngscht vu Beamten, déi der VDB net bäigetruede sinn,
  • D'Verflichtung vu ganze Schoulklassen als Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer zum Déngscht bei der Flak,
  • D'Internéierung, ouni Prozess, a Konzentratiounslagere vu Lëtzebuerger déi net gekuscht hunn.

Den aktiven a passive Widderstand zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

E Monument erënnert zu Wolz un de Generalstreik vun 1942
Fënnef-Frang-Stéck mat der Groussherzogin Charlotte

Vun Ufank un hunn d'Lëtzebuerger sech géint all Terror a Willkür vun den Nazie gewiert. Aus de fréiere Fënnef-Frangstécker hu se de Kapp vun der Groussherzogin Charlotte mat stole Schnëtzelseeën erausgeschnidden an dovu Spéngele gemaach, déi se amplaz vun de VDB-Spéngelen demonstrativ gedroen hunn. Op déi franséisch Berrien, déi d'Jugend ostentativ gedroen huet, hunn déi Däitsch Juegd gemaach an d'Zeeche vun der franséischer Dekadenz, vum Kapp gerass. Den 21. Oktober 1940 ass an der Stad d'Monument vun der Gëlle Fra ëmgerappt ginn. Déi Aktioun huet grousse Protest ausgeléist. D'Gestapo huet 13 Persoune verhaft.

Wéi dunn de Gauleiter vu Lëtzebuerg,Gustav Simon den 30. August 1942 , déi obligatoresch Wehrpflicht ugekënnegt huet, war d'Faass voll, an et gouf fir d'Lëtzebuerger keen Halt méi. Si hunn op eng hefteg an onzweedäiteg Manéier reagéiert. Lëtzebuerg war dat eenzegt vun de vun Däitschland militäresch besate Länner, wou e Generalstreik ausgeruff gouf. Dat ass den 31. August geschitt fir géint Nazidäitschland ze protestéieren. Zu Wolz ass gestreikt ginn, an dëse Streik huet sech op Dikrech an Ettelbréck ausgedehnt. Op de Schmelze gouf d'Sireen gedréckt an eleng op der Schëfflenger Schmelz hunn 200 Aarbechter opgehale mat schaffen. Bis zum 2. September koum et zu enger Ausweidung vum Streik, ënner aneren op d'Schmelze vun Déifferdeng, Diddeleng, d'Minière vun Téiteng a Rëmeleng. D'Studente vun de Kolléischer sinn doheem bliwwen an d'Baueren hunn hir Mëllech net ofgeliwwert, mä ausgeschott.
De Gauleiter Gustav Simon huet dunn haart duerchgegraff, fir d'Situatioun erëm an de Grëff ze kréien. De Belagerungszoustand ass vun him ausgeruff ginn, an 21 Lëtzebuerger sinn zu Hinzert erschoss ginn. Vill anerer goufe festgeholl a koumen a Konzentratiounslageren. Souguer an der alliéierter Press ass deemools vun deem couragéierten, mä bluddeg néiergeschloenen, Streik zu Lëtzebuerg Rieds gaangen. A souwäit war hien nëtzlech, dat hie verhënnert huet, datt, wéi a Lothringen an am Elsass, nach aner Joergäng an déi däitsch Arméi agezu si ginn. Zu Wolz, dat haart vum uschléissenden Naziterror betraff gouf, erënnert nach haut e Monument un dëse Streik vun 1942.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Resistenz zu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

Juddeverfolgung[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Mee 1940 hunn ongeféier 3700 Judden zu Lëtzebuerg gewunnt. Dräi Joer méi spéit gouf et nëmmen nach ongeféier 20-30 Judden, déi a sougenannte "Mischehen" gelieft hunn. Iwwer d'Hallschent vun der jüdescher Bevëlkerung hat d'Land am Mee 1940 Richtung Frankräich verlooss. Während deenen éischte Méint vun der Besatzung, ënner der Militärverwaltung, gouf déi jiddesch Bevëlkerung net anescht behandelt. Dëst huet sech awer mat der Zivilverwaltung geännert. Eng vun de Prioritéite vum Chef vun der Zivilverwaltung, dem Gustav Simon, war et déi diskriminatoresch Gesetzgebung aus Däitschland zu Lëtzebuerg anzeféieren. Vum 5. September un hunn d'Bestëmmunge vun den Nürnberger Gesetzer och fir déi Judden, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hu gegollt. D'Verordnung betreffend Ordnung des jüdischen Lebens in Luxemburg vum 29. Juli 1941 huet d'Judden net nëmmen aus der Gesellschaft ausgeschloss (z. B. Verbuet fir nach un ëffentleche Manifestatiounen deel ze huelen), mä se huet och éischter wéi an Däitschland een distinktiv gielt Zeeche fir d'Kleeder agefouert.

Nodeem am September eng Massenausweisung verhënnert konnt ginn, konnte bis Enn 1941 ongeféier 1450 Judden emigréieren. Wéi am Oktober 1941 en Auswanderungsstopp deklaréiert gouf, hunn nach ëmmer ongeféier 700 Judden zu Lëtzebuerg gelieft. Déi meeschtens al oder krank Leit goufen am deemolege Klouschter zu Fünfbrunnen (Cinqfontaines) zesummegefouert. Déi 331 Judden déi de 16. Oktober 1941 op Lodz deportéiert goufen, waren déi éischt déi aus engem besate westeuropäesche Land an den Osten transportéiert goufen. Just 43 vun deene 683 deportéierte Judden hunn iwwerlieft.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Juddentum zu Lëtzebuerg an am Artikel Shoah zu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

D'Liberatioun[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Alliéiert de 6. Juni 1944 an der Normandie gelant waren an hinnen de 27. Juli 1944 den Duerchbroch zu Avranches gelonge war, wousst jiddwereen zu Lëtzebuerg, datt d'Liberatioun vum Land nëmme méi eng Fro vun der Zäit wier. Aus Angscht vun den Alliéierten hunn dunn Enn August, Ufank September 1944 déi lescht däitsch Zaldoten, a mat hinnen och déi däitsch Zivilverwaltung d'Land verlooss, fir sech hanner de Westwall a Sécherheet ze bréngen.

Den 10. September 1944 huet dunn d'Klack vun der Liberatioun duerch d'Amerikaner geschloen. D'Freed, fir endlech vum Nazijach befreit ze sinn, war immens grouss. Se war ëmsou méi grouss, well och de Prënz Jean a säi Papp, de Prënz Felix, an engem amerikanesche Jeep dobäi waren. D'Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sinn aus hire Verstopper komm, eng Miliz huet sech gebilt an huet d'Muecht virleefeg iwwerholl.

Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel oder Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

D'Nazikollaboratioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Nazikollaborateuren, déi sech net aus dem Stëbs gemaach haten, goufe festgeholl an d'Meedercher, déi sech ze vill intim mat den Däitschen agelooss haten, kruten de Kapp geschuer.

D'Lëtzebuerger Nazikollaborateure ginn no der Liberatioun vun der Miliz festgeholl

D'Zuel vun de Lëtzebuerger, déi mat den Nazie kollaboréiert hunn, war staark begrenzt, mä déi déi kollaboréiert hunn, ware meeschtens zu alle Schandtate bereet. Nom Krich si se dofir och bestrooft ginn.

Mëtt 1945 souze 5101 Lëtzebuerger, 2857 Männer an 2244 Fraen, 1,79 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung, wéinst hirer politescher Aktivitéit am Prisong. 12 Kollaborateure goufen zum Doud veruerteelt an am Kasärenhaff erschoss, 249 goufen zu Zwangsaarbecht veruerteelt, 1366 zu Prisongs- a 645 zu Zuchthausstrofen. Ronn 0,80 Prozent vun der Bevëlkerung goufen also geriichtlech bestrooft.

Ausser hirer politescher Aktivitéit hate si sech och fir hir Aktioune géint d'Judden, fir de Verrot vu verstoppten Zwangsrekrutéiert a fir d'Bespëtzelung vun der Lëtzebuerger Populatioun ze veräntweren.

Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och Zweete Weltkrich an Ardennenoffensiv
Déi zweet Liberatioun vun Ettelbréck no der Ardennenoffensiv, copyright Patton-Musée

D'Ardennenoffensiv war dat schroost, wat Lëtzebuerg jee erlieft huet. Keen hat nämlech erwaart datt déi Däitsch nach eng Kéier géifen erëmkommen.

Den däitschen Duerchstouss[änneren | Quelltext änneren]

Wéi d'Amerikaner den 10. September 1944 Lëtzebuerg liberéiert hunn, hu si versicht, bei Wallendorf (Däitschland), do wou d'Our an d'Sauer leeft, duerchzestoussen. Dat ass hinnen iewer net gelongen a si hate grouss Verloschter. Och well se Schwieregkeete mam Noschub haten, hu si doropshin un der Lëtzebuergesch-däitscher Grenz virleefeg Halt gemaach. D'Grenz war allerdéngs deemools schwaach vun amerikaneschen Truppe besat. Lëtzebuerger Milizen hunn haaptsächlech do zirkuléiert. Déi Veianer Miliz (oder Veiner Miliz) hat zum Beispill d'Veianer Schlass besat a konnt vun do aus gesinn, wat sech op der däitscher Säit ofspille géif. Verschiddentlech huet se och däitsch Stousstruppen, déi no Lëtzebuerg luusse komm si, verjot. Ufank Dezember 1944 ass et der Veianer Miliz opgefall, dat op der anerer Säit eng grouss militäresch Aktivitéit war. D'Miliz huet d'Amerikaner dunn doriwwer ënnerriicht, mä déi hunn näischt dropginn.

Déi grouss Iwwerraschung koum de 16. Dezember 1944, wéi déi éischt Granaten zu Dikrech explodéiert sinn an d'Miliz vu Veianen sech a Richtung Dikrech-Ettelbréck ofgesat huet, mat der Noriicht: "D'Preise sinn duerchgebrach a kommen erëm". Vun der Nordspëtzt vum Land bis op Iechternach hunn déi däitsch Arméie mat 240 000 Zaldoten hir Ardennenoffensiv gestart a Richtung Hafe vun Antwerpen. Bezweckt war fir déi amerikanesch Truppe vun hirem Noschub ofzeschneiden a gläichzäiteg e Käil tëscht si an déi englesch Truppen ze dreiwen. Zwar hunn déi 83 000 Amerikaner, déi hinne géigeniwwerstoungen, sech zéi gewiert. Mä si konnten net verhënneren, datt net nëmmen déi belsch Ardenne mä och d'ganzt Éislek bis erof op Iechternach erëm vun der däitscher Iwwermuecht besat gouf. Dat schlecht Wieder, dat den Asaz vun der amerikanescher Aviatioun verhënnert huet, war den däitschen Zaldote behëlleflech. Hir nei Taktik huet dora bestanen, datt se d'Haaptstroossen evitéiert hunn a sech op Nieweweeër deplacéiert hunn. Nuets hu se mat Projekteren de Lëtzebuerger Himmel ofgeliicht, fir hiren Arméien d'Marschrichtung unzeginn.

De Generol Patton huet d'Entscheedung erbäigefouert[änneren | Quelltext änneren]

Déi 3. Arméi vum Generol Patton, déi vun der Saar-Front ofgezu ginn ass, huet dunn d'Entscheedung erbäigefouert. Direkt no Chrëschtdag, wéi d'Wierder sech opgekläert huet, ass et him mat Hëllef vun der amerikanescher Aviatioun gelongen, déi ageschloss belsch Stad Baaschtnech ze liberéieren.

De 7. Februar 1945 huet déi 3. US-Arméi vum Generol Patton d'Grenzflëss Sauer an Our passéiert. A wéi och nach déi 6. US-Kavalleriegrupp den 12. Februar 1945 Veianen zréckeruewert huet, war ganz Lëtzebuerg erëm fräi.

Lëtzebuerg no der Ardennenoffensiv[änneren | Quelltext änneren]

Zu Ettelbréck war d'ganz Groussstross ausgebrannt
D'Groussherzogin Charlotte besicht dat zerstéiert Éisleck

De Krichschued am Éislek war grouss. Mat groussem Asaz huet d'Regéirong d'Rekonstruktioun virugedriwwen. D'Equippen aus dem Zenter vum Land an aus dem Minett, déi dofir agesat goufen, hu Grousses geleescht.

Direkt wéi d'Groussherzogin Charlotte erëm war, huet si dat zerstéiert Éislek besicht an e staarken Undeel um Leed vun der Populatioun geholl.

Zesummegefaasst[änneren | Quelltext änneren]

Vun alle besate Länner huet Lëtzebuerg, no Polen, pro Kapp vun der Bevëlkerung, déi héchst Zuel vun Affer beklot.

  • Affer vu Mënschen
    • Am Ganze sinn 11.160 jonk Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 - 1927 zwangsrekrutéiert ginn. 2.572 sinn ëmkomm, 96 ginn nach ëmmer vermësst (25,50 % Doudeger a Vermësster). 3.510 (31,43 %) konnte sech dem Wierdéngscht an der Wehrmacht entzéien oder sinn un der Front desertéiert. 1.551 si mat schwéiere kierperlechen oder séilesche Schied heem komm. Ënner hinne waren 326 Schwéierverstümmelter, 469 Verwonnter a 756 Kranker. 3.614 jonk Meedercher hu missen an de RAD-Aarbechtsdéngscht oder an de Krichshëllefsdéngscht. 56 si gestuerwen an 2 vun hinne ginn nach ëmmer vermësst.
    • 3.963 Lëtzebuerger goufen tëscht 1940 a 1945 an e Konzentratiounslager gestach oder koumen an de Prisong. 791 vun hinne si gestuerwen, 4.187 Persoune goufen ëmgesidelt, 640 Persounen hunn aus politesche Grënn hir Plaz verluer a vill Lëtzebuerger Beamten, besonnesch Professeren, goufen no Däitschland zwangsverflicht an op hirer Plaz duerch däitsch Nazien ersat.
    • Vun den 3.500 Judden, déi virum Krich zu Lëtzebuerg gelieft hunn, sinn 71 % ëmkomm.

600 Zivilpersounen hunn duerch Krichsawierkungen hiert Liewe gelooss (haaptsächlech während der Ardennenoffensiv).

  • Materielle Schued

De Jos Schroeder, deen nom Krich der Regierung als Commissaire à la Reconstructioun ugehéiert huet, huet folgende Bilan opgestallt: Vun den 58.069 Gebaier déi 1935 bestanen hunn, goufen der ronn 18.000 (ongeféier 1/3) sinistréiert, an zwar:

  • 10.650 goufen tëscht 0 an 25 % beschiedegt
  • 03.690 goufen tëscht 25 a 50 % beschiedegt
  • 01.585 goufen tëscht 50 an 80 % beschiedegt
  • 02.070 goufen tëscht 80 an 100 % beschiedegt
  • Et gouf ausgerechent, datt dee Schued am Ganzen 3,5 - 4 Milliarden deemoleg Frangen erreecht huet. Wann en de Schued un den ëffentlechen Infrastrukturen, wéi Eisebunn, Stroossen, elektrescht Netz an Telefoninstallatioune matberücksichtegt, da kënnt een op 5 Milliarden deemoleg Frangen oder 18.000 Frang pro Kapp vun der Populatioun.

Album mat Fotoe vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]


Ënner der Nazizivilverwaltung
D'Lëtzebuerger Resistenz
D'Liberatioun
Lëtzebuerg an der Ardennenoffensiv

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marcel Scheidweiler, Lëtzebuerg am zweete Weltkrich, bande dessinée & DVD fir Kanner a grouss Leit, 46 S, gratis, info@nortic.lu
  • Collaboration: nazification? - le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise, erausgi vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven, eng 1.Oplo vu 400 war séier vergraff; 2008 koum am Dezember eng zweet Oplo vu 400 eraus, déi iwwerschafft a verbessert war.
  • … ët wor alles nët esou einfach. Fragen an die Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, 2002.
  • Lucien Blau, Histoire de l'extrême-droite au Grand-Duché de Luxembourg au XXe siècle, Esch-sur-Alzette, 1998
  • Paul Dostert, Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe, Luxemburg, 1985
  • Evy Friedrich, Lëtzebuerger am Krich 1940 - 1945: eng kleng Natioun erzielt. Club des jeunes Ell. Sankt-Paulus-Druckerei, Lëtzebuerg, 2001. 590 S. ISBN 2-9599925-1-2
  • Charles B. MacDonald, 1984. The Battle of the Bulge. Weidenfeld and Nicholson, London.
  • Jean Milmeister, 1994. Die Ardennen-Schlacht 1944-1945 in Luxemburg. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg.
  • Fritz Rasqué, 1946. Das Oesling im Krieg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg.
  • John Toland, 1960. Die Ardennenschlacht 1944 (Originaltitel: Battle: The Story of the Bulge). Alfred Scherz Verlag, Stuttgart.
  • Joseph Maertz: Luxemburg in der Rundstedt-Offensive: das Duell Patton - von Rundstedt in den Oeslinger Bergen. Sankt Paulus-Druckerei, Luxemburg, 1947, 477 S.
  • Paul Weber, 1948. Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg. Victor Buck, Lëtzebuerg, 159 S.
  • Robert Krantz: Luxemburgs Kinder unter dem Nazi-Regime. 1940 - 1944. Ein Dokumentarbericht; 3 Bänn:
Band I - Der Versuch einer ideologischen Umerziehung; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 1997, ill. 823 S. ISBN 2-87963-280-3
Band II - Erziehung zum Krieg; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2001, ill. 1043 S. ISBN 2-87963-370-2
Band III - "Auslese" für ein tausendjähriges Reich?; Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2002, ill. 855 S. ISBN 2-87963-404-0
  • Robert Krantz: Die politische Satire gegen das Nazi-Regime. Witz, Spott, Humor und Karikatur in Luxemburg, mit Beiträgen von Paul Lesch und Fränk Schroeder; Esch-sur-Alzette, Éditions Kremer-Muller, 2010; 208 Säiten ill. ISBN 978-2-919978-11-3
  • Hans-Erich Volkmann: Luxemburg im Zeichen des Hakenkreuzes : eine politische Wirtschaftsgeschichte 1933 bis 1944. Schöningh, Paderborn, 2010. ISBN 978-3-506-77067-7

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.